radio 100,7
Kultur
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Husk å besøke podkastens nettsted og støtte skaperen: www.100komma7.lu
Hvor kan du lytte?
Podkaster i appen Replaio Radio Kommer snartPodkaster kommer snart til appen. Installer nå, og bli den første som ser en helt ny tilnærming til podkaster
Episoder
Les enfants du soleil - Gespréich mam Myriam Muller 15.10.2026
Geschriwwe wärend pre-revolutionnären Onrouen a Russland am Joer 1905, beliicht dem Gorky säin Text déi sozial Konflikter tëscht der Elite an dem "Rescht".vun der Gesellschaft, an touchéiert eng Ronn Punkten, déi sëch och haut wonn ufillen. Universell genuch, fir d'Stéck an eis Zait ernazehuelen, an äus de Parallelen eppes ze zéien, villaicht esouguer Hoffnung? Des an aner Froe beäntf...
Filmkritik: Äppel a Biren vum Lukas Grevis 15.10.2026
Eng jonk Fra mécht sech no der Première aleng op eng Rees a Griicheland, de Rucksak voll gepak mat Suergen an Zweiwel. A sengem zweete Long-métrage thematiséiert de Lëtzebuerger Lukas Grevis den Deuil, déi ambivalent Geschwëster-Relatiounen an d'Orientéierungslosegkeet vu Jonke vun haut. Eng Kritik vum Michel Delage.
Prix Goncourt: "Minotaure" vum Boris Bergmann 14.10.2026
Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Berg...
Vum Optrag “Moquette aus dem Haus rappen” zu “Villa Kutter reparéieren" 14.10.2026
Kuerz no den “Journées de l’Architecture” stinn tëscht dem 16. an 18. Oktober eis national ”Journées du Patrimoine” an d’Haus. Si sollen d’Ëffentlechkeet dësen Hierscht fir de Sujet “Patrimoine en péril: raviver, résister, réinventer” sensibiliséieren. De komplette Programm fannt dir op journeesdupatrimoine.lu . D’Kerstin Thalau stellt iech elo e Projet vir, bei deem en architektonesche Patrimoine...
Sheebaba - Haut Release an dräi Wochen 14.10.2026
De Raichtum vun der Lëtzebuerger Musekszeen huet sech ann deene lescht Joren decupléiert. Am Beraich New Wave Art Pop si Sheebaba et am Moment, déi déi de Fändel héichhalen. Düster, e bësse mysteriös a couragéiert, erennerend un dem Gaby Delgado-Lopez an dem Robert Görl hire projet DAF an de fréieren 80er. Sheebaaba hu viru kuerzem nei Musek opgeholl a brléngen de 7. November am Gudde Wëllen hir n...
Prix Goncourt: "De l'autre côté du lac" vum Sylvain Prudhomme 13.10.2026
Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht: “L’inconnue du Quai de Javel” vum Philippe Jaenada, “Nous aussi” vun der Anne Godard, “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Le fabuleux piano” vun der Sonia Devillers, “La Guerre éternelle” vum Olivier Rolin, “La solitude des professeurs est infinie” vum Yannick Haenel, “Minotaure” vum Boris Berg...
“Once upon a time” an aacht (on)duerchsiichtege Kapitelen 13.10.2026
D'Ekipp vum Radio 100,7 denkt quasi all Dag un d’Kënschtlerin Trixi Weis. Op eiser Fassad ass jo der Sculptrice a Multimedia-Kënschtlerin hir “City clock” ze gesinn, eng vertikal LED-Auer, déi een am Fënnef-Minutten-Takt liese kann. Konscht fir den ëffentleche Raum vun 2013. D'Zäit beschäftegt d’Trixi Weis awer och haut nach ëmmer: aktuell presentéiert si an der Cité de l’image, also zu...
Nei am Kino 13.10.2026
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Giorgio Vasari, Jeder nach seinem Kopf. Wagenbach: Kritik 12.10.2026
A sengem Buch ‘Jeder nach seinem Kopf’ aus dem Wagenbach Verlag begéine mir Kënschtlergeschichten an Anekdoten, déi den Giorgio Vasari am Alldag vun esou grousse Meeschteren ewéi Raffael, Michelangelo oder Leonardo da Vinci opgegraff huet. Wéi de Vasari des Kënschtler op eng ganz ënnerhalsam Aart a Weis vum héije Sockel erof hëlt, dat verréit eis elo de Léon Rinaldetti.
Like A Jazz Machine 2026 12.10.2026
Do wou eng Pop- der Rockband muss ee Concert spillen, ginn d’Saachen eescht. Déi eng oder aner Linn nach eemol prouwen, déi héich Nout treffen, trotzdem den Hals kraazt, an ass de Sound ok? Jazz-Museker hunn do e bësse méi eng relax Manéier. Mat Millioune geliesene Partituren, honnerte vun Impro-Sessions an enger bommesëcherer musikalescher Intuitioun, kann een am Moment liewen, an och spillen. Da...
Filmkritik: "Ni vue, ni connue" 09.10.2026
Eng eeler Actrice, déi et ni iwwer Niewerollen eraus gepackt huet, mécht sech u confirméiert Schauspillerinnen erun, fir et endlech zum Duerchbroch ze bréngen. Dem Marc Fitoussi seng Komedie hëlt eng ironesch Distanz zur Isabelle Huppert hirem Statut als international Filmdiva. Eng Kritik vum Michel Delage.
