Meh.
Meh.
“Beschte Postcast deen ech jee héieren hunn” ~ Catherine seng Mamm (huet nach ni en anere Podcast gelauschtert)“Intellectual and insightful” ~ Sidsel säi Papp (ka kee Lëtzebuergesch)“5/5” ~ Luc (huet eng Zuelen-Schwächt)E Lauschtererliefnis éischter Klass, en auditiivt Schulterzucken a minimalen oversharing - Sidsel a Cat (wësse vu wat se schwätzen… heiansdo)
Visita il sito del podcast e sostieni chi lo crea: podcasters.spotify.com
Dove ascoltare?
I podcast nell'app Replaio Radio In arrivoI podcast stanno per arrivare nell'app. Installala ora e scopri per primo un modo tutto nuovo di vivere i podcast
Episodi
Episod 3 - Shoutout un de Luc 09.09.2023 50:00
Déi eng paken de Koffer fir an d’Vakanz, déi aner fir ze verkoppelen an nach anerer well et um Cape Vert jo kéint schneien. D’Sidsel kann dat alles vu senger Lëscht sträichen, genee esou wéi e Punkt vu senger Bucket List. D’Cat huet an der Tëschenzäit seng grouss Léift an Italien fonnt, en heescht Pedro a geet op 4 Patten. Nee dat ass kee Kink mee à Propos: Féiss si scho rëm en Thema. PS: Sidd dir...
Episod 2 - Mat Strëmp Richtung Déifpunkt 26.08.2023 40:13
Haut gëtt et mol eng éierlech Äntwert op d’Fro „wéi geet et dir?“ a soe mir sou, d’Cat an d’Sidsel nenne sech net fir näischt „Queens of Meh“. Firwat d’Sidsel ausserdeem iwwerleet berufflech vu Fësch- op Strëmppartyen ëmzeklammen an d’Cat am Slip viru senger Wunneng stoung, kläre mer an dëser Episod. Klammt ran an haalt iech un, et geet biergof. Dem Sidsel ass awer op dëser Plaz dann nach wichteg...
Episod 1 - Vill plakeg Haut fir eng éischt Episod 12.08.2023 42:44
De Podcast mam Melanie a Sidsel - oder awer mam Cat a Sidsel? Wat soll ee soen, am Wellness kann ee mol sou entspanen, dass een alles ronderëm sech vergësst. Virun allem den Alldag sollt de Weekend hannert sech gelooss ginn an dofir dauchen d'Queens of Meh an dëser Episod net just an den Aperol mee och an d'Salzbecken am Nacktberäich an. Obwuel do méi op- wéi ënner-gedaucht ass. Zimmlech f...
Teaser "Queens of Meh" 08.08.2023 11:18
3...2...1 🚀 Launch! E klenge Schratt fir d'Mënschheet, e grousse Schratt fir d'Cat an d'Sidsel! Keng Angscht, et ass keen op d'Iddi komm déi Zwee an de Weltraum ze schécken, ma trotzdeem hu se eng Missioun a probéieren hire Wee am Liewen, wéi och an der Podcastwelt, ze fannen! Dee leeft mol méi, mol manner riicht an dir kënnt dobäi sinn! D'Missioun mat Kroun start hei: Lauscht...
Podcast simili
Replaio non è un editore di podcast; i nomi dei programmi, le copertine e l'audio appartengono ai rispettivi autori e vengono distribuiti tramite feed RSS pubblici