radio 100,7
Invité:e vum Dag
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Visita il sito del podcast e sostieni chi lo crea: www.100komma7.lu
Dove ascoltare?
I podcast nell'app Replaio Radio In arrivoI podcast stanno per arrivare nell'app. Installala ora e scopri per primo un modo tutto nuovo di vivere i podcast
Episodi
Dr Carlo Ahlborn, President vum CMD 27.11.2026 12:56
De President vum Cercel vun den Zänndokteren iwwer déi aktuell Onzefriddenheet vum Beruffsstand a méiglech Ausweeër aus där aktueller Kris.
Marco Boly, Direkter vun der ITM 26.11.2026
Wat ass d'Roll vun der Gewerbeinspektioun a Saache Mobbing op der Aarbechtsplaz?
Elisabeth Margue, delegéiert Medien- a Connectivitéitsministesch (CSV) 25.11.2026
Theemen: 50 Joer staatlech Pressehëllef zu Lëtzebuerg a Mindesalter fir Social-Media-Notzung.
Yves Germeaux, FEDIL 24.11.2026
D’FEDIL fuerdert, datt déi europäesch a Lëtzebuerger Wirtschaft gestäerkt ginn an de Relatioune mat China. Brauch et also méi Protektionismus an der EU? Kann Europa sech deen iwwerhaapt erlaben, en vue vun der Ofhängegkeet vu China bei verschidde matières premières? Doriwwer schwätze mir mam Responsabele fir Commerce an international Relatioune bei der Industriellefederatioun.
Meris Sehovic, Deputéierte vun déi Gréng 23.11.2026
D'COP31 goung ouni Accord op en Enn. Wéi eng Konsequenze wäert deen Echec hunn?
Ben Weber, President vum VATEL deen d'Expogast organiséiert 20.11.2026
Vum 21. bis 25. November ass d'Gastronomie-Foire an der Luxexpo. Häerzstéck ass wéi all Kéier de Culinary World Cup, bei deem Kach-Ekippen aus der ganzer Welt ëm d'Trophäe kämpfen.
Isabelle Schlesser, Direktesch vun der ADEM 19.11.2026
Wéi vill Aarbechtsplaze riskéieren zu Lëtzebuerg duerch d'Kënschtlech Intelligenz ze verschwannen? Ënner anerem dat froe mir d'Direktesch vum Aarbechtsamt.
Romain Bausch, President vum Conseil national des finances publiques 18.11.2026
Den CNFP warnt op en Neits, d'Staatsfinanze géife riskéieren, aus dem Rudder ze lafen. Mee lauschtert d'Regierung iwwerhaapt op déi Warnungen? Mir froen den CNFP-President.
Charel Schmit, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher 17.11.2026
An den Nopeschlänner bréngt d'Jugend hir Onzefriddenheet op der Strooss zum Ausdrock. Mir froen den Okaju, wéi onzefridden d'Lëtzebuerger Jugend ass.
Carole Gils, Buergermeeschtesch vun der Fusiounsgemeng Tandel 16.11.2026
Viru 20 Joer ass d'Gemeng Tandel aus der Fusioun vu Baastenduerf a Furen entstan. Mir froen d'Buergermeeschtesch, ob d'Fusioun haut vu jidderengem als Succès gesi gëtt.
Michel-Edouard Ruben, Economiste vun IDEA 13.11.2026
D'Staatsfinanze sinn amgaang an ee méi laangfristegen Desequiliber ze rutschen - deen zukünfteg Regierunge riskéiere mussen auszeläffelen, sou d'Analys vum Ekonomiste.
Liam Bremer, President vum Jugendrot 12.11.2026
Mir froen hien, wéi et de Jugendlechen zu Lëtzebuerg geet tëschent Wunnengsnout, internationale Krisen an enger onsécherer Zukunft
Georges Krombach, Verkafsdirekter vun Heintz van Landewyck 11.11.2026
Wat bedeit déi geplangten Hausse op den Accise vum Tubak fir de Lëtzebuerger Zigarettefabrikant? A wéi kritt een d'Interesse vum Secteur mat der Gesondheetspolitik conciliéiert?
