Moskito / FJD
FJD presents: Business Bistro
D'Federation des Jeunes Dirigeants, kuerz FJD, presentéiert Mount fir Mount eng nei Episod vum Business Bistro. An dësem Podcast schwätzen déi aktuell Presidentin vun der FJD, Carole Retter, an de Georges Krombach labber iwwert hier Business Insights, et gi spannend "Comptoirsgespréicher" mat exklusive Gäscht aus der Lëtzebuerger Businessszene an natierlech dierf wéi an all Podcast e bësse Gossip och net feelen.
Author
Moskito / FJD
Category
Podcast website
Latest episode
Jun 10, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
S3#7 - Maxim Straus 10.06.2026 1:33:59
Maxim Straus Straus oder Strauss – that’s the question. Mir fänken dësen FJD Business Bistro mat der grousser Fro u firwat de Georges esou midd ausgesäit. Wann een da bis weess dass hien den Dag virdru réischt vum faméisen FJD Study Trip zeréck koum, da versteet een. E bësse Gossip gëtt natierlech och erzielt, ier de Georges an d’Carole e bësse mei philosophesch ginn an iwwer richtege Räichtum sch...
S3#6 - Caroline Mart 14.05.2026 1:31:07
Caroline Mart Wat huet Jurassic Parc mat FJD ze dinn? An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir déi grouss Chance d’Grande Dame oder wéi si sech och mol selwer genannt huet, den Dinosaurier vun der Lëtzebuerger Télé zu Gaascht – d’Caroline Mart. An dat ob hirem éischte richtegen Dag vun hirer wuelverdéngter Pensioun. Een interessant Gespréich iwwer hir Ufäng an engem absolut Männerdominéierte...
S3#5 - Alexa Ballmann 27.04.2026 1:26:55
Alexa Ballmann Vum Manzilian bis zum Mindestloun – d’Kinnigin vun der Schéinheet zu Lëtzebuerg bei eis um Dësch. Dir wollt schonn ëmmer wëssen, wat e Manzilian ass? Oder éischter, wéi et der Schéinheetsindustrie zu Lëtzebuerg wierklech geet? An dëser Episod vum FJD Business Bistro hu mir keen anere wéi d’Alexa Ballmann als Gaascht. Mir schwätze mat hir iwwer hire Wee an d’Selbststännegkeet, wéi e...
S3#4 - Joé Schmit & Steve Vermeer 27.03.2026 1:13:03
Steve Vermeer & Joé Schmit Immobilien zu Lëtzebuerg —Vum Goldrausch zur Kaffispaus? Dir erënnert iech nach un déi Zäiten, wou all Gaarde-Schapp zu Lëtzebuerg fir eng Millioun Euro verkaaft gouf? Déi schéi gëllen Zäiten... Mä wat ass eigentlech geschitt zënter 2022? An dëser Episode vum FJD Business Bistro sëtze mir zesumme mat zwee Männer aus der Praxis: dem Joé Schmit vu Simpact a dem Steve Verme...
S3#3 - Chris Haentges 13.03.2026 1:25:13
Episod 4 vum FJD Business Bistro zesumme mam Chris Haentges vum Asport an Omonia. Des Episod huet d’Carole an de Georges richteg un d’schweesse bruecht. Si hunn et sech net huele gelooss fir den Omonia selwer testen ze goen. Si hunn hir feshsten Gym Kleeder ausgepak an hu souwuel de Spinning wei och de BootCamp fir Iech getest. Den Outcome gesitt dir am FJD Afterwork Channel. Mee ier si mam Chris...
S3#2 - Laurent Loschetter 06.02.2026 1:33:03
D’Saison 3 vum FJD Business Bistro gëtt ënnerstëtzt vun der FJD hiren 3 Gold-Partner: Arnold Kontz Group, Félix Giorgetti a Goeres Horlogerie. D’ Saison 3 vum FJD Business Bistro geet weider wéi se ugefaang huet – mat staarke Geschichten, witzegen Anekdoten an natierlech e puer Insights a Gossip deen een definitiv néirens aneschters nolauschtere kann. Ausser vläicht live am richtege Bistro. Mir fä...
S3#1 - Benji Kontz 17.12.2025 1:20:23
D'Saison 3 vun dësem Podcast gëtt ënnerstëtzt vun der FJD hiren 3 Gold-Partner: Arnold Kontz Group, Félix Giorgetti a Goeres Horlogerie. Endlech si mer zeréck mat der Saison 3 vum FJD Business Bistro - de Podcast fir déi bësse mei locker Gespréicher iwwert Business zu Lëtzebuerg. Dëst Joer dréit sech bei der FJD alles em de berühmte Lëtzebuerger Slogan: Mir wëlle bleiwe wat mir sinn. Oder besser e...
