Sarah Cattani
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen? Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani. Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Episode 64 : Coaching bei kierperlechen Aschränkungen 18.06.2026 24:25
An dëser Episod schwätze mir mam Tanja Heirens, systemesch Coachin, déi Frae mat kierperlechen Aschränkungen begleed. Mir schwätzen iwwert d’Bezéiung zum eegene Kierper, Erausfuerderungen am Alldag, Selbstbestëmmung an d’Kraaft, trotz Verännerungen nees méi Lichtegkeet a Vertrauen ze fannen. Eng déif, éierlech an inspiréierend Gespréich iwwert Resilienz, Bewosstsinn a nei Méiglechkeeten.
Episode 63: Vipassana 17.05.2026 29:49
An dëser Episod vu Be Well – de gesonde Podcast zu Lëtzebuerg schwätze mir mam Greta Flisi iwwert Vipassana Meditation – eng al Praxis vun Stëll, Observatioun a Bewosstsinn, déi duerch S.N. Goenka weltwäit bekannt gouf. D’Greta deelt, wéi eng 10-Deeg-Retraite hiert Liewen déif verännert huet, firwat mir d’Quell vun eisem Gléck an eis selwer fannen, a wéi Vipassana eis hëllefe kann, méi Rou, Kloerh...
Episode 62 : Wëllplanzen 16.04.2026 36:55
Mir empfänken d'Manon Bissen (Wëll Muert), diploméiert Sozialpädagogin a Wildpflanzenpädagogin a grouss Kanéngchen-Liebhaberin. Si deelt hir Persounlech Rees an d’Natur, d’Ausbildung vun 2022, hiert Engagement fir al Heelmëttel-Wëssen a praktesch Fäegkeeten fir Wëllplanzen ze erkennen. An dëser Episod léiere mir: wéi een ufänkt Wëllplanzen z’identifizéieren, firwat vill Wëssen verluer gaangen ass,...
Episode 61: Unature 13.03.2026 42:49
Mat UNature entdecken mir, wéi de Bësch a natierlech Raim zu Lëtzebuerg aktiv zu mentaler Gesondheet, Präventioun an Educatioun bäidroen. D’Organisatioun verbënnt wëssenschaftlech Fuerschung mat konkreter Praxis a schafft zesumme mat Schoulen, Ministèren a Gesondheetsakteuren, fir Natur als Ressource fir Resilienz an nohalteg gesellschaftlech Entwécklung ze verankeren. An dësem Episod schwätzen mi...
Episode 60: Krav Maga 13.02.2026 29:46
Krav Maga ass méi wéi Selbstverdeedegung: et geet ëm Sécherheet, Selbstvertrauen a mental Stäerkt. Eng praktesch Approche, déi op natierleche Reaktiounen baséiert a fir richteg Situatiounen entwéckelt gouf – am Alldag an a schwierege Momenter. De Marc Stoltz war an senger Carrière war hien ëmmer op der Sich no enger Selbstverdeedegung, déi wierklech funktionéiert – souwuel fir Asazkräfte wéi och f...
Episode 59: Food Waste 16.01.2026 34:31
Be Well haut mam Lisa Albers. Hat ass Responsabel fir Sensibiliséierung an Informatioun bei on.perfekt, enger sozialer Entreprise, déi Liewensmëttel eng zweet Chance gëtt a sech aktiv géint Food Waste asetzt. Schon Schonn wärend hirem Studium zu Amsterdam huet si sech intensiv mam Thema Nohaltegkeet auserneegesat – vu Veganismus iwwer Second-Hand- Konsum bis hin zu hirem Engagement als Bénévole be...
Episode 58 : Familiencoaching 05.12.2025 26:10
Fabienne Weber war Joren laang Léierin, mat vill Léift fir d’Kanner – bis si gemierkt huet, datt si sech selwer dobäi verluer huet. Eng eenzeg Situatioun mat engem Kand ass fir si zum Wendepunkt ginn. Si huet erkannt, wéi vill vun deem, wat d’Kanner gewisen hunn, och e Spigel vu hirem eegene bannenzege Chaos war. Haut geet si e komplett neie Wee: hallef an der Schoul, an hallef als Familiencoach,...
