fr

radio 100,7

Kultur

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit

N'hésitez pas à visiter le site du podcast et à soutenir son créateur : www.100komma7.lu

Auteur

radio 100,7

Catégorie

News

Site du podcast

www.100komma7.lu

Dernier épisode

17 nov. 2026

Où écouter ?

Les podcasts dans l'appli Replaio Radio Bientôt disponible

Les podcasts arrivent très bientôt dans l'appli. Installe-la dès maintenant et découvre en avant-première une toute nouvelle façon de vivre les podcasts

Télécharger sur Google Play Installe-la gratuitement Android 10 M+ de téléchargements · note de 4,7+ iOS bientôt

Épisodes

Francis of Delirium live zu Chicago 17.11.2026

Eisen US-Korrespondent Philip Crowther huet mat der Lëtzebuerger Band geschwat, fir déi et net den éischten Optrëtt an de Staate war.

40 Wierker aus private Sammlungen, déi d’Ëffentlechkeet nach ni gesinn huet 17.11.2026

D’Privatstëftung MeRL ass gegrënnt ginn, fir de Patrimoine vun de Famille Mousel/ Reiffers/ Libens ze versuergen. Doriwwer eraus ënnerstëtzen d’Memberen d’Fuerschung an och d’Konscht. Am Kontext vun der Luxembourg Art Week zejoert, haten si di jonk Konscht–Curatrice Claire di Felice bei de Cercle des collectionneurs du Mudam geschéckt, fir mat hire private Konschtschätz eng Expo am Malt, also a Cl...

Nei am Kino 17.11.2026

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.

"La vie est une fête" am Escher Theater 16.11.2026

"La vie est une fête", produzéiert vu der Theatergesellschaft Les Chiens de Navarre an inszéneiert vum Jean-Christophe Meurisse, kléngt vum Titel hier ähnlech wéi "Tanzende Idioten", d’Theaterstéck, dat mir grad beschwat hunn. Vum Inhalt hier kéint et awer net méi ënnerschiddlech sinn. D’Emma Hizette an de Jeff Schinker waren d’Stéck e Freiden am Escher Theater kucken, wou et nëmme...

"Tanzende Idioten" vum Thorsten Lensing am Groussen Theater 16.11.2026

"Tanzende Idioten" vum Thorsten Lensing ass de Weekend am Groussen Theater gelaf. No "Verrückt nach Trost" an der Saison 2022/23 ass d’Stéck dat zweet Originalwierk vum renomméierten däitsche Regisseur. Et baséiert u sech op zwee Sätz aus enger Erzielung vum amerikanesche Schrëftsteller Denis Johnson an huet de lëtzebuergesche Schauspiller André Jung sou wéi de Sebastian Blomberg,...

Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger – Schutz 16.11.2026

De Schrëftsteller Guy Helminger sëtzt nach ëmmer zu Istanbul an hat sech virgeholl déi véier Schutzhelleg vum Bosporus ze besichen. Mee do war kuerzfristeg eppes dotëschent komm. Op hie senge Patréiner hannenno awer nach konnt Moie soen, erzielt hien mat senger drëtter Postkaart.

Filmkritik: "Ebenezer" 13.11.2026

Den Johnny Depp als ale Granzert am viktorianesche London, dee vu Geeschter erëm dozou bruecht gëtt, Chrëschtdag z'appreciéieren. Den Amerikaner Ti West adaptéiert eng Kuerzgeschicht vum Charles Dickens. Eng Kritik vum Michel Delage.

Filmkritik: "Club Kid" 13.11.2026

En drogenofhängegen, homosexuellen New Yorker Party-Organisateur gëtt gewuer, datt hie Papp vun engem zéng Joer ale Bouf ass. Den Jordan Firstman huet och d'Haaptroll a sengem Debutfilm als Realisateur iwwerholl. Eng Kritik vum Michel Delage.

13.11.2026
Tëscht Familljechaos, Identitéit a verrécktem Humor 12.11.2026

Dräi asiatesch-amerikanesch Geschwëster probéieren, sech duerch de chaoteschen Alldag zu New York ze schloen. Dobäi geet et ëm Famill, Identitéit an d'Erausfuerderunge vum Erwuessenginn. Am Serientipp stellt den Simon Larosche d'Netflix-Serie „DANG!“ vir, eng frech Animatiouns-Comedy, déi verréckten Humor mat eeschten Themen kombinéiert.

Filmkritik: "Il faut brûler maman" 12.11.2026

Well d'Personal bei de Pompes funèbres streikt, mussen d'Ierwe vum Famijebetrib hir verstuerwe Mamm selwer verbrennen. Den Albert Dupontel huet eng sophistikéiert schwaarz Komedie iwwer Liewen an Doud, Geschwëster-Konflikter a Léift gedréint. Eng Kritik vum Michel Delage.

Filmkritik: "Minotaure" 12.11.2026

E russesche Geschäftsmann geréit wéinst dem Ukrain-Krich a senger ontreier Fra an d'Labrennten. De russesche Cineast Andrei Zviaguintsev aktualiséiert dem Claude Chabrol säi gëftege Klassiker "La Femme infidèle" vun 1969. Eng Kritik vum Michel Delage.