S2#9 - Catherine Wurth 15.10.2025 1:06:39
Déi lescht Episode vun der Saison 2 fir den FJD Business Bistrot Podcast. Eng lescht Episode am Kader vum Thema “Navigating Extremes”. Des Kéier geet et em Extreme Job Changes zesumme mam Catherine Wurth. D’Catherine huet virun engem Joer decidéiert seng Karriär als Head of Sustainability an enger grousser Finanzinstitutioun opzeginn an an ee komplett aneren Domaine ze wiesselen – dee vun der Econ...
S2#8 - Claude Wagner 11.09.2025 1:38:26
D’Summerpaus ass eriwwer a mir sinn zeréck. Des Kéier mam “archétype du multi-entrepreneur” – dem Claude Wagner. Ir et bei de Claude geet, geet et beim Georges a Carole iwwert all méiglech Sujet - vum Axl Rose iwwert Sportswear bbis zu Cargo Bikes an der Staat a an de Gemenge. Dono schwätzen si mam Claude iwwert seng Escher Hierkonft, seng vill Betriber, säi Wee dohinner, d’Challenge a wei een et...
S2#7 - Luc Frieden 21.07.2025 1:18:32
Déi lescht Episode virun der Mini-Summer Paus an des huet et natierlech a sech. Mir schwätze mat kengem anere wéi mam wichtegste Mann vu Lëtzebuerg – eisem Premier Minister Luc Frieden. De Georges an d’Carole goufen ob d’Place Clairefontaine invitéiert wou si mam Mann vun der Natioun iwwer d’Aktualitéit schwätzen: Pensioune, Depense, Spuermesure, Lëtzebuerg am international Kontext an d’Zukunft vu...
S2#6 - Anne Kaiffer 12.06.2025 1:08:42
1 Carnivore, 1 Metzler an 1 Vegetarier an engem Raum ob engem Méinde Moien – dat kann nëmmen interessant ginn. Haut als Gaascht: Anne Kaiffer**: Metzlermeeschtesch (déi eenzeg aus dem Land), Patronne vu Boucherie Kaiffer – engem Familljebetrib a 4ter Generatioun – Mamm, Jeeër, Presidentin vun der Liewensmëttel Federatioun an och nach politesch aktiv an der Stater Gemeng. Eng absolut Powerfra also.
S2#5 - Carole Muller 22.05.2025 1:12:35
Mir sin ganz frou fir d’Carole Muller och nach bekannt als “la personnalité économique la plus influente de l’année” bei eis am Studio ze begréissen an schwätzen mat him iwwert de Retail zu Lëtzebuerg, de Discours iwwert d’Öffnungszäiten oder awer och nach iwwer seng verschidden Kaapen.
S2#4 - Jean-Paul Olinger 30.04.2025 1:08:55
Alles wat dir schonn ëmmer iwwert är Steiererklärung wësse wollt a villes méi... dorëm geet et an der neier Episode vum FJD Business Bistrot.
S2#3 - Fernand Ernster, Annick Ernster Jaaques & Paul Ernster 11.03.2025 1:35:17
Déi 2t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. Och des Kéier schwätze mir rëm iwwer "Business as usual" mee mat zwee ganz atypesche Léit: dem Aline Bourscheid an dem Clovis Degrave - the rising stars vun der Lëtzebuerger Gastronomie's Szene. De Georges an d'Carole froen si alles vun doriwwer wei déi 2 sech kennegeléiert hunn, wat si moies opstoe léisst bis zu wéi eng nei Projete vläicht scho rë...
S2#2 - Aline Bourscheid & Clovis Degrave 25.02.2025 1:06:47
Déi 2t Episode vum FJD Business Bistrot fir 2025. Och des Kéier schwätze mir rëm iwwer "Business as usual" mee mat zwee ganz atypesche Léit: dem Aline Bourscheid an dem Clovis Degrave - the rising stars vun der Lëtzebuerger Gastronomie's Szene. De Georges an d'Carole froen si alles vun doriwwer wei déi 2 sech kennegeléiert hunn, wat si moies opstoe léisst bis zu wéi eng nei Projete vläicht scho rë...
S2#1 - Launch Season 2 - Extremes 23.12.2024 1:04:51
Et huet e bësse gedauert mee elo geet et endlech weider: déi éischt Episode vun der Saison 2 vum FJD Business Bistro - De Podcast vun der FJD wou de Georges an d'Carole all Mount mat engem oder mei Gäscht iwwer "Business as usual" hei zu Lëtzebuerg bleiwen. Fir de Launch vun der 2ter Saison hunn si keen anert wéi d'Präsidentin vun der FJD - d'Stéphanie Damgé - an de Studio ob Steesel invitéiert. Z...
#11 - Special: AI - Kënschtlech Intelligenz 15.10.2024 46:28
An dëser leschter Episod vun der Saison 1 vum FJD Business Bistro Podcast hunn de Georges an d'Carole rëm 2 Special Guests ob Besuch - de Paul Konsbrück vu LuxConnect an de Patrick Malget vun taxx.lu a salaray.lu. Mat hinne schwätzen si iwwert d'Thema wou momentan keen dolaanscht kennt: d'AI oder Kënschtlech Intelligenz. Et geet em d'Vir-an Nodeeler, AI an der Educatioun an awer och wat dat un Dat...
