Charel Krier, Julie Gerard
Loscht op Mord
"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.
Bezoek zeker de website van de podcast en steun de maker: www.eldo.lu
Auteur
Charel Krier, Julie Gerard
Categorie
Website van de podcast
Nieuwste aflevering
11 okt. 2026
Waar luisteren?
Podcasts in de app Replaio Radio Binnenkort beschikbaarPodcasts komen binnenkort naar de app. Installeer nu en zie als eerste een compleet nieuwe kijk op podcasts
Afleveringen
Episod 53 - "Kloster der Hölle" 18.12.2022 41:01
Am Joer 1883 kënnt e Missionär vun der katoulescher Kierch an d'Kloster Marienberg zu Oochen. Hie kënnt net fräiwëlleg dohinner a wat him an aneren do am Klouschter geschitt ass erschreckend. Nodeems en do flüchten konnt versicht en dat alles opzedecken. Wien dat war a wat do geschitt ass, erzielen d'Julie an de Charel eis an dëser Episod.
Episod 52 - De Mäerder-Hotel vum H.H. Holmes 04.12.2022 55:19
An den 1880er-1890er Joren huet den Dr. Henry Howard Holmes en Hotel gebaut deen nëmmen engem Zweck soll déngen, dem Morden. Wien den H.H. Holmes ass, wat mat dësem Hotel war, erziele mir iech an dëser Episod.
Verschwannen vum Dorothy Arnold 20.11.2022 45:23
#51 Dorothy Arnold
Episod 50: YOG'TZE-Fall 06.11.2022 33:49
Am Hierscht 1984 fillt den Liewensmëtteltechniker Günther Stoll sech verfollegt an a Gefor. An der Nuechtt vum 25. op den 26. Oktober stierft den Günther Stoll op rätselhaft Aart a Weis. War et en Mord oder einfach en Accident mat seelenen Ëmstänn? Dat gitt dir an dëser Episode gewuer.
Episod 49 - de Fall Bobby Dunbar 21.10.2022 47:50
1912 ass d'Famill Dunbar bei engem Famillienausfluch bei engem Séi, do verschwënnt hire 4-järegen Bouf, de Bobby. En ass net méi ze fannen, bis 8 Méint méi spéit en Arbechter mat engem Jong gesi gëtt deen ausgesäit wéi de Bobby. Ass dësen Jong de Bobby Dunbar? Da gitt dir an dëser Episod gewuer.
Episod 48 - Hexeprozesser vu Salem 09.10.2022 38:52
Am Joer 1692 ass et an der Stad Salem zu enger Rei vun Ukloen wéinst Hexerei komm. An dëse Prozesser goufe vill onschëlleg Mënschen gefoltert, agespaart an higeriicht. Wéi et dozou komm ass, a wat genee geschitt ass, erziele mir iech an dëser Episod.
Episod 47 - Arlis Perry 28.08.2022 32:34
Am Oktober 1974 streit sech d Arlis Perry mat sengem Mann Bruce an hatt beschléisst owes eleng an d Kierch ze goen. Aus der Kierch sollt et awer ni méi lieweg Heem kommen. Wat, wéi a wien doru Schold ass, dat gitt dir an dëser Episod gewuer.
Episod 46 - Versace Mord 14.08.2022 54:28
Podcast #46
Episod 45 - Crime Fails 31.07.2022 36:11
An dëser Episode geet et net ëm ee speziellen Fall, maee mir schwätzen iwwert e puer Verbriecher, déi sech net besonneg schlau ugestallt hun. Also Crime Fails.
Episod 44 - Lake Bodom 10.07.2022 39:02
De 4. Juni 1960 gi 4 Jugendlecher a Finnland un den Lake Bodom campen, dëst sollt en flotte Campingtripp ënner Frënn sinn. Et kënnt awer alles anescht wéi geplangt: Nëmmen ee vun de 4 sollt d'Nuecht iwwerlierwen. Wat geschitt ass, ween den Täter war an alles ronderëm den Virfall diskutéieren de Charel an d'Julie an dëser Episod.
Episod 43 - Keen Liicht op Eilean Mòr 26.06.2022 25:30
#43 - Eilean Mòr
Episod 42 - De Fall O.J. Simpson 13.06.2022 51:31
1994 gëtt dem O.J. Simpson seng Ex-Fra d´Nicole Brown an den Ronald Goldman ermord virum Haus vum Nicole Brown opfonnt. Den Ex-Football Spiller O.J. Simpson gëtt verdächtegt de Mord begaangen ze hunn. Sou entsteet ee vun den spektakulärsten Gerichtsprozesser aus der US-Geschicht. Wat genau virgefall ass, gidd dir an deser Episode gewuer.