Filmkritik: "Primetime" 09.10.2026
A senger Reality TV-Emissioun lackelt en Animateur méiglech Kannervergewalteger an d'Fal. Dem Lance Oppenheim säin Debutfilm exploréiert déi ruckelzeg moralesch Ofgrënn, an déi d'Medien, am Zesummeschloss mat der Police a Selbstjustiz-Gruppen, kënnen ofstierzen. Eng Kritik vum Michel Delage.
Lëtzebuerg op der Vienna Design Week 09.10.2026
Dëst Joer war Lëtzebuerg Gaaschtland op der Vienna Design Week – an an der Ausstellung "Two O Eight Designing Voices" huet sech alles em d’Stëmm vum Design gedréint. Och de Radio 100,7 ass an de Projet implizéiert: An enger zäitloser Radiostatioun kënnen d’Visiteuren sech eng Vinyl kropen an an enger Kabinn ee Podcast mat engem vun 30 vum Marc Clement interviewten Designer:inne lauschteren...
D'Bün fir politesch Messagen notzen? 08.10.2026
Zënter 30 Joer stinn d'Sportfreunde Stiller op der Bün a ware gëschter och am Atelier op Besuch. Am Gespréich mam Sänger Peter Brugger ass et ëm de Gebuertsdag gaangen, deen si als Band feieren awer och ëm déi politesch Verantwortung vu Kënschtler:innen gaangen.
The Gentlemen: Vum britteschen Adel an d'Ënnerwelt 08.10.2026
Den Eddie ierft nom Doud vu sengem Papp net nëmmen den Titel an d'Familljenhaus, mee entdeckt och eng riseg Cannabis-Plantage op sengem Terrain. Onfräiwëlleg geréit hien esou an eng Welt vun Drogendealer a Gangsteren – an ëmmer méi déif an déi kriminell Geschäfter eran. „The Gentlemen“ verbënnt schwaarzen Humor, skurril Personnagen a Spannung am typesche Guy-Ritchie-Stil – an ass dobäi virun...
Filmkritik: "On sera heureux" 08.10.2026
Zwee homosexuell Flüchtlingen a Kanada, Liibesgeschichten a Loyalitéitskonflikter... Déi kanadesch Realisatrice Léa Pool weist an där Lëtzebuerger Co-Produktioun, wéi dat Intiimt an dat Politescht unenee gerode kënnen. En Kritik vum Michel Delage.
Filmkritik: "The Social reckoning" 08.10.2026
Mat Hëllef vun enger Whistleblowerin deckt en Investigativ-Reporter op, wéi Facebook bewosst politeschen Extremismus gefërdert an domat déi amerikanesch Demokratie a Gefor bruecht huet. Dem Aaron Sorkin säi Polit-Thriller baséiert op de "Facebook-Files", de Revelatioune vun 2021 vum Wall Street Journal iwwer d'Praktike vun der Social media-Plattform.
Steirischer Herbst 08.10.2026
Red Flags ass dëst Joer d’Thema vum steirischer Herbst, engem interdiziplinaresche Festival zu Graz. De Jeff Schinker war dohin – a bréngt eis seng Andréck mat.
Raygun - Wann d'ganz Welt iwwert ee laacht 07.10.2026
Eng Australesch Breakdancerin hat 2024 op den Olympesche Spiller zu Paräis een Danz virgestallt, deen zum grousse virale Moment gouf. Méintlaang gouf iwwert d‘Rachael Gunn de Geck gemaach. An engem neien Dokumentarfilm erzielt si, wei si des Zäit erlieft hat. D‘Claire Barthelemy huet fir eis eragekuckt.
Kämpferin fir d'Rechter vun all de Fraen 07.10.2026
Wéineg Perséinlechkeeten hunn am Frankräich vun der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert esou vill fir d’Rechter vun de Frae gemaach wéi déi politesch engagéiert Affekotin Gisèle Halimi. D'Journalistin Annick Cojean an d'Actrice Marie-Christine Barrault waren d'lescht Woch an der Abtei Neimënster fir en en Diskussiouns- a Liesowend iwwer déi grouss Feministin. D'Gisèle Halimi...
Optakt vum CinEast-Festival 07.10.2026
Um Mikro vum Michel Delage geet de Festival-Direkter Radek Lipka op e puer Héichpunkte vun der 19. Editioun an. Den Optakt ass dëse Freideg.
Wat mécht “The 25. Birthday Edition” vun der Nuit des Musées aus? 06.10.2026
An eise Muséeë gëtt schonn dat ganzt Joer mat spezielle Programmatioune gefeiert: de Casino an der Ënneschtgaass ass 30 Joer al ginn, de Mudam 20; den Naturmusée ass zanter 30 Joer am Gronn. Dëse Weekend erwaart iech elo eng speziell Nuit des Musées: di 25. “Birthday-Edition”. D’Kerstin Thalau huet also fir haut d’Laura Zaccaria vun der ICOM Lëtzebuerg, Coordinatrice générale fir d’Nuit an eise St...
Shida Bazyar kritt den Däitsche Buchpräis 06.10.2026
„E Roman géint Gläichgëltegkeet“ nennt d‘Jury vum Däitsche Buchpräis de Roman „Lücken“ (Kiepenheuer und Witsch) vun der Shida Bazyar an zeechent d‘Schrëftstellerin mam renomméierte Literaturpräis aus. Valerija Berdi mat Detailer.
Nei am Kino 06.10.2026
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Lignende podkaster
Replaio er ikke podkastutgiver; programnavn, omslag og lyd tilhører opphavspersonene og distribueres via offentlige RSS-feeder.