Georges Krombach, Verkafsdirekter vun Heintz van Landewyck 11.11.2026
Wat bedeit déi geplangten Hausse op den Accise vum Tubak fir de Lëtzebuerger Zigarettefabrikant? A wéi kritt een d'Interesse vum Secteur mat der Gesondheetspolitik conciliéiert?
Marc Spautz, CSV-Aarbechtsminister 10.11.2026
Méi flexibel schaffen - ass d'Propose vum Aarbechtsminister eng "fausse bonne idée"? Donieft schwätzte mir iwwer d'Plattformaarbecht: Lëtzebuerg muss d'EU-Direktiv dréngend ëmsetzen.
Paul Galles 09.11.2026
Haut ass zu Antalya an der Tierkei den Optakt vun der Klimakonferenz COP31. 10 Joer nom Paräisser Ofkommes kommen do Delegéiert aus bal 200 Länner zesumme fir iwwer d'Klimapolitik ze diskutéieren. Wat erwaard sech de President vun der Klima-Chamberkommissioun Paul Galles?
Paul Galles 09.11.2026
Haut ass zu Antalya an der Tierkei den Optakt vun der Klimakonferenz COP31. 10 Joer nom Paräisser Ofkommes kommen do Delegéiert aus bal 200 Länner zesumme fir iwwer d'Klimapolitik ze diskutéieren. Wat erwaard sech de President vun der Klima-Chamberkommissioun Paul Galles?
Mike Schaltz, Direkter vum Service d'Accompagnement Tutelaire 06.11.2026
D'SAT ASBL këmmert sech ëm Leit, déi ënner Tutelle gestallt ginn, mee si brauch dréngend méi Sue fir ze iwwerliewen. Hire Chargé de direction erkläert firwat.
Charles Goerens, DP-Europadéputéierten 05.11.2026
Ass d'Défaite vum Donald Trump senge Republikaner eng gutt Nouvelle fir Europa? Déi Fro stelle mir dem DP-Europadéputéierten.
Robert Harmsen, amerikanesche Politolog op der Uni.lu 04.11.2026
Mir froen de Politikwësseschaftler, wat den Ausgang vun den amerikanesche Kongresswale fir dem Donald Trump seng Presidentschaft bedeit.
Mike Schwebag, Médiateur de la santé 03.11.2026
De Gesondheetsmediateur gëtt ageschalt, wann et e Konlikt gëtt tëschent Patient an Dokter - oder ëmgedréint. 2025 huet de Service iwwer 100 Dossiere méi registréiert, wéi 2024. Mir froen no, wou déi staark Hausse hierkënnt.
Jeromin Zettelmeyer, Direkter vum Think Tank Bruegel 02.11.2026
Däitschland a Frankräich fuerdere Lockerungen bei de Klimaziler an der Auto-Industrie a méi e staarke Schutz fir d’Produktioun an der EU. Déi wiertschaftspolitesch Denkfabrik vu Bréissel gesäit dee Virstouss kritesch a warnt, datt déi europäesch Automobilindustrie doduerch kéint den Zuch verpasse bei der Energietransitioun.
Lex Delles, Wirtschafts- an Energieminister (DP) 30.10.2026
D'Regierung an d'Sozialpartner hu sech op eng Verlängerung vun den Energiemesuren aus dem Resilienzpak gëeenegt. Wéi frou ass de Lex Delles, datt och den Tankrabatt weider gëllt?
Bauke Baumann, Expert fir den Noen Osten 29.10.2026
Wéi geet et virun no de Walen an Israel? Froen un den Expert vun der Heinrich-Böll-Stiftung, déi der grénger Partei an Däitschland nosteet.
Xavier Bettel, Ausseminister (DP) 28.10.2026
No de Walen an Israel, Brasilien a Serbien an no senger aussepolitescher Deklaratioun an der Chamber: Froen un de Lëtzebuerger Ausseminister.
Podcast simili
Replaio non è un editore di podcast; i nomi dei programmi, le copertine e l'audio appartengono ai rispettivi autori e vengono distribuiti tramite feed RSS pubblici