Episode 56: Tarot 03.10.2025 28:30
Mir machen en Ausfluch an d’Welt vum Tarot. Wien sech elo eng Madame Irma fierstellt an enger Roulotte mat enger Glaskugel an Kaarten deen lait awer falsch… Tarot de Marseille Versioun 2025. An fir dorriwwer ze schwàtzen ass d’Chloé Schonckert haut bei mir am Studio.
Episode 55 : Energetesch Hausrengegung 04.09.2025 20:17
Et ass Rentrée an vill vun ais maan dann och doheem nees alles prëtt- dei grouss Bot oder alles emol aussortieren wat n¨t mei gebraucht gett… ma dat kann een nach mei wait feieren. Energetesch kann een sain Haus nämlech och rengegen an dorriwer schwätzen er haut mam Kathrin Werno, freier Journalistin, mee och Feng Shui Berooderin, Theta Healing Practioner an Coach.
Episode 54 - Living Food 05.06.2025 25:18
"Living Food" beschreift Liewensmëttel, déi an hirem natierlechen, onveraarbechten Zoustand konsuméiert ginn, ouni iwwer d'Kierpertemperatur erhëtzt ze ginn. Dëst bedeit, datt se sou wéineg wéi méiglech veraarbecht ginn, fir hir ursprénglech Nährstoffdicht an d'Enzymer, déi se enthalen, ze erhalen. D'Véronique Defosse huet no 25 Joer Aarbecht am finanzellen Beraich zu Lëtzebuerg hier Carrière komp...
Episode 53: Quantum Guidance 02.05.2025 23:00
"Quantum Guidance – Äre Wee zu Iech selwer" Entdeckt déi déif spirituell Wëssenswelten vun der Quantum Guidanc, oder guidance informationelle quantique op franseisch. Fir jiddereen, deen op der Sich no méi déifem Verständnis a Selbstentwécklung ass.
Episode 52: Menopause 04.04.2025 51:20
Caroline Lentz ass geleiert Franséischproff. 2022 ass si duerch eng Operatioun vun haut op muer an d'Menopause komm wou Sie 45 Joer al war. Doropshin huet si sech immens vill zum Thema informéiert a mëscht haut eng Formatioun als Healthcoaching mat enger Holistescher vue vu Gesondheet an Nutritioun mam Schwéierpunkt op Menopause bei der Fra. Sie huet och fir de Forum en Artikel geschriwwen iwwert...
Episode 51: Systemesch Opstellungen 07.03.2025 38:32
Haut interesseieren mer ais fir Konstellatiounen, net dei am Himmel vun den Staeren mee dei an aiser Famill, Arbechtswelt oder aaner Grupp vun Zesummenliewen. Mir sinn jo all Deel vun engem System - ais Famill, ais Frenn, aist Aarbechtsemfeld. An heiansto sin hei och mei schwiereg Situtaiounan oder Konflikter verstoppt. Onbewosst wiederhuelen mir dei selwecht Geschichten, Thematiken ëmmer nees. Ma...
Episode 50 : Rèckblèck 07.02.2025 13:37
50 Episoden am Rèckblèck!
Episode 49 : Tai Chi 03.01.2025 45:13
Tai Chi ass eng meditativ Kampfkonscht. Nodeems de Johnny Li Northern Shaolin Kung Fu praktizéiert huet an a verschidde Buddhistesche Monastères war ass hien op den Tai Chi komm - mei prezis Wu Taijiquan - e ganz aalen Selbstoofwier System deen och déif am Taoismus an Buddhismus verankert ass. An dëser Technik, déi aus der Kampfkonscht kennt, geet et awer net drëms géint een ze kämpfe vu baussen,...
Episode 48 : Vegan Chrëchtdaag 03.12.2024 23:43
D’Feierdeeg sti virun der Dier an ech wollt mech haut emol mat der fro beschäftegen - wat kann een als Vegan oder vegetaresch Optiounen op den Dësch zauberen. An dofir schalte mir live op Wien bei d’Liz Sinner vu vegelizious . Si ass Rezeptentwecklerin an “Food”-Fotografin a schafft och zesumme mat BIOG oder der Moutarderie de Lux. Den Ament studéiert déi jonk Fra Diätologie zu Wien an haat nach ë...
