Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Evergreens by Spuerkeess
Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.
Be sure to visit the podcast's website and support the creator: journal.lu
Author
Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Category
Podcast website
Latest episode
Nov 13, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Faarf bekenne bei der Nohaltegkeet 28.07.2022 40:44
Als Verbraucher ass ee frou, wann ee bei sengen Investitioune geschützt gëtt an alles transparent ofleeft. Dofir suergt d’Direktiv ronderëm d’Marchéë fir Finanzinstrumenter, kuerz MiFID II genannt. Ab August 2022 muss e Client vum Beroder oder Portfoliomanager och no senge Präferenzen a punkto ESG, also Nohaltegkeet, gefrot ginn, fir säi Profil ze completéieren. Wat bréngen déi zousätzlech Date ko...
Mat Geld eppes Positives bewierken 24.06.2022 42:05
Den Impact Investing stellt nach eng relativ kleng Kategorie vum weltwäit investéierte Geld duer, mee am Zäitalter vun der Nohaltegkeet kritt si eng ëmmer méi grouss Bedeitung. D’Fro stellt sech allerdéngs, wéi een als klengen, privaten Investor Zougang dozou kritt a wou d’Risike par rapport zu aneren Investissementer leien. Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D’Annemar...
Ketten-Revolutioun mat der Blockchain 26.05.2022 40:39
Déi sougenannten Distributed-Ledger-Technologie gëtt vu ville Leit als revolutionäre Schrëtt an eng nei Ära gesinn. An am Hibléck op Web3 a Co. sinn d’Verwendungszwecker vun der Blockchain effektiv onendlech. Et gëtt ëmmer méi spannend Entwécklungen, déi de prakteschen Notze vun esou enger dezentraliséierter, fälschungssécherer Datebank ënner Beweis stellen. Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari m...
Firwat ass Private Equity wichteg? 28.04.2022 42:02
Jidderee schwätzt vu Private Equity, mee déi mannst wëssen, wat dat ass. Dobäi geet et ëm en essentiellen Deel vun der Finanzwelt, a besonnesch fir kleng a mëttel Entreprisen ass PE wichteg, fir dat laangfristegt Iwwerliewen ze sécheren. Et geet ëm Know How, Nohaltegkeet an d'Aarbechtsplaze vu muer. Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Stéphane Pesch representéiert al...
Cryptomania an den Notze vun digitale Wärungen 24.03.2022 41:55
D'Pandemie huet den Opschwong vu Crypto-Geld befligelt. Mee nach ëmmer gëtt et vill Skepsis géintiwwer dësen Assets ouni physesch Substanz. Geet et hei ëm sënnlos Spekulatioun, wéi d'Kritiker behaapten, oder huet Crypto eng Zukunft am Mainstream? Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nadia Manzari ass Associée bei Schiltz & Schiltz an ass zoustänneg fir Finanzrecht a Fi...
Musse sech Banken online nei erfannen? 25.02.2022 39:00
D’Digitalisatioun ass e grousst Thema, mee et geet hei ëm méi wéi 1ten an 0en. Dat traditionellt Bankwiesen muss sech engem Public upassen, deen Interaktivitéit gewinnt ass a bürokrateschen Opwand scheit, ouni awer déi Clienten ze vergiessen, déi sech méi schwéier mam Changement dinn. Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Christophe Medinger vun der Spuerkeess schafft...
Och Suen hannerloosse Spueren 27.01.2022 42:51
Geld huet en Impakt. Dees ass ee sech an der Banken- a Finanzwelt mëttlerweil bewosst. Mee wéi beaflosst d’Thema Nohaltegkeet dës Beräicher an Zukunft? Wéi evitéiert ee Greenwashing a belount déi, di sech wierklech dru ginn? A wou kënnt déi sozial Verantwortung mat an d’Spill? Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat dräi Invitéë vum Scientific Advisory Board vun der Spuerkeess. D'Nathalie Roth vu 4...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.