Fënnef Joer nom Prix de Révélation de Prix Pierre Werner fir d’Julie Wagene 12.11.2026

Am Tramsschapp um Lampertsbierg ass de leschte Weekend den traditionellen Hierschtsalon vum Cercle artistique de Luxembourg, kuerz CAL, opgaangen. En internationale Jury hat 44 Artist:innen vun 129 Kandidature fir d’Expo selektionéiert. Da ginn och nees zwee Präisser iwwerreecht, di allebéid mat 5’000 Euro dotéiert sinn: eemol de “Prix du Public”, fir deen d’Visiteure bis den 22. November hier Stë...

"Ma vie sous les tentes" 11.11.2026

Gëschter Owend war d’Première vum Jeff Schinker sengem Stéck Ma vie sous les tentes am Théâtre du Centaure. Gespillt vum Pitt Simon an inzenéiert vum Jacques Schiltz. D’Emma Hizette war d’Stéck kucken an ass am Studio beim Simon Larosche mat sengen Andréck.

Booker Prize: "The End of Everything" vum M. John Harrison 11.11.2026

De Méindeg krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Douglas S...

Booker Prize: "The Disappearers" vum Marlon James 11.11.2026

De Méindeg krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Douglas S...

Booker Prize: "May We Feed the King" vun der Rebecca Perry 11.11.2026

De Méindeg krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Douglas S...

Ausbléck op Walfer Bicherdeeg 11.11.2026

Et ass déi 31. Editioun vun der gréisster Bicherfoire ze Lëtzebuerg. Riets ass vun de Walfer Bicherdeeg, déi den 21. an den 22. November mat Stänn vun Editiounshaiser aus Lëtzebuerg an der Groussregioun, Liesungen, Workshoppen, Musek, Animatioun a Bicher fir déi ganz Kleng de Publikum unzéien. Fir iwwer déi dësjäreg Editioun ze schwätzen, ass d'Viviane Hecker vun der Walfer Gemeng Invitée bei...

Zum Doud vum Jean Sorrente 10.11.2026

Hien hätt roueg nach kéinten de Batty Weber Präis kréien, esou de Ian De Toffoli, Editeur vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Jean Sorrente, dee gëschter am Alter vun 71 Joer gestuerwen ass. Valerija Berdi mat engem Noruff.

Eng Kris vun der Männlechkeet: d'Shortlist vum Booker Prize ënnert der Lupp 10.11.2026

Gëschter Owend krut den M. John Harrison de Booker Prize fir säi Sci-Fi-Roman "The End of Everything". Well Shortlëschten oft méi interessant sinn, wéi dat Buch, dat gewënnt, rezenséieren d’Emma Hizette an de Jeff Schinker haut a muer déi sechs Bicher vun der Shortlëscht. Nieft dem Gewënner ass dat "The Things We Never Say" vun der Elizabeth Strout, "John of John" vum Dougl...

Nei am Kino 10.11.2026

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.

Postkaart aus Istanbul: Iwwerliewen 09.11.2026

De Schrëftsteller Guy Helminger ass fir dräi Méint op Istanbul geplënnert, wou alles immens deier ginn ass, och fir d’Touristen, mee virun allem fir d’Tierke selwer. Munchereen wunnt illegal an engem ale, baufällegen Holzhaus. Mee och déi mat engem Job, wëssen deelweis net wéi se iwwer d’Ronne komme sollen.

Edsun - Eagle's View a Moth 09.11.2026

Dir hutt "Eagles View", dem Edsun séng nei Singlem bestëmmt schonn hei um Radio héieren. Iwwert d'Lidd, an aner Pläng huet de Marc Clement mam Museker geschwat.

Happy birthday TNL! 09.11.2026

Et ass eng speziell Saison déi den TNL Mëtt Oktober op hirer neier Spillplaz dem TBL Atelier mat “Sein oder nocht sein” vum Nick Whitby an enger Mise en scène vum Frank Hoffmann lancéiert huet. Et ass nämlech d’Saison vum 30 Anniversaire vum Théâtre national. Dräi Joerzéngte sinn et schonn hir datt mam TNL en neien Acteur, fir et sou ze soen an der Lëtzebuerger Theaterlandschaft entstanen ass an e...

Le Guess Who? Festival 09.11.2026

De Weekend war zu Utrecht den Le Guess Who?– de bekannte Museksfestival huet dëst Joer säin 20. Anniversaire gefeiert, an dat mat enger gewinnt eklektescher Programmatioun. De Max Tholl war déi lescht Deeg um Festival ënnerwee an erzielt iwwer sneg Andréck.

Écoute le podcast Kultur sur Replaio

La radio et les podcasts dans une seule appli - gratuite, sans inscription. Installe-la dès aujourd'hui et ne rate pas le lancement

Télécharger sur Google Play

Replaio n'est pas éditeur de podcasts ; les noms des émissions, les visuels et l'audio appartiennent à leurs auteurs et sont diffusés via des flux RSS publics