#10 - Special: Ekonomesch Instabilitéit & Neo-Ökologie 11.09.2024 1:00:39
Déi éischt vun 2 Special Edition Shows vum FJD Business Bistro. Der FJD hiert Joer stoung dëst Joer ganz ënnert dem Thema “Transformatioun”. Déi nei Memberen hunn als Tâche kritt sech zu verschiddenen Themen déi am Moment Transformatioun dreiwen, méi ze informéieren an ze kucke wei des Drivers Lëtzebuerg a besonnesch eisen Ecosystem an eis Betriber an Entreprise affectéieren. An dëser éischter “Sp...
#9 - Georges Zahlen (Axiomatic) 08.09.2024 1:13:51
Am Comptoirsgespréich geet et des Kéier beim Georges a Carole em d’Olympesch Spiller an hir Vakanzen Destinatioune. E puer Zuele a Statistiken sin natierlech och rem dobei. Am Deep Dive geet et mam CEO a Matgrënner vun Axiomatic, dem Georges Zahlen, iwwert den Tissue économique vu Lëtzebuerg, d’Périnnitéit vun de Lëtzebuerg Betriber an och iwwert déi grouss Défise an Opportunitéiten déi an den näc...
#8 - Mike Koedinger (Maison Moderne) 31.07.2024 1:11:44
An der Episod 8 vum FJD Business Bistro geet et em d'Mediewelt an natierlech besonnesch iwwert d'Medien zu Lëtzebuerg. Wat liesen d'Carole an de Georges oder sinn och si schonn Opfer vu Social Medie ginn a liesen iwwerhaapt keng geschriwwe Presse mei? Wei ass d'Presse Hëllef hei am Land opgebaut a ween kritt wat? All dat gitt der am Deep Dive tëschent dem Carole an dem Georges gewuer. Am Comptoirs...
#7 - Laurent Schonckert (Cactus) 18.06.2024 1:12:46
Am Comptoirsgespréich deelen de Georges an d’Carole hir Akafsexperienzen zu Lëtzebuerg, an de Georges huet wéi ëmmer e puer interessant Zuelen zur Hand. Am Deep Dive geet et mam administrativen Direkter vum Cactus, dem Laurent Schonckert, iwwert d’Zukunft vum Supermarché sou wéi mir e kennen, iwwert dem Cactus säin neie Slogan “Mat Häerz dobäi”, awer och iwwert déi ëmmer méi grouss international...
#6 - Marc Thein (Socom) 30.04.2024 1:08:52
Am Deep Dive schwätzen de Georges an d’Carole zesumme mam Marc iwwert seng Aventuren an der éischter Lëtzebuerger Photovoltaik-Produktiounsfirma, doriwwer wei een op d’Iddi kënnt sech mat esou eppes als Konkurrenz zu den asiatesche Produiten ze lancéieren, mä och iwwert dem Marc seng vill Hobbyen a Passiounen déi vu Sport, iwwert kachen an engem eegene Wäibuttek alles couvréieren. Virdru gëtt et e...
#5 - Betty Fontaine (Brasserie Simon) & Carole Bentz (Domaine Claude Bentz) 13.03.2024 1:01:00
An der 5ter Episod vum FJD Business Bistro schwätzen de Georges an d’Carole iwwert d’Zukunft vum Schisport a ginn e puer interessant Zuelen zum Alkoholkonsum an Europa. Am Deep Dive waren d’Betty Fontaine vun der Brasserie Simon an d’Carole Bentz vum Domaine Viticole Claude Bentz op Besuch. Vun der Zukunft vum Béier, respektiv Wäin a Cremant, iwwert d’Opportunitéiten am Alkoholbusiness, der Positi...
#4 - Misch Strotz (Neon Internet) 21.02.2024 50:34
An der 4ter Episod vum FJD Business Bistro schwätzen de Georges an d’Carole iwwert hir Fues-Experienzen an den neien Apple Vision Pro Brëll. Am Deep Dive war de Misch Stroz vun Neon Internet op Besuch. Zesumme mat him schwätzen eis 2 Hosts iwwert d’Opportunitéiten , d’Challengen an d’Zukunft vun a mat der kënschtlecher Intelligenz. Lauschtert eran.
#3 - Patrick Hoffmann (Floreal) & Philippe Wagener (Philippe Loschetter) 23.01.2024 55:56
An der 3ter Episode vum Business Bistro schwätzen de Georges Krombach an d’Carole Retter iwwert hiere Joreswiessel an treffen am Deep Dive ob de Philippe Wagener an de Patrick Hoffmann. 2 Business Männer déi allen 2 hire gréngen Daum entdeckt hunn an dëst elo als Haaptkarriär verfollegen. Desweideren zielt de Georges e bëssen iwwert d’FJD Theaterstéck - De Knéckjang - eng absolut Première zu Lëtze...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.