De Brummi-Mäerder 29.05.2022 30:10
An de Joren 2003 bis 2006 ginn et 4 Iwwergrëffer op Fraen, 3 vun hinne ginn ëmbruecht, 1 iwwerlieft. Ween den Täter ass a wat d'Grënn fir des Dote si beschwätze mir an dëser Episod.
Episod 40 - Doppelmord vun Herne 15.05.2022 38:21
Am Mäerz 2017 brécht dem Marcel H. säi Liewen auserneen. A sengem Frust wëll hien sech d'Liewen huelen. Dat klappt awer net an esou decidéiert hien, dofir een aneren ëmzebréngen. Wat genau geschitt ass, gidd dir an dëser Episod gewuer.
39 - Amanda Knox 27.03.2022 52:23
D'Amanda Knox ass eng amerikanesch Studentin, wat an Italien an enger WG lieft wou alles ganz normal leet. Bis enges Dages eng Matbewunnerin ermort an der WG opfonnt gëtt an eng riseg Ermëttlung an d'Weeër geleet gouf: Wat ass geschitt? Wien ass de Mäerder?
38 - D'Bochumer Uni-Phantom 13.03.2022 33:22
An de Joren 1994 bis 2002 gouf et zu Bochum an zu Sprockhövel eng Rei vu sexuellen Iwwergrëff. Den Täter gouf vun der Press als Uni-Phantom bezeechent. Wat do geschitt ass, erziele mir Iech an dëser Episod.
37 - The Fappening 22.02.2022 28:46
Am Joer 2014 goufe vill privat Fotoen a Videoe vu Promie geleaked. Dat Ganzt ass ënnert dem Numm "The Fappening" em d'Welt gaangen. An dëser Episod erziele mir iech dëse Fall an diskutéieren iwwer d'Sécherheet am Internet a wei een seng Daten zum Deel besser schütze kann.
36 - D'Verschwanne vum Peggy Knobloch 05.02.2022 1:03:16
2001 verschwënnt dat klengt Peggy Knobloch um Wee fir Heem no der Schoul. Vun him feelt all Spuer. Wou ass d'Peggy? Wat ass geschitt? Wien huet domadder ze dinn?
35 - Den "Todespfleger" 22.01.2022 43:49
Den Niels Högel schafft tëscht dem Joer 1999 an 2005 a verschidde Spideeler. Hien gëtt als gudde Fleeger ugesinn, bis opfält datt ëmmer wann hien am Déngscht ass et besonnesch vill Reanimatiounen a Stierffäll ginn. Wat den Niels Högel domadder ze dinn huet, gitt dir an dëser Episod gewuer.
34 - Affär: Gabby Petito 08.01.2022 37:36
Am Summer 2021 ass d'Gabby a säi Verloobte Brian op enger USA-Rees mat engem Camper-Van, bis Mëtt-Enn August schéngt alles normal ze sinn. Mee dunn ass eppes Virgefall, wat do geschitt ass, gi dir an dëser Episod gewuer.
33 - Marc DuTroux Part 2 11.12.2021 1:00:45
Haut geet et weider mam Monster aus der Belsch, de Marc DuTroux. Mat dobäi ass en Gaascht, deen eis e bëssen erzielt wei dat deemools war, wat fir eng Angscht do ënnert de Leit war.
32 - Marc DuTroux Part 1 27.11.2021 52:21
Den Numm Marc DuTroux misst zu Lëtzebuerg bal jidderengem eppes soen. An dëser Episode gi mir op dee Fall an a kucke wat do alles schif gelaf ass an a weie Chaos dat d'Belsch geheit huet. Vue dass de Fall sou grouss ass, hunn mir deen an 2 gedeelt, am 1. Deel geet et em alles wat bis zur Verhandlung geschitt ass.
31 - Based on a true Story 14.11.2021 28:59
Jidderee kennt aus de Filmer de Saz "Based on a true Story". Haut hunn mir eis 3 Horrorfilmer geholl déi op richtegen Verbriechen baséieren a kucken och wat dovu wierklech wouer ass.
30 - Xavier Dupont de Ligonnès 19.10.2021 46:12
Am Abrëll 2011 ginn zu Nantes a Frankräich d'Läiche vun enger ganzer Famill fonnt, just vum Papp feelt all Spuer. War hien de Mäerder? Wou ass hie lo?
29 - Falsch Frënn 11.10.2021 36:07
De 6. Juli 2012 verschwënnt dat 16 järegt Skylar Neese. Wat ass geschitt, wien huet mam Verschwannen ze dinn? Dat alles erziele mir iech an dëser Episode vu Loscht op Mord.
Replaio is geen uitgever van podcasts; namen van shows, covers en audio zijn eigendom van hun makers en worden verspreid via openbare RSS-feeds