Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

News LB ↓ 226 epizód

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

Mindenképp látogasd meg a podcast oldalát, és támogasd a készítőjét: www.reporter.lu

Szerző

Reporter.lu

Kategória

News

A podcast weboldala

www.reporter.lu

Legutóbbi epizód

2026. okt. 9.

Hol hallgathatod?

Podcastok az alkalmazásban Replaio Radio Hamarosan

A podcastok hamarosan megérkeznek az alkalmazásba. Telepítsd most, és láss elsőként egy teljesen új megközelítést a podcastokhoz

Letöltés a Google Play-ről Telepítsd ingyen Android közel 10 M letöltés · 4,8-as értékelés iOS hamarosan

Epizódok

Wat mécht d'Regierung eigentlech? 02.05.2025

CSV an DP wëlle laut hirem Programm „Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken“. Wat huet d'Regierung bis elo ëmgesat? Wou muss si nach liwweren? An u wéi enge Reforme muss si sech moosse loossen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Et war eemol „de Westen“ ... 25.04.2025

D’USA gesinn Europa net méi als historeschen Alliéierten an d’EU-Staate froen sech, wéi reagéieren. Wéi steet et ëm déi transatlantesch Relatiounen? Oder anescht gefrot: Gëtt et „de Westen“ iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Muss och Lëtzebuerg elo oprüsten? 18.04.2025

E russeschen Aggresseur an en onzouverlässege Partner USA: Europa muss sech militäresch nei opstellen. Wéi sinn déi aktuell Entwécklungen ze bewäerten? A wat ka Lëtzebuerg an deem Kontext maachen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Sozial, liberal oder am Fong egal? 11.04.2025

Enn Abrëll wäert d'Demokratesch Partei eng nei Spëtzt wielen. Wéi wäert sech dëse Wiessel auswierken? Wéi huet sech d'Partei an der Koalitioun mat der CSV verännert? A fir wat steet si nach politesch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

En éischte Schrëtt eraus aus der Immobiliekris? 04.04.2025

No schwierege Jore gëtt et nees méi Aktivitéit um Logementsmarché. Dat soen déi neisten Zuelen. Hunn d’Mesure vun der Regierung deemno gegraff? Oder ginn et aner Facteuren? An ass déi Relance vun Dauer? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wat huet d’Caritas-Kommissioun bis elo bruecht? 28.03.2025

Säit ronn sechs Méint schafft eng Spezialkommissioun vun der Chamber d’Caritas-Affär op. Wat huet si bis elo erausfonnt? Wat war d’Roll vun den eenzelnen Acteuren? An erfëllt d’Kommissioun hir Aufgab? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Covid, fënnef Joer duerno 21.03.2025

Am Mäerz 2020 ass Lëtzebuerg an de Lockdown gaangen. Et war eng vu ville Mesure. Wéi ass d’Aarbecht vun der Regierung réckbléckend ze bewäerten? A wat fir Conclusioune sinn doraus ze zéien? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wéi kéint de Walsystem reforméiert ginn? 14.03.2025

Een eenzege Walbezierk, méi Deputéiert an awer vläicht en Auslännerwalrecht: Doriwwer gëtt aktuell an der Chamber diskutéiert. Wat proposéieren déi eenzel Parteien? A wéi eng Iddien hunn eng realistesch Chance? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wat stécht hannert dem Crypto-Bedruch? 07.03.2025

Och zu Lëtzebuerg gi Leit Affer vu sougenannte Callcenter-Scams a verléieren dobäi deels ganz vill Suen. Wéi genau funktionéiert dës Form vu Bedruch? Wien stécht dohannert? A wéi kann een sech schützen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Eng nei Ära an der Weltpolitik 28.02.2025

Säit dem Comeback vum Donald Trump ginn déi transatlantesch Relatioune méi wéi jee a Fro gestallt. Wat bedeit dat fir Europa? A wéi realistesch ass eng eegestänneg Aussen- a Sécherheetspolitik vun der EU? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Eng Schicksalswal fir Däitschland? 21.02.2025

No engem hëtzege Walkampf wielt Däitschland en neie Bundestag. Wéi eng Themen hunn dominéiert? Wéi eng Koalitiounen si méiglech? A wat kéint eng nei Regierung fir Lëtzebuerg an Europa bedeiten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Ee Like, deen déif blécke léisst 14.02.2025

Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet mat sengem Verhalen op Facebook alt nees fir Opreegung gesuergt. Déi aner Parteien hunn dat schaarf verurteelt. Mee geet dat duer? Oder missten et méi Konsequenze ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Eng nei Flüchtlingspolitik? 07.02.2025
Gutt, datt mir driwwer geschwat hunn? 31.01.2025

Sollen LGBTQ+-Sujeten an der Schoul behandelt ginn? Dat war dës Woch Thema an der Chamber. Wat ass vum Debat zréckzebehalen? An wat seet en iwwer déi politesch Polariséierung zu Lëtzebuerg aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

An elo, en français s'il vous plaît 24.01.2025

An Zukunft soll d'Alphabetiséierung an der Grondschoul och op Franséisch méiglech sinn. Firwat ass dës Reform wichteg? Wat sinn d'Contraintë bei der Ëmsetzung? A wéi ass d'Approche vum Minister ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Alles elektresch oder wat? 17.01.2025

Bis 2030 sollen 49 Prozent vun de Gefierer zu Lëtzebuerg Elektroautoe sinn. Ass dat Zil bei der aktueller Entwécklung ze erreechen? Wat sinn d'Contrainten? An huet d'Politik déi néideg Mesurë getraff? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wéi eng EU-Politik wëll de Luc Frieden? 10.01.2025

An der Regierung schéngt och d'Europapolitik Chefsaach ze sinn. Wou huet de Premier Luc Frieden bis elo Akzenter gesat? A wéi ass säi Verhältnis mam Ausseminister Xavier Bettel ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wat erwaart eis 2025? 03.01.2025

De Comeback vum Donald Trump, Walen an Däitschland an eng onsécher Wirtschaftslag wäerten déi éischt Méint vum neie Joer prägen. Wat bedeit dat fir d’Weltpolitik? Wat steet fir Lëtzebuerg um Spill? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wat eis Redaktioun 2024 beweegt huet 27.12.2024
D’Hannergrënn vum Caritas-Skandal 20.12.2024

D’Caritas-Affär huet d’Aktualitéit vun de leschte Méint bestëmmt. Wou ass d’Enquête drun? Wat si Spekulatiounen, wat ass tatsächlech gewosst? A wéi eng Roll spille Journaliste beim Opschaffe vum Skandal?

Méi Kafkraaft, mee geet dat duer? 13.12.2024

D’Stäerkung vun der Kafkraaft ass dee politische Sujet, deen sech d’Regierung op de Fändel geschriwwen huet. Mee geet den Entlaaschtungspak duer? Oder brauch et strukturell Reformen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Gëtt d’Nordstad jeemols Realitéit? 06.12.2024

De Bettenduerfer Gemengerot huet sech aus de Verhandlungen zur Nordstad-Fusioun zréckgezunn. D’Bierger wëllen elo e Referendum. Bréngt dat de ganze Prozess un d’Stocken? Oder ka grad elo eng nei Dynamik entstoen?

D’Aussepolitik vum Xavier Bettel 29.11.2024

De Xavier Bettel ass mëttlerweil säit engem Joer Ausseminister. Wéi huet sech d’Aussepolitik mat him verännert? Wéi agéiert hien a geopolitesch brisanten Dossieren? A wéi an der Entwécklungshëllef?

Wat mécht Schwaarz-Blo anescht? 22.11.2024

D’Koalitioun tëscht CSV an DP ass mëttlerweil säit engem Joer am Amt. A wéi enge Beräicher ass eng nei Handschrëft ze erkennen? A wou gëtt et eng Kontinuitéit zur viregter Regierung?

Wéi geet et weider mam Staatsrot? 15.11.2024

Den LSAP-Kandidat Max Leners ass net zum Member vum Staatsrot gewielt ginn. Wat sinn d’Hannergrënn vun dësem Vote? A wat bedeit dat fir de Fonctionnement vum Staatsrot?

Hallgasd a(z) On the Record - Reporter.lu podcastot a Replaióban

Rádió és podcastok egy alkalmazásban - ingyen és regisztráció nélkül. Telepítsd még ma, és ne maradj le a premierről

Letöltés a Google Play-ről

A Replaio nem podcastkiadó; a műsorok nevei, borítóképei és hanganyagai a szerzőiket illetik, és nyilvános RSS-csatornákon keresztül terjednek.