PISA de Wëssensmagazin

RTL Télé Lëtzebuerg

Natural LB 100 episodes

Episodes

Kleng Déieren, grouss Froen – a mysteriéis Grenzgeschichten, 15/06/2026 15.06.2026

Firwat picke Mustiken a wéi kann een sech schützen. Huet Lëtzebuerg e Problem mat Tigermustiken? An eng Grenzmaark déi fir zolidd Diskussioune suergt.

Onsiichtbar mee omnipresent, 18/05/2026 18.05.2026

Wéi Mikroorganismen eist Liewe beaflossen.

"Ni déi éischte Kéier beim Patient", 26/04/2026 26.04.2026

D'Ausbildung am SimUL vun der Uni Lëtzebuerg.

PISA de Wëssensmagazin, 14/12/2025 13.12.2025

Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.

Net schéin, mee spannend!, 16/11/2025 16.11.2025

D’Welt vun der Kanalisatioun.

Verstoppt am Bësch, 26/10/2025 26.10.2025

Spueren aus der Vergaangenheet Wat 80 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich un déi schrecklech Zäit erënnert a wéi eng aner Spueren aus der Vergaangenheet een haut an eise Bëscher fanne kann.

Pisa-Challenge: Missioun U-Boot, 28/09/2025 28.09.2025

Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier. Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

Summer-Geforen, 13/07/2025 13.07.2025

Wéi ee gesond a sécher duerch de Summer. Wann eng Persoun erdrénkt, soll een als Laien net direkt dohi schwammen. Am PiSa weise mir wéi ee richteg reagéiert, wéi een sech viru Blëtzer schützt an et geet em d’Gefor vun Donnerwieder beim Open Air. Firwat ee lokal Donnerwieder net ëmmer ganz präzis viraussoe kann a wat de Concertspromoteur alles maache muss, dass d’Leit gesond a sécher duerch de Conc...

Lëtzebuerg fréier, haut a muer, 15/06/2025 15.06.2025

Dem Land seng Onofhängegkeet, Migratioun a Sprooch.

Wéi benodeelegt si Fraen?, 25/05/2025 25.05.2025

Geschlechtsspezifesch Ënnerscheeder an der Medezin a Gesellschaft. Fraen a Männer ticken eben anescht. Och a Saache Gesondheet. Am PiSa haut och zwou Fuerscherinnen an ee Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg déi doru schaffen, dass d’Ongläichgewiicht an der medezinescher Behandlung méi kleng gëtt. An dat bei Demenz, Alzheimer an Autismus. A mam “GG“, dem Gender Game vum LISER wëll een op Geschlechters...

Instrument Stëmm, 04/05/2025 04.05.2025

Wéi ee sange léieren a seng Stëmm verléiere kann. Den Olivier Catani däerf op engem Bal vun de Providers ee Lidd sangen. Obwuel hien eigentlech guer net sange kann. Hie muss duerfir a Gesangscoursë goen. Hat awer just 8 Wochen Zäit. Wat kann e bluddegen Ufänger a kuerzer Zäit léieren? En Expert fir Stëmmstéierung erkläert firwat een no enger laanger Partynuecht gär mol hees ass. An d’Laura Thorn w...

Top oder Schrott?, 04/05/2025 04.05.2025

Dem Olivier Catani säi «Sweet Caroline». Den Olivier séngt gär, mee falsch. Hien wollt duerfir sange léieren. Ënnerstëtzt gouf hien dobäi vun de Providers an der Gesangsproff Julie Rodesch. Hei de Video vum Olivier sengem Optrëtt op der Nouspelter Eemaischen. No just 7 Gesangsstonnen, zwou Bandprouwen an ee Soundcheck um Dag vum Concert.

15 Joer Pisa !, 15/12/2024 15.12.2024

Mir kucken zréck an no vir. Bal 200 Sendungen an no un 1000 Reportagen. Am Pisa erkläre mir zanter 15 Joer d’Welt. Wat waren d’Highligts aus de leschte Joren. Wéi huet de Fuerschungsstanduert Lëtzebuerg sech entwéckelt. A firwat huet een am Laf vu sengem Liewen ëmmer méi d’Gefill, dass d’Zäit reegelrecht verflitt.

Wanterzäit ass Erkältungszäit!, 24/11/2024 24.11.2024

Wéi mir eis erkalen a wat wierklech hëlleft. En zolitte Schnapp. Hals- a Kappwéi. Domat sinn aktuell vill Leit geplot. Am Pisa wéi eng Medikamenter wierklech hëllefen a wéi eng een sech spuere kann. Wat an eisem Kierper genee geschitt wa mir eis mat engem Erkältungsvirus infizéieren. Firwat mir eis ëmmer rëm erkalen an u wat läit et datt d’Häre besonnesch ënnert der Männergripp leiden.

(Fake) News, 30/10/2024 30.10.2024

Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D’Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d’Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héij...

