radio 100,7

Euranet Plus Podcast

News LB ↓ 46 episodi

Wat brauchs du an ech vun der Europäescher Unioun? Eis Journalisten an der EU sinn där Fro op de Fong gaangen.

Visita il sito del podcast e sostieni chi lo crea: www.100komma7.lu

Autore

radio 100,7

Categoria

News

Sito del podcast

www.100komma7.lu

Ultimo episodio

28 set 2026

Dove ascoltare?

I podcast nell'app Replaio Radio In arrivo

I podcast stanno per arrivare nell'app. Installala ora e scopri per primo un modo tutto nuovo di vivere i podcast

Scaricala su Google Play Installala gratis Android quasi 10 mln di download · valutazione 4,8 iOS in arrivo

Episodi

Europa Muer: Wat, wann Europa an der Defense op sech selwer ugewise wier? 05.08.2025

Dat paneuropäescht Radionetzwierk Euranet Plus lancéiert eng nei Serie vu Podcaste mat der Iwwerschrëft "Tomorrows Europe" oder "Europa Muer".  D’Radiostatiounen aus dem Reseau Euranet Plus beschäftege sech mat enger Panoplie vun Theemen, déi déi Europäesch Unioun aktuell concernéieren. Am éischte Podcast vun der neier Serie geet et ëm Defense an d’Sécherheet an Europa, oder besser...

Wéi kann d'EU d'Leit, déi schaffen, protegéieren? 29.12.2024

An dësem Euranet-Podcast geet et ëm d’Rechter vu manner qualifizéierte Mënschen a wéi si um Aarbechtsmaart kënnen iwwerliewen. Wéi eng Karriärsméiglechkeete kënne si hunn a wéi gesäit et mat de Paien aus? Well vill Mënschen, déi manner Qualifikatiounen hunn, lafe Gefor, duerch nei Technologien an och duerch KI ersat ze ginn. Presentéiert vum Jean Claude Majerus.

Wéi een Afloss huet den technologeschen Ecart op d’Gesellschaft? 29.12.2024

Déi technologesch Changementer, déi mir aktuell erliewen, hunn d’Muecht, eis Gesellschaft nawell zolidd ze splécken. An dofir ass et wichteg, eng gewësse Kontroll am Beräich vun den neien Technologien ze halen. Et gi scho grouss Ënnerscheeder tëschent den EU-Länner, wat zu enger Diskriminéierung bannent der Populatioun ka féieren. Wat kann d’EU an dësem Fall maachen? Dat ass de Sujet vun dësem Eur...

Wat kann d’EU bei den transatlantesche Relatioune maachen? 23.12.2024

Et gouf vill doriwwer diskutéiert a spekuléiert, datt den Ausgang vun den amerikanesche Walen e sougenannten “Turning Point” bei den transatlantesche Relatioune kéint sinn. D’Resultat ass elo kloer: Donald Trump heescht vu Januar 2025 un deen neien oder ale President vun den USA. Wat bedeit eng Trump-Regierung 2.0, a wat hätt d’EU sech bei enger Victoire vun der Kamala Harris erwaart. Doriwwer gee...

Wat soll d’EU maache fir Fraerechter ze garantéieren? 20.12.2024

Och wann et vill Fortschrëtter gëtt, bleift déi geschlechtsspezifesch Gewalt e grousse Problem an der Europäescher Unioun. An och d’Recht op Ofdreiwungen ass a villen EU-Länner nees a Fro gestallt. Besonnesch EU-Memberstaate mat konservative Regierunge sinn an de Froe vun Avortement a Fraerechter nees amgaangen zeréckzegoen, amplaz progressiv no vir. Dat ass de Sujet an dësem Euranet-Podcast vum J...

Wat kann d’EU fir abordabele Wunnraum maachen? 20.12.2024

Den Zougang zu abordabelem Wunnraum ass ouni Zweiwel en Haapttheema an der Europäescher Unioun. Et ass och een Theema, dat nawell méi a méi vu rietsextreeme Parteien an d’Viséier geholl gëtt. Datt et e wichtege Sujet ass, gesäit een och dorunner, datt d’EU-Kommissioun elo een eegene Ressort fir de Logement installéiert huet, an de Logementskommissär huet och d’Missioun, een europäesche Plang fir a...

