35M Films
35M Elevator Pitch
We invite filmmakers from Luxembourg and all over the world to discuss their passion and craft of making movies!
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
FRED NEUEN – Parallel Welten 🇱🇺 03.04.2026 1:13:26
Haut hu mer net nëmmen héije Besuch (eisen éischte President!) mee et ass des Kéier och e Podcast, dee struppevoll ass mat de verschiddensten Themen. Well de Fred Neuen ass un allem interesséiert wat mat Geschichtenerzielen a Weltebauen ze dinn huet. De Fred ass duerch an duerch Cinephile vu klengem un, dat erkennt ee spéitstens wann ee säin Tattoo gesäit. Iwwer d'Joren huet hien net nëmme Fi...
SASCHA LEY – Ni opginn! 🇱🇺 06.03.2026 1:13:30
D’Sascha Ley ass sou villsäiteg wéi een als Performer nëmme ka sinn – hatt ass grad sou douéiert als Sängerin a Komponistin, wéi och als Schauspillerin, souwuel op der Bühn wéi virun der Kamera. Also, ech sinn e mega Fan. An dat net réischt zënter, dass ech d’Chance hat mat him ze schaffen op eisem leschte Kuerzfilm „Backstage“ – wou hatt rëm op en Neit bewisen huet, wat fir eng couragéiert Schaus...
JULES WARINGO – Best of Both Worlds 🇱🇺 06.02.2026 1:17:44
Mir sinn zréck!! Eisen éischte Gaascht vun der neier Saison ass de Jules Waringo. Kaum ee war sou fréi schonn op Filmsets ënnerwee wéi hien. Als Fils vun engem Produzent an enger Schauspillerin, war et jo bal net anescht méiglech, dass hien haut och déi zwee Beruffer mécht. De Jules erkläert eis net nëmme wou den Ënnerscheed läit tëschent Produzent a Production Manager – mee erzielt eis och wéi et...
EUGENIE ANSELIN – Ausser Otem 🇱🇺 04.04.2025 1:14:36
D’Eugenie Anselin ass voller Iwwerraschungen. Mir kennen hatt natierlech als talentéiert Schauspillerin, dat schonn als Kand virun der Kamera stoung – mee ech hunn nawell gutt gestaunt wéi hatt erzielt huet mat wat et bei him lassgaang ass. D’Eugenie erzielt eis wéi hatt iwwert den Otem a seng Rolle rafënnt mee och wéi ee mat Kritik ëmgeet. Besonnesch dann, wann se perséinlech ass an extra wéi dee...
HANA SOFIA LOPES – Déi ganz Welt ass eng Bühn 🇱🇺 14.03.2025 1:11:14
D'Hana Sofia (moment, ass dat iwwerhaapt säi richtege Numm!?) ass weltwäit gutt ennerwee. Als Weltenbummler a Polyglott (ganzer 7 Sproochen!) ass d'Hana Sofia Lopes scho vill rondrëm komm. Zu Letzebuerg huet et éischt Schrett gemaach mat der Sitcom "Comeback", wärend hatt a Portugal duerch eng Telenovela engem Milliounepublikum bekannt ginn ass. Haut schwätze awer iwwer seng ne...
CHRISTINA SCHAFFER – Baut sich die Welt wie sie ihr gefällt 🇩🇪 08.03.2025 1:02:50
Unser heutige Gast ist geboren in der ältesten Stadt Deutschlands. Nicht nur deswegen kennt die Christina sich gut aus mit Geschichte. Als Production Designerin hat sie schon viele verschiedene Zeitepochen wahrheitsgetreu in ihren Kulissen wieder aufleben müssen. Bis ins letzte Detail kümmert sie sich um alles was im Film um die Schauspieler herum zu sehen ist. Man kann also sagen, dass Christina...
ALEX ESPIGARES – Eise Mann mam Oscar 🇱🇺 14.02.2025 1:15:48
And the Academy Award goes to... Alexandre Espigares! Yes, haut hu mer e ganz spezielle Gaascht op Besuch. Nämlech eise Mann mam Oscar. Ier en zu Hollywood di gëlle Statue fir de "Mr Hublot" an de Grapp gedréckt krut, huet den Alex awer fir d’éischt mol misse laang Joren iwwert d’ganz Welt reesen, wou hien op deene verschiddensten Zeechentrickfilmer als Animateur geschafft huet. Mam Alex...
ULI SIMON – Kleider machen Leute 🇩🇪 24.01.2025 1:09:16
Uli ist nicht nur unser erster nicht Luxemburgisch-sprachiger Gast, sondern mit ihr haben wir zum ersten mal eine Kostümbildnerin zu Besuch. Einer dieser Jobs beim Film, die viel spannender sind als man sich das als Nichtkenner so vorstellen würde – es geht nämlich um viel mehr als nur Kleider. Besonders wenn man schon so viele, und so große Projekte wie die Uli aufzeigen kann. Man denke nur an di...
