Sarah Cattani
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen? Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani. Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Episode 14: Microkinesitherapie 09.09.2021 23:27
Microkinesitherapie ass eng douce an manuell Therapie wou mat Beréierung geschafft gëtt fir am Organismus déi Platzen ze fannen wou Wonnen nach net geheelt sinn. D'Microkiné, wéi se kuerz genannt gëtt kann Irritatiounen oder Trauma opschaffen déi engem un sech net vlait guer net wierklech bewosst ass. Fir doriwwer ze schwätzen ass haut den Kiné Christophe Radek bei mir am Studio deen zanter 30 Joe...
Episode 13: Yoga Therapie 01.07.2021 27:07
Yoga gëtt et an den ënnerschiddlechste Varianten an déi al Léier aus Indien ass scho laang e weltwäiten Trend. Et ass eng Antik Praxis fir den Kierper an den den Geescht ze harmonéieren an dat mat Otem Exercicer, Übungen an Meditatioun. Yoga Therapie ass wann een des Prozesser ganz bewosst a säin deeglecht Liewen abaut an applizéiert. Mir schwätzen mam Helder de Graça deen schonn méi wei 10 Joer Y...
Episode 12: Nutritioun 03.06.2021 35:51
Wat ass déi bescht Ernierung, eng Fro déi d'Leit schonn zanter laangem iwwerall op der Welt hunn. Eng kloer Aenwert gëtt et net, mee ech gëtt sécherlech Richtungen déi méi gesond sinn wei anerer. Wouropper kann een an sengem Alldag oppasse, an wat duerch wat ersetzen. Wei schiedlech ass Zocker an wei schwéier wichteg ass et sech bewosst ze ernären an net just einfach all puer Stonne eppes iessen....
Episode 11: Gesondheetsberuffer 06.05.2021 34:55
Sie waren virun allem am leschten Joer déi absolut Helden vum Alldag! Infirmieren an Infirmiere, Dokteren, Aide Soignanten… dat ganzt medezinescht Personal an dat weltwäit. Wei wichteg et ass dass vill Leit der Beruffung als Fleeger noginn hunn mer alleguerten spéitstens do verstanen. Fir iwwert d’Passioun vun den Gesondheetsberuffer schwätzen ass haut d’Elsa Do Carmo, Directrice vum Pôle Centre M...
Episode 10: Otmung 08.04.2021 32:21
Et ass eng vun den banaalsten Saachen an eisem Liewen an awer stécht esou vill an eisem Otem wat mir net wouerhuelen. Mat den richtegen Techniken kann een sech entspanen oder nees Energie kréien, et kann een Saachen opschaffen oder sech komplett aus enger Stresssituatioun erauszéien. Wéi een den sougenannten "Breathwork" kann ugoen, an weieng ganz einfach Übungen een selwer kann man, dat erklärt ä...
Episode 9: Ayurveda 18.03.2021 23:51
Dass Planzen eis kennen hëllefen ass scho laang bekannt, dass et awer ëmmer em déi richteg Mëschung geet an dass déi fir anescht ass ass vlait net esou gewosst. Haut Reesen mer bis an Indien an interesséieren eis fir hier traditionell Medezin an do spillt alles eng Rolle fir eis Gesondheet ugefaangen bei deem wat mer iessen. AyurVeda op englesch iwwersat “ knowledge of life and longevity" also "L...
Episode 8: Akupunktur 04.03.2021 35:23
Alternative Medezin, do denkt een séier un also Traditionell Chinesesch Medezin an aus där kennt dann och d’Akupunktur an déi gëtt schonn iwwer 3000 Joer praktizéiert. An Asien Géigenden ass des Technik awer vill méi rezent. Wei kennen Nolen heelen an weieng Impulser setzen si am Kierper? Bei wat kann een Akupunktur uwenden an wei effikass ass dat ganzt? Fir doriwwer ze schwätzen ass den Dokter ...