Challenge Energietransitioun, 20/10/2024 20.10.2024

Wat een haut maache muss, datt et muer net zum Blackout kënnt. Zu Lëtzebuerg soll an Zukunft nach méi Wandenergie produzéiert ginn. Wéi vill Anlage mussen duerfir opgeriicht ginn? A wéi kënnen intelligent Kamera dobäi hëllefen, dass duerch Wandrieder keng Déieren zu Schued kommen. Zu Kielen steet den éischten Agri Photovoltaik Park zu Lëtzebuerg. E kombinéiert Solarstroumproduktioun a Landwirtscha...

Everest-Challenge, 30/09/2024 30.09.2024

An engem Dag iwwer 50.000 Träppleke goen. Den neie Pisa Summer-Challenge ass extrem. Eng Aventure an den héchsten Trapenhaiser zu Lëtzebuerg. Héichuewen, Waassertuerm, Funicualaire an Héichhaus. Mat dobäi e Mann, dee scho puer Trapelafcoursse gewonnen huet. An e Sportwëssenschaftler mat enger Trainingstrap an engem speziellen Trainingsraum. Bal wéi um Mount Everest.

Eng propper Musel muss et sinn, 07/07/2024 07.07.2024

Drénkwasser vun der Musel, verstoppte Plazen op de Staustufen a firwat e schéine Waasserfall am Mëllerdall verschwanne soll. D’Musel ass eng vun de wichtegste Waasserstroossen an Europa. Am Pisa de Réckbléck op déi feierlech Aweiung viru 60 Joer. A mir ginn op eng Plaz an der Staustuf vu Stadbriedemes déi normalerweis mat Waasser gefëllt ass. Sech Meter ënnert der Musel. Da goufen et fréier och Pl...

(Fake) News, 09/06/2024 09.06.2024

Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D’Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d’Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héij...

Tabuthema Sex, 19/05/2024 19.05.2024

Komm mir schwätzen driwwer Eise Kierper, eis Sexualitéit. Eng Sexualpedagogin wëll nieft Kanner och mat Erwuessenen Tabue briechen. D’Linguistin erkläert wou verschidden Ausdréck fir d’Geschlechtsdeeler hierkommen an ob Männer hei wierklech besser ewech kommen. Wat weess d’Wëssenschaft iwwert den Orgasmus. A firwat Pornographie sech net just op Kanner a Jugendlecher negativ auswierke kann.

Pisa Spezial «Take Off», 07/04/2024 07.04.2024

Puer vun de bis elo beschte Momenter an d’Fuerschung hannendrun. No 10 Episoden Take Off kucke mir am Pisa zréck op déi bescht Momenter aus der Science Challenge Show. Kniwweleg wëssenschaftlech Challengen. Spannend bis déi lescht Sekonn. Wéi hunn d’Kandidaten d’Show erlieft? Wéi eng Fuerschung stécht hannert den Challengen? A firwat ass Take Off fir Linguisten esou interessant.

Pisa Spezial «Take Off», 11/02/2024 11.02.2024

Déi bescht Momenter aus den éischten Episoden an d’Fuerschung hannendrun. D’Emily, d’Sonia an den Amin un Take Off scho misse verloossen. D’Chiara, den Alex an d’Polina sinn nach ëmmer dobäi. Wéi hunn des sechs Kandidaten d’Science Challenge Show bis elo erlieft? Wat huet si am meeschte begeeschtert? Wat waren déi gréissten Erausfuerderung? A mir gesi wéi eng Fuerschung hannert den Challenge vun d...

Elektresch fueren, 03/12/2023 03.12.2023

Wat schwätzt duerfir, wat dogéint? Zwee identesch Elektro-Autoen. Awer zwee verschidde Chauffeur. Wéi vill Afloss hu Fuerstil an Heizung dorop wéi wäit ee kënnt? A wann den Akku futti ass. Eng Lëtzebuerger Start Up schafft drun, datt een Akkue méi laang benotzen a recycléiere kann. Dräi grouss Vibratiouns-Camione sichen no Energie am Buedem. Firwat ee bei dësem Projet och kéint Lithium fannen. An...

Wéi de Smartphone eist Liewe positiv an negativ beaflosse kann, 05/11/2023 05.11.2023

Eng jonk Studentin verzicht fir en Experiment dräi Deeg op hire Smartphone. Wat léist dat an engem aus? Firwat gräife vill Leit dacks reflexaarteg nom Handy? A wouru mierkt een dass ee vläicht handysüchteg ass? Am Lycée Ermesinde zu Miersch hunn se den Handy ganz verbueden? Firwat déi Decisioun a wéi kënnt se bei de Schüler un? A Fuerscher um LIST schaffen um Smartphone vun der Zukunft, mat engem...

Vu Lëtzebuerg aus a bal ganz Europa, 29/10/2023 29.10.2023

D’Geschicht an d’Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D’RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europ...

About the podcast

Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.

Author

RTL Télé Lëtzebuerg

Category

Natural

Podcast website

tele.rtl.lu

Language

LB

Episodes

100

Latest episode

15 giu 2026

Listen to the PISA de Wëssensmagazin podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up

Scaricala su Google Play

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.