ERIC LAMHÈNE – Stäerkt & Resilienz 🇱🇺 03.01.2025 1:16:24
"Hors d'Haleine" ( "Breathing under Water" ) heescht den éischte Feature Film vum Eric Lamhène. An dësem emouvanten Drama geet et em haislech Gewalt, an erzielt d'Geschicht vum "Emma" (wonnerbar verkierpert vum Carla Juri) dat sech de Wee zréck an en eegent, fräit Liewen erkämpft. Den Eric verréit wéi hien de Scenario zesumme mat senger Fra, Rae Lyn Lee, n...
JULIE KIEFFER – D’Julie war ni fort 🇱🇺 13.12.2024 56:28
Ugefaangen huet fir d'Julie alles um Set vun der Sitcom „Comeback“, wou hatt fir d’éischte Kéier huet dierfen eng Haaptroll spillen. Dobäi huet seng grouss Loscht fir d’Schauspillerei schonn an der Kandheet an him gebrodelt. Haut ass d’Julie net nëmmen eng vun de villverspriechendste Lëtzebuerger Actricen – hatt huet sech parallel dozou fir de Wee als Pädagog entscheet, wou hatt de Nowuess un...
Special: "QUICKIES" Round Table – Go Make Films Now! 🇬🇧 29.11.2024 1:01:48
"QUICKIES" is an anthology of low budget short films, each directed by another filmmaker, created by the Luxembourg Filmmakers’ association FILMREAKTER . We celebrate the premiere of the 2nd season with a live round table, where we talk to one of its creators, Govinda van Maele, and four of the participating filmmakers: Julie Schroell, Eileen Byrne, Ganael Dumreicher, and Roxanne Peguet....
ANDY BAUSCH: PART 2 – Steel crazy after all these years 🇱🇺 22.11.2024 54:26
Nodeems den Andy mat vill Asaz de Sprong vu passionéiertem Amateur op Profi gelonge war, ass hie mat sengem "A Wopbopaloobop A Lopbamboom" an der Europäescher Filmlandschaft duerchgestart. Dono huet den Andy an Däitschland bei villen Tëlee's Filmer- a Serië Regie gefouert, an huet deene säi Stempel opgedréckt. Mee d'Heemecht huet hien zréck an de Minett gezunn. Resultat: de &qu...
ANDY BAUSCH: PART 1 – D’Kees op an d‘Klacken eraus! 🇱🇺 08.11.2024 1:10:13
Den Andy ass ee vun de Pionéier vum Lëtzebuerger Kino, déi di siwent Konscht an eis klengt Land bruecht hunn. Ufanks den 80er Joren, wéi d’Filmindustrie zu Lëtzebuerg nëmmen aus e puer Gecke wéi him bestanen huet, huet hien seng éischt Filmer gedréint – mat nëmme wéineg Mëttelen, mee ëmsou méi Leidenschaft. An huet esou Kultfilmer wéi den "Troublemaker" geschaf. Et ass e Genoss dem Andy...
35M Elevator Pitch | RTL PLAY – Trailer 06.11.2024 0:40
Elo op RTL PLAY! E Podcast iwwer d'Léift zum Film, a wéi e gemaach gëtt. All Episod invitéiere mir eng Perséinlechkeet aus Film & TV, a poteren iwwert d‘Konscht an de Beruff vum Filmemaachen. Den Émile V. Schlesser an de Fabien Colas wëllen e Bléck hannert d'Kulisse fräiginn, Anekdote vum Set erhaschen, an aus Erfarunge léieren. play.rtl.lu/shows/lb/35m-elev... 35mfilms.com/podcast S...
THIERRY FABER – D'Handwierk vum Storytelling beherrschen 🇱🇺 28.06.2024 1:05:01
Vun der Schéier zum Stëft: Dem Thierry Faber säin Talent als Geschichtenerzieler couvréiert all Aspekt vun der Filmproduktioun – vum éischte geschriwwene Wuerd, iwwert d'Regie-féieren, bis hin zum Schnëtt vum fäerdege Film. Den Thierry ass de Mastermind vun der erfollegräichster Lëtzebuerger Serie "Capitani" 1 & 2 – déi Serie, déi via Netflix d'ganz Welt erreecht huet. Mir...
GOVINDA VAN MAELE – Däi Selbstvertrauen schützen 🇱🇺 14.06.2024 1:04:36
De Govinda ass net nëmmen ee vun de Createuren vun der "Quickies" Kuerzfilm-Anthologie, hien ass virun allem den Auteur & Regisseur hannert eisem Liblings Lëtzebuerger Film : dem Bauerenduerf-Thriller "Gutland" (2017) mam Vicky Krieps. Mir ënnerhalen eis iwwer Selbstvertrauen – déi wichtegst Qualitéit vun engem Filmemaacher, dat ee mat alle Mëttele schütze muss; a wisou et...