Episode 47: Trauerbegleedung 01.11.2024 41:50
Den Eberhard Driesler kënnt ursprünglech aus Bayern a schafft zanter gudd 30 Joer hei am Land. Hien ass Diplom-Theolog, Diplom-Psycholog, huet e Bachelor an der Philosophie an en Zousatzstudium an der Erwuessepädagogik, Formatioun als systemesche Psychotherapeut an EMDR. Hien huet laang als Pastoralassistent an der Lëtzebuerger Kierch geschafft a gläichzäiteg als Familljen- a Koppelstherapeut am F...
Episode 46 - Psychologesch Berodung am Bësch 04.10.2024 26:06
An dësem Episode gi mir an de Bësch fir eng psychologesch Berodung. A Kader vun de Semaines de la Santé mentale déi all Joer am Oktober sinn interesséiere mer äis nämlech fir eist mentaalt a psychescht Wuelbefannen. D'Anne Stauder trëfft hier Patienten net an engem Cabinet, mee am Bësch an erkläert äis wat hannert der Forest Walk & Talk Technik stécht.
Episode 45: ADHS bei Erwuessenen 05.09.2024 43:31
An dësem Podcast interesséiere mer äis fir ADHS bei Erwuessenen. D'Estelle Thilgen ass diploméiert Psychologin mat enger Spezialisatioun an der Neuropsychologie an ADHS. Sie ass och Fondatrice an therapeutesch Coordinatrice vun der "Clinique de l’Attention", ee Service ambulatoire, deen sech op ADHS bei Erwuessene spezialiséiert am Centre Hospitalier du Nord.
Episode 44: Diabetes Preventioun 13.06.2024 40:48
Haut interesséieren mer äis fir Diabetes, an dat ass un sech en Iwwerbegrëff fir verschidde Stoffwiessel Erkrankungen. All gemeinsam hunn se dass se zu erheischten Bluttzockerwäerter feieren a Patienten e Mangel um Insulin Hormon hunn oder d’Insulin Wierkung verréngert gëtt. Jessica Durbach huet e Master an der Gesondheetsfërderung an Erzeihung. Ass Expertin an der Suchtpreventioun an elo säit 2 J...
Episode : 43 Reflexologie 02.05.2024 17:37
Be Well Podcast mam Tamara Leuck vun kierperfeissaseil.com
Episode 42: Somatics 05.04.2024 43:13
Somatics, aus dem engleschen - bedeit un sech de Beräich vun der Kierperraarbecht an der Bewegungsléier an zwar wei een wat vu bannen emfend a wei een déi Erfahrungen ka betounen. Tessy Beckené ass eng ganzheetlech a kierperorienteiert psychopedagogesch Beroderin a somatesch Coach. Sie ass spezialiséiert op Neurodiversität, wie ADHS-Beratung an -Coaching, Traumaverarbeitung, Bindungsproblematiken,...
Episode 41 : Faarfanalyse 01.03.2024 29:01
Mir sinn all eenzegaarteg op dëser Welt a gesinn deemno och eenzegaarteg aus! Des Eenzegaartegkeet gëtt dann och nach duerch eng Kombinaisoun vun Nuancë vun eisem äusserleche Wiese betount- äis Aenfaarf, Hoerfaarf, Hautfaarf… Styliste kennen dëst scho laang ma och ee selwer kann erausfanne weieng Faarwe gutt bei ee passen an domat gesäit et net just optesch besser aus, ma et entseet och en neit Li...
Episode 40: Mobbingpreventioun 02.02.2024 29:47
Mir interesséieren äis haut fir d’Wuelbefanne vun de méi Klengen, awer natierlech kann alles dat wat mer haut beschwätzen och op déi Erwuessen iwwerdroe ginn. Et geet drëms ouni Angscht kennen am Alldag ze funktionéieren a Resilienz ass do e gudden Wee, an dat kennen och schonn Kanner a Jugendlecher leieren. D’Michele Bloes war selwer Chargé a Schouljoffer a schafft haut als Resilienzcoach mat gan...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.