Wéi soll d'EU mat der neier Weltsituatioun ëmgoen? 20.12.2024

D'Welt gëtt mat der Globaliséierung méi a méi onsécher. Mir schwätzen ewell vu Permakris an och d'Relatioun vun der EU an den USA ka sech eventuell veränneren. Nei Muechtzentren entstinn. D’EU muss hir traditionell Partnerschaften an enger Welt, déi sech verännert, iwwerdenken a muss an enger Welt mat limitéierte Ressourcë mat Prioritéiten a Kompromësser jongléieren. Doriwwer geet et dës Kéier am...

Wat mécht d'EU fir d'Liewensmëttelsécherheet? 20.12.2024

Wéi gesäit et mat de Produite mat duebeler Qualitéit aus? Ginn et d'Standarde fir Liewensmëttel an der Europäescher Unioun, fir eng adaptéiert Qualitéit ze garantéieren? Oder wéi een Afloss hunn Traditiounen oder Kultur op d'Liewensmëttel? Alles Approchen, déi an enger Fro kënne resuméiert ginn: mécht d'EU genuch fir d'Liewensmëttelsécherheet ze garantéieren? Dat ass de Sujet vum Euranet-Podcast v...

Kann d'EU hir Defense garantéieren? 14.09.2024

Duerch de Krich an der Ukrain, déi prekär Situatioun am Noen Osten an och mat den Aussoe vum republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump, dee méiglecherweis am November nees kéint amerikanesche President ginn, muss déi Europäesch Unioun sech méi a méi Gedanken iwwer hir Defense maachen. A virun allem och méi autonom ze ginn, besonnesch wann d’USA eventuell hir Obligatiounen am Kontext NA...

Wat kann d'EU maachen, fir d'Ekonomie ze stäerken? 07.09.2024

D’Stäerkt vun der Europäescher Unioun ass d’Ekonomie, jo och de Grond, firwat d’EU iwwerhaapt gegrënnt gouf. Eng vun de wichtegste Prioritéite vun der Europäescher Unioun ass eng Ekonomie ze hunn, déi fir d’Mënsche schafft. Mee genee déi Prioritéit fillt sech dacks ganz wäit vun de Mënschen ewech un an dovunner profitéieren dann nationalistesch a rietsextreem Parteien. Wat kann d’EU elo maachen, f...

Wéi kann d'EU eng Unioun bleiwen? 31.08.2024

D’Europäesch Unioun ass eng Allianz vun haut 27 Länner, déi sech zesummegedoen hu fir d’Liewe vun de Mënsche besser, méi einfach a méi sécher ze maachen. Mee kann een aktuell nach wierklech vun enger Unioun schwätzen? Hält nach all Land sech un d’Grondwäerter vun der EU, oder stinn nees déi national Interessen am Mëttelpunkt. Et ass wichteg erauszefannen, wat d’EU ka maachen, fir nees méi Eenegkee...

Wat kann d'EU maachen, fir d'Migratioun besser ze steieren? 24.08.2024

D’Migratioun e ganz sensibele mee eminent wichtege Sujet. Besonnesch vill Mënsche flüchten aus hirer Heemecht, fir an Europa e bessert Liewen ze fannen. Wat erwaarden d’Bierger:innen an der Europäeschen Unioun am Kontext vun der Migratiounspolitik? Ass et eng adäquat Aarbecht, déi un de Lännergrenze grad wéi vun der europäescher Grenzagence Frontex geleescht gëtt? Wat sollen Europäer maachen, awer...

Wat hu mir aus der Covid-Pandemie geléiert? 17.08.2024

Esou Menacen, wéi eeben eng Pandemie, sinn eng Erausfuerderung fir déi ëffentlech Gesondheet a virun allem stoppe se net virun de Lännergrenzen. Huet d’EU richteg reagéiert a goufen an de Länner déi richteg Decisioune geholl? Wéi hunn d’Leit op d’EU-Politik wärend der Pandemie reagéiert? Am Fall wou Europa et nach emol mat enger weltwäiter Pandemie ze di kréisch, sinn d’Äntwerten op dës Froe wicht...