KEN BARTHELMEY – Monsters & Blockbusters 🇱🇺 10.05.2024 1:06:12
Kaum ee Lëtzebuerger schafft u sou ville risegen Hollywood Blockbuster wéi de Ken Barthelmey. Hien erschaaft Monsteren a Kreaturen fir Filmer wéi Thor, Fantastic Beasts, Godzilla, Predator, Pokémon, Maze Runner, Aquaman ... a ville méi. De Ken erkläert wéi hien et fäerdeg bruecht huet, seng Visioun ze erreechen; wisou et haut ëmmer nach wichteg ass mat Stëft op Pabeier ze schaffen; a fir wéi ee Fi...
LUKAS GREVIS – Einfach just maachen! 🇱🇺 26.04.2024 1:01:48
De Lukas Grevis gëtt Vollgas. Déi meescht schwätze vill an téinen déck – wärend de Lukas einfach mécht. Mat 25 Joer huet hie schonn seng éischt 2 Feature Filmer an der Këscht! Dat muss ee mol fäerdeg bréngen. Den éischte Film, "D'Land am Schiet" (am Optraach vu Respect.lu) ass eng Etude iwwert eng Gesellschaft déi sech radikaliséiert. Fir säin zweete Film, e Roadmovie, huet de Lukas...
JERRY FRANCK – De Wee bei d'Oscars (Hollywood Series) 🇱🇺 05.04.2024 57:20
HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet. De Jerry Franck ass ee vun deene wéinege Lëtzebuerger, déi et bis bei d'Oscars gepackt huet! 2016 war hie bei den Academy Awards mat sengem "Chau Beyond the Lines" fir beschten Dokumentär Kuerzfilm nominéiert. U...
ANNE KLEIN – Raus aus der Comfort Zone (Hollywood Series) 🇱🇺 22.03.2024 1:15:10
HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschlo huet. D'Standup Comedian & Schauspillerin Anne Klein huet seng siwe Saache gepak an ass op Los Angeles geplënnert fir sengem Dram nozegoen. D'Anne fäert näischt. Obwuel hatt vun sech selwer behaapt schei an onsécher ze s...
JEFF DESOM – Vergaangenheet an Zukunft (Hollywood Series) 🇱🇺 08.03.2024 1:10:53
HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet. Als Regisseur an VFX (visual effects) Kënschtler, ass de Jeff Desom e reegelrechten Zauberer, mat engem Talent fir Biller, déi engem am Gedächtnis bleiwen. Zënter méi wéi 10 Joer ass LA dem Jeff säin Doheem, wou hie mat grouss...
DAVID GOLDRAKE – D'Spill mat der Illusioun (Hollywood Series) 🇱🇺 23.02.2024 1:32:19
HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet. Eisen éischte Gaascht ënnert dem Hollywood Zeechen ass den Illusionist David Goldrake, en Entertainer par excellence. Mat enormer Selbstdisziplin a Fokus huet hie säi ganzt Liewe kompromësslos senger Konscht verschriwwen. Mir...
EILEEN BYRNE – Film ass Emotioun 🇱🇺 02.02.2024 1:11:16
D'Eileen ass mat vill Leidenschaft op senge Filmsets derbäi, wou hatt och kee Problem huet heiansdo mol Emotiounen ze weisen. Wat anerer als eng Schwächt ugesinn, emfënnt hatt als eng Stäerkt. Et soll een sech net hannert enger Fassad vu Keelt a falscher Häert verstoppen. D'Eileen kennt frësch vum Set vu sengem éischte Feature Film, der Verfilmung vum däitschen Erfolgsroman "Mariane...
MAGALY TEIXEIRA – Nom Applaus 🇱🇺 12.01.2024 1:07:36
D'Magaly Teixeira ass eng spannend Kënschtlerin mat ville Facetten. Ugefaang huet alles mam Danz. An zwar net den übleche Ballet- oder Hiphop-Unterrecht. Nee, beim Magaly war dat op engem ganz aneren Niveau! Mee och Gesang spillt a sengem Liewen eng wichteg Roll. Wann hatt mat senger Fado-Band optrëtt, fillt hatt sech senge portugisesche Wuerzele ganz no. Och wann een d'Magaly als Energi...
AMANDINE KLEE – D'Musikalitéit vun der Kameralëns 🇱🇺 29.12.2023 1:29:35
Wéi d'Amdandine Klee als Teenager déi éischte Kéier eng Kamera op der Schëller hat, stoung fir hatt seng Beruffung fest. Als Frontfra vun enger Rockband war eigentlech Musik seng éischt Passioun – wat haut e groussen Afloss huet op seng Manéier Biller ze komponéieren. Als eng vu wéinege Kamerafraen an dësem männlech-dominéierte Beruff, huet d'Amandine fréi geléiert sech duerchzebäissen,...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.