CGDIS
Status 5 - De CGDIS Podcast
E Podcast vum CGDIS? Absolut! Wat erwaart dech beim Status 5 Podcast? Virun allem Interviewe mat verschiddene Persounen aus dem CGDIS zu Theme wéi:- Asätz vum CGDIS- Fonctionnement an Organisatioun vum CGDIS- Rekrutement vu fräiwëllege Pompjeeën- Rekrutement vu Beruffspompjeeën- a Villes méiLauschter eran an entdeck de CGDIS hannert de Kulissen! A reegelméissegen Ofstänn ginn nei Follgen publizéiert, ëmmer zu engem aneren Thema.
Bezoek zeker de website van de podcast en steun de maker: 112.public.lu
Auteur
CGDIS
Categorie
Website van de podcast
Nieuwste aflevering
13 nov. 2026
Waar luisteren?
Podcasts in de app Replaio Radio Binnenkort beschikbaarPodcasts komen binnenkort naar de app. Installeer nu en zie als eerste een compleet nieuwe kijk op podcasts
Afleveringen
8#KOMPAKT - Iwwert eng aussergewéinlech Gebuert 13.11.2026 11:03
En Noutruff kënnt an der Noutruffzentral 112 eran. Eng Famill mat enger héichschwangerer Fra ass ënnerwee an d’Spidol, mee d’Zäit geet net duer. D’Mamm bréngt d’Kand am Auto, op der Autobunn op d’Welt. Wéi geet d’Noutruffzentral CSU 112 a sou Fäll vir? Wéi eng onkonventionell Léisung haten d’Operateuren an dësem Fall? Wéi eng Roll hat den Officier Santé hei? An dëser KOMPAKT-Episod erzielt eis den...
7 - Iwwert d’Feierprouf vum CGDIS (mam Guy Bernar) 20.10.2026 18:03
Wéi gouf den éischte Groussbrand vum CGDIS ofgeschafft? U wat muss bei esou Asätz geduecht ginn? Wéi gesäit d'Kommandostruktur vum CGDIS aus? An dëser Status5-Episod hate mir Besuch vum Guy Bernar , fréiere Chez de zone vun der Zone de secours Sud. Just 2 Deeg no der Grënnung vum CGDIS, gëtt seng fonkelnei Kommandostruktur schonn op d’Prouf gestallt . E Groussbrand zu Esch , bei deem de Guy Be...
6 - Iwwert d'Organisatioun wärend der Canicule (mam Sven Viktor) 29.07.2026 21:05
Wat ass de CGO? Wéi preparéiert de CGDIS sech op eng Canicule? Ginn et wärend enger Canicule tatsächlech méi Asätz fir de CGDIS? An dëser Status5-Episod hu mir eis mam Sven Viktor , Chef de département Bâtiment zesummegesat. Hie war wärend der Canicule am Juni 2026 de Coordinateur vum CGO. Hien zielt eis wéi de CGDIS sech op dës aussergewéinlech Situatioun virbereet huet, wéi eng Demarchen an d...
5#KOMPAKT - Iwwert de Fonctionnement vun engem CIS (mam Annick Baustert a Serge Steffes) 10.04.2026 8:51
Wat gesäit d'Aarbecht an engem CIS aus? Wéi ass d'Struktur vun engem CIS opgebaut? Wéi kann een sech als Pompjee an engem CIS weiderentwéckelen? An dëser KOMPAKT-Episod hu mir d' Annick Baustert , zukünfteg Chef vum CIS Luxembourg an de Serge Steffes , Chef vum CIS Echternach invitéiert. Béid erklären eis wéi d' Aarbecht an engem CIS ausgesäit, wéi en CIS iwwerhaapt funktionéiert a...
4#KOMPAKT - Iwwert de Parcours vun engem Stagiaire (mam Luciano Da Conceiçâo) 03.04.2026 7:41
Wéi gesäit den Alldag vun engem Pompjeesstagiaire aus? Wéi vill Praxis ass wierklech um Programm? Wat mécht e Stage an engem CIS aus? ... An dëser KOMPAKT-Episod huet de Luciano Da Conceição , Pompjeesstagiaire am éischte Joer, eis iwwert säi perséinleche Parcours gezielt a wéi heen déi éischt Deeg an der Ausbildung erlieft huet. Doriwwer eraus gi mir vun him gewuer, wéi e praktesche Stage an enge...
3#KOMPAKT - Iwwert de Rekrutement vum Beruffspompjee (mam Jeff Zanussi a Sébastien Gemmer) 24.03.2026 8:10
Wat brauch et fir Beruffspompjee ze ginn? Wéi leeft déi ganz Rekrutementsprozedur of? Wat stécht hannert dem psychometreschen Test? An dëser KOMPAKT-Episod erklären eis de Jeff Zanussi , Recruteur beim CGDIS an de Sébastien Gemmer , Chef de service vum Développement RH beim CGDIS wéi d' Rekrutementsprozedur ausgesäit fir Beruffspompjee ze ginn, wéi eng Qualifikatiounen ee muss matbréngen a wéi een...
2#KOMPAKT - Iwwert d'Ausbildung vum Beruffspompjee (mam Yves Legil) 24.03.2026 8:42
Wéi laang dauert d'Ausbildung zum Beruffspompjee? A wéi enge Beräicher gëtt de Stagiaire ausgebilt? Ass et just dréchene Theorie-Unterrecht? ... An dëser KOMPAKT-Episod ass den Yves Legil , Chef de Département Formation de base vum CGDIS , bei eis am Studio. Heen hëlt eis mat hannert d'Kulisse vun der Ausbildung , déi all Beruffspompjee muss duerchgoen. Wéi déi Ausbildung ausgesäit, op wéi...
1#KOMPAKT - Iwwert de CGDIS (mam Claude Frantzen) 24.03.2026 8:49
Wat ass de CGDIS iwwerhaapt a wat si seng Missiounen? Wéi koum et zur Kreatioun vum CGDIS? Wéi eng Beruffer ginn et beim CGDIS? ... An dëser KOMPAKT -Episod schwätze mir mam Claude Frantzen , Directeur administratif et financier vum CGDIS , iwwert de CGDIS allgemeng a seng Beruffer an awer och iwwert d' Kreatioun vum nationale Feier- a Rettungscorps a wéi et dozou koum, dass Lëtzebuerg eng Ent...
Introduktioun zum Podcast 17.03.2026 1:54
An dëser Introduktioun gitt dir gewuer wat et mam "Status 5 - De CGDIS Podcast" op sech huet, wat iech an den zukünftegen Episoden erwaart an firwat de Podcast iwwerhaapt "Status 5" heescht. Hutt dir Froen zum CGDIS, déi nach ëmmer beäntwert wollt hu bzw. hutt Propose fir zukünfteg Theme fir de Podcast? Da schreift eis eng Email op communication@cgdis.lu Mir freeën eis op äre R...
Vergelijkbare podcasts
Replaio is geen uitgever van podcasts; namen van shows, covers en audio zijn eigendom van hun makers en worden verspreid via openbare RSS-feeds