Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

News LB ↓ 213 epizód

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

Mindenképp látogasd meg a podcast oldalát, és támogasd a készítőjét: www.reporter.lu

Szerző

Reporter.lu

Kategória

News

A podcast weboldala

www.reporter.lu

Legutóbbi epizód

2026. júl. 10.

Hol hallgathatod?

Podcastok az alkalmazásban Replaio Radio Hamarosan

A podcastok hamarosan megérkeznek az alkalmazásba. Telepítsd most, és láss elsőként egy teljesen új megközelítést a podcastokhoz

Letöltés a Google Play-ről Telepítsd ingyen Android közel 10 M letöltés · 4,8-as értékelés iOS hamarosan

Epizódok

On the Record: Wat mécht d’Krisepolitik mat der Demokratie? 09.09.2022

D’Lëtzebueger Politik gëtt aktuell vu globalen Krisen bestëmmt: Pandemie, Ukrainkrich an hir Dominoeffekter wei Inflatioun, an héigen Energiepräisser. Wéien Effekt hunn esou Dauerkrisen op eng Demokratie? Doriwwer huet sech d'Isabel Scott mam Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu, ënnerhalen.

On the Record: Wéi krisefest ass d'Luxair? 02.09.2022

D'Luxair stécht an enger déiwer Kris. Grond dofir ass net just d'Pandemie: d'Airline ass säit Joren an enger schwiereger finanzieller Situatioun. Dozou kennt en ugespaant Verhältnis tëscht Personal an Direktioun. Dorëms geet et an der neier Episod vun "On the Record".

On the Record: Neiorientéierung vun der humanitärer Hëllef 26.08.2022

Lëtzebuerg kritt eng nei Strategie fir seng humanitär Hëllef, a well sech doduerch un d’Realitéit vun den Dauerkrisen an der Welt upassen. Firwat déi Approche am ONG-Beräich net onëmstridden ass: Doriwwer geet et an der neier Episod vu Reporter „On the Record“.

On the Record: Wat huet de Steierdebat bruecht? 19.08.2022

Steieren a Gerechtegkeet wäerten e wichtege Sujet bei de Walen 2023 sinn. Am Juli hunn sech d'Parteien an der Chamber scho positionéiert. Mee fir wéi eng Reforme gëtt et och eng politesch Majoritéit? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

On the Record: De Manktem u Flüchtlingsstrukturen 12.08.2022

Zu Lëtzebuerg feelt et u Plaz fir Flüchtlingen ënnerzebréngen. De Constat, dee schonn 2015 beim Syriekrich gemaach gouf, bleift haut onverännert. D'Autoritéite sinn an engem Däiwelskrees gefaangen. Dorëms geet et an der neister Episod vun "On the Record".

On the Record: Wéi sënnvoll ass den Tankrabatt? 05.08.2022

Säit Abrëll si mam Tankrabatt d’Steieren um Sprit erofgesat. Mee et bestinn Zweiwel, ob déi Mesure hält, wat d’Regierung versprécht. Am Hannergrond streit d’Koalitioun och iwwert den Tanktourismus. Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

On the Record: De politesche Stil vum Paulette Lenert 29.07.2022

Gëtt et eng „Methode Paulette Lenert“? Wat zeechent de Féierungsstil vun der Vizepremier- a Gesondheetsministerin aus? A wéi realistesch sinn hir Chancen, déi éischt Premierministerin am Land ze ginn? Dorëms geet et an der neister Episode vun „On the Record“.

On the Record: Black Box SIGI 22.07.2022

D'Mëssstänn am "Syndicat Intercommunal de Gestion informatique" (SIGI), déi Reporter.lu rezent opgedeckt huet, hu séier Konsequenze kritt a sollen elo duerch 3 Auditten gekläert ginn. Am REPORTER-Podcast "On the Record" gëtt déi ganz SIGI-Saga opgeschafft.

On the Record: De Fall CIGR-Mëllerdall 15.07.2022

Fir Léit, déi laang am Chômage sinn, solle Beschäftegungsinitiative wéi de CIGR-Mëllerdall eng Bréck bidde fir op de régulairen Aarbechtsmarché ze kommen. Mee wéi Betraffener Reporter.lu erzielen, stécht dohannert e System, dee senger Missioun net ëmmer gerecht gëtt.

On the Record: "Passerell asbl" 08.07.2022

Wee zu Lëtzebuerg Asyl ufreet, muss sech op laangwiereg a komplex Prozeduren astellen. Fir déi divers bürokratesch Hürden ze meeschteren, kennen Flüchtlingen Ënnerstëtzung kréien vun der Hëllefsorganisatioun "Passerell". D'Asbl, déi selwer em d'Iwwerliewen kämpft, kritiséiert datt Flüchtlingen kee gudden Access zur Justiz kréichen: se géifen net vun den Autoritéiten iwwert hir Rechter opgekläert g...

On the Record: D'Affär SuperDrecksKëscht 01.07.2022

D'Dysfonctionnementer bei der Aktioun SuperDrecksKëscht, déi Reporter.lu d'läscht Joer opgedeckt huet, beschäftege weider d'Politik. An dëser Episod vu REPORTER "On the Record" schafen d'Isabel Scott an de Pit Scholtes e kriteschen Iwwerbléck iwwer déi ganz Affär.

On the Record: Legaliséierung vu Cannabis 24.06.2022

D’Regierung wëll Cannabis „dekorrektionaliséieren“. Wat heescht dat? An ass domat déi eigentlech geplangt Legaliséierung vum Dësch? Am REPORTER-Podcast „On the Record“ versichen d’Isabel Scott an de Pol Reuter Kloerheet an den Dossier Cannabis ze bréngen.

On the Record: Lëtzebuerger Russlandpolitik 17.06.2022

„On the Record“ mam Isabel Scott ass den neie Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. An der 1. Episod geet et ëm Lëtzebuerger "Consuls honoraires" a Russland an d'Ambivalenz vun der Lëtzebuerger Aussepolitik am Kontext vum Ukrainkonflikt.

Hallgasd a(z) On the Record - Reporter.lu podcastot a Replaióban

Rádió és podcastok egy alkalmazásban - ingyen és regisztráció nélkül. Telepítsd még ma, és ne maradj le a premierről

Letöltés a Google Play-ről

A Replaio nem podcastkiadó; a műsorok nevei, borítóképei és hanganyagai a szerzőiket illetik, és nyilvános RSS-csatornákon keresztül terjednek.