Episode 7: Psychotherapie 18.02.2021 35:26
Och 2021 zecken nach ëmmer vill Leit fir bei den Psycholog oder den Psychiater ze goen wann et hinnen séileg net gutt geet. Deels natierlech och well dëst nach net vun der Krankekeess gett, wat sech jo an Zukunft zu Lëtzebuerg kéint änneren. Wat ass iwwerhaapt den Ënnerscheed tëscht Psychologe, Psychotherapeut, Psychiater an Coach an wat kann wiem an weienger Liewenssituatioun hëllefen… ech schwät...
Episode 6: Minimalismus 04.02.2021 25:17
“Let go of things, calm your mind, nurture your soul” - www.less.lu Haut geet et em eppes wat mer all ze vill doheem hunn, nämlech Saachen… fir déi eng ass et den Schaaf voller Kleeder déi een ni undeet, déi aner hunn eng Kichen voller Tasen an Tupperware wou een ni richteg weess wouhin domat. 10 Handdicher op den Kapp oder 100 Puer schong… mir kennen den Problem an un sech och d’Léisung. Mat mann...
Episode 5: Cold Yoga 21.01.2021 30:25
Schonn déi antik Tibetaner wossten et; de beschte Remède géint Keelt ass… Keelt! Hieren Yoga mécht een net nëmme méi resistent mee och méi staark a méi fit. TOUMO - iwwersat : "inner fire” also d’Feier wat an äis brennt ass eng Technik aus dem Tibetanesche Yoga an et geet drëms wei ee kann de Kierper an och de Geescht fir extrem Konditiounen adaptéieren. Et kann een sech natierlech virstellen dass...
Episode 4: Faaschten 07.01.2021 18:49
Faaschten, also fir Stonne, Deeg oder esouguer Wochen näischt z'iessen gëtt et schonn Joerhonnerten. Wat huet et domadder op sech an wat geschitt dobäi am Kierper an am Geescht. Doriwwer schwätzen ech mam Monique Schmit vun Fastenwandern.lu. Si ass pensionéiert Infirmière an huet sech hiert Liewen laang mat Ernierung an Gesondheet beschäftegt. Zanter 25 Joer mëscht si all Joers eng Faaschtewoch no...
Episode 3: Soundmassage 18.12.2020 35:11
Musek an Téin hunn en groussen Effekt op äis. Se kennen frou stemmen oder traureg. Ma doriwwer eraus kënnen se äis awer och déif entspanen an et ass och eng Methode fir verschiddenes am Kierper ze débloqueieren. Mam Gilles Heinisch, zertifiéierten Entspanungstrainer an Klangmassagepraktiker schwätzen mer an dësem Episode iwwert d'Beneficen vun Soundhealing an als Bonus gëtt et um Enn dann och nach...
Episode 2: Mindset beim Sport 04.12.2020 24:33
Dass Sport oder physesch Aktiviteit gudd ass fir den Kierper an och den Geescht ass wuel jidferengem bekannt. Mee wéi wichteg ass den Mindset beim Sport an op waat kann een selwer oppassen oder wéi kritt een sech selwer motvéiert? De Jeff Paulus ass Fitnesscoach, Personal Trainer an Athletiktrainer. Hien huet Sportwëssenschaft am Master zu Saarbrecken studeiert an ass Diplom Sportprof. Zanter 2011...
Episode 1: Forestbathing 26.11.2020 25:09
D'Karen Decker ass Bësch Coach, ma als passionéiert Bësch Guide weess hat awer och ganz vill iwwert d’Beem an och soss all Bëschbewunner ze zielen. D’Karen ass elengerzéiend Mamm vun 2 Kanner, Educateur gradué an huet sech nach ëmmer fir orientalesch Philosophy a Spiritualitéit interesséiert. En Trip a Japan mat 19 Joer hat och do en groussen Afloss. D’Karen huet dann och Chinesesch Medezin studéi...
Epilogue 01.11.2020 1:04
Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen? Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani. Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.