Wéi kann een Desinformatioun entschäerfen? 10.08.2024

Zanter dem fréieren amerikanesche President Donald Trump hu Fakenews an Desinformatiounen eng ganz nei Envergure a Qualitéit kritt. D’Journalistenekipp vum Europäesche Radionetzwierk Euranet plus war fir dëse Podcast an den EU-Memberstaten ënnerwee fir erauszefannen, wou mir aktuell, am Joer vun den Europawalen mat de Fakenews an der Desinformatioun stinn. D’Fro ass dobäi: Wéi kann een Desinformat...

Wat wëlle mir fir d'Ukrain? 03.08.2024

Et vergeet bal keen Dag, wou mir net iwwer de Krich an der Ukrain héieren, liesen, gesinn oder doriwwer schwätzen. An dee Krich mécht de Mënschen an der Europäescher Unioun nawell zolidd Suergen. D’EU-Bierger erwaarden och vun der Europäescher Unioun, datt se der Ukrain weider hëllefen a se ënnerstëtzen. Just wann et awer ëm Militärhëllef geet, da ginn d'Meenungen auserneen.

Wat wëllen déi europäesch Baueren? 27.07.2024

D’Ekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus war fir dëse Podcast an der europäescher Landwirtschaft ënnerwee. D’Journalisten hunn d’Meenung bei nawell zimmlech rosene Baueren a ganz Europa agefaangen. D’Fro ass dobäi: Wat wëllen d’Baueren?

Euranet Podcast: Fir wien oder firwat gouf bei den Europwale gewielt? 20.07.2024

An de Podcaste vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus, stellen d’Journalistinnen an d’Journalisten eng ganz Partie Froen, wat d’Biergerinnen an d’Bierger an Europa vun der Europäescher Unioun erwaarden a wat d’EU kann, soll a misst maachen. Hei stinn d’Europawalen am Mëttelpunkt. De Jean Claude Majerus resüméiert Äntwerten zu enger ganzer Partie Froen. Wéi eng Trende kann een aus de Resultate...

Wéi kann een Desinformatiounen entschäerfen? 05.04.2024

Zanter dem amerikaneschee President Donald Trump hu Fakenews an Desinformatiounen eng ganz nei Envergure a Qualitéit kritt. D’Journalistenekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus war fir dëse Podcast an den EU-Memberstaaten ënnerwee fir erauszefannen, wou mir aktuell, am Joer vun den Europawalen, mat de Fake News an der Desinformatioun stinn. D’Fro ass dobäi: Wéi kann een Desinformatioune...

Wat wëllen d'Baueren? 03.04.2024

D’Journalistenekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus war an der europäescher Landwirtschaft ënnerwee an hunn d’Meenung vun nawell zimmlech rosene Baueren a ganz Europa agefaangen. D’Fro ass: Wat wëllen d’Baueren? A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit Presentéiert vum Jean Claude Majerus.

D’Stëmme vun den EU-Stroossen 01.04.2024

Déi Europäesch Unioun ass mat enger ganzer Partie Problemer konfrontéiert, wéi de Krich an der Ukrain, d’Protester vun den europäesche Baueren, déi ekonomesch Situatioun, d’Migratioun, de Klimachangement oder d’Verdeedegungspolitik, fir nëmmen déi ze nennen. Mee wat denken dann d’Bierger:innen an der Europäescher Unioun? Wéi gesi si d’EU? Wéi eng Doleancen hu si a wéi eng an Erwaardunge setze si a...

Kënnen nei Technologien d’Welt retten? 10.02.2024

KI, Satellitten, Wiedermanipulatiounen, wat kann dat bréngen? Wéi genee a wéi wäit kënnen nei Technologien de Klimachangement an de Grëff kréien? Kënne mer eis dorobber verloossen amplaz eis schlecht Gewunnechten, déi der Welt schueden, ze änneren? Et muss een iwwert Zukunft diskutéiere fir eraus ze fanne wéi eng Erwaardunge mer an Innovatioun an Technologie kënnen hunn. Op der COP 28 huet goufen...

Ascolta il podcast Euranet Plus Podcast su Replaio

Radio e podcast in un'unica app - gratis e senza registrazione. Installala oggi e non perderti il lancio

Scaricala su Google Play

Replaio non è un editore di podcast; i nomi dei programmi, le copertine e l'audio appartengono ai rispettivi autori e vengono distribuiti tramite feed RSS pubblici