Poterkëscht

Poterkëscht vum INLL

Education LB ↓ Επεισόδια: 204

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Δημιουργός

Poterkëscht

Κατηγορία

Education

Ιστοσελίδα του podcast

www.inll.lu

Τελευταίο επεισόδιο

7 Ιουλ 2026

Πού να ακούσεις;

Podcast στην εφαρμογή Replaio Radio Έρχεται σύντομα

Τα podcast έρχονται σύντομα στην εφαρμογή. Εγκατάστησέ την τώρα και δες πρώτος μια εντελώς νέα προσέγγιση στα podcast

Κατέβασέ το από το Google Play Δωρεάν εγκατάσταση Android σχεδόν 10 εκατ. λήψεις · βαθμολογία 4,8 iOS σύντομα

Επεισόδια

En Jobinterview (A2) 28.01.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut lauschtere mir en Jobinterview. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: En Jobinterview Accueil: Gudde Moie Monsieur. B: Gudde Moien. Ech hunn elo um 10:15 Auer, e Rendez-vous fir en Entretien. A: Wéi ass Ären Numm wgl.? B: Ech heesche Bertrand Lafontaine. A: Kënnt Dir Ären Numm buschtawéieren, wannechgelift? B: Jo, natierlech. Mäi Virnum...

Hobby: Badminton (A2) 23.01.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer säin Hobby, Badminton spillen, a säin Engagement an engem Veräin zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir den Emmanuel bei eis am Studio. Hien erzielt eis e bëssen iwwer säin Hobby, a wéi et dozou komm ass, datt hie Pre...

Am Reesbüro (A2) 21.01.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, an deem eng Koppel sech am Reesbüro iwwer hir Vakanz beschwéiert. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Reesbüro A: Gudde Moien, Madamm Müller! Mir musse mat Iech iwwer eis lescht Vakanz schwätzen. Mir si wierklech enttäuscht!  C: Gudde Moien, Här a Madamm Weber! O jee, dat deet mir awer leed. Wat ass da genau geschitt?  B: É...

Am Sproochecafé (A1) 16.01.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir en Dialog tëschent zwou Persounen, déi an engem Sproochecafé matenee schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Sproochecafé Organisatrice: Moien an häerzlech Wëllkomm hei zu Luerenzweiler an eisem Sproochecafé! Dir kënnt hei véier Sproochen schwätzen an trainéieren. Op der rietser Säit, hei vir, ass den Dësch fir Dä...

Interview mam Maisy Gorza (B2) 14.01.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut hu mir d'Maisy Gorza, d'Directrice vum INLL bei eis am Studio. Mir schwätze mat him zesummen iwwer den INLL. Vill Spaass beim Nolauschteren! -- Fir dësen Episod ass keen Transkript disponibel.

Hobby: Trail Lafen (A2) 09.01.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mam Güneş iwwer säin Hobby, Trail lafen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A : Wëllkomm an der Poterkëscht! Haut schwätze mir erëm eng Kéier iwwer Hobbyen. Mir hunn dofir en Apprenant aus dem INL bei eis am Studio, de Güneş. Wëllkomm am Studio!  B: Moien!  A: Güneş, du léiers de Moment Lëtzebuergesch. Zanter wéini?  B:...

Virsätz fir dat neit Joer (A2) 07.01.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir e bëssen iwwer Virsätz fir dat neit Joer. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Virsätz fir d’neit Joer  A: Wëllkomm zréck an der Poterkëscht ! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Virsätz fir d’neit Joer. Dat passt, oder?  B: Absolut! Ech huele mir ëmmer gär e puer gutt Virsätz, och wann ech se meeschtens am Februar schon...

Vun enger Sylvesterfeier erzielen (A2) 02.01.2025

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hire Sylvesterowend schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren. - Transkript: A: Prost a vill Gléck am neie Joer!  B: Prost! Och fir dech, virun allem eng gutt Gesondheet. Gëschter war jo mol e lëschtegen Owend.  A: Gell. Bis wéi vill Auer bass du bliwwen?  B: O Mamm, vill ze laang.  A: Firwat sees de dat?  B: Ma de Christ...

E chatoescht Chrëschtdagsiessen (A2) 26.12.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Mir hoffen, datt dir schéi Feierdeeg hat. Am Episod vun haut erziele mir vun engem chaotesche Chrëschtdagsiessen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: B: Hallo! Wéi geet et dir? A: Hallo! Gutt an dir? Wéi waren deng Feierdeeg ? B : Jooo…hmm… Hellegowend war immens schéin, mee Chrëschtdag selwer war fuerchtbar! A: Wéi? Wat ass da geschitt? B: Am Ufank war...

De Wanter a Wanterpneuen (A2) 19.12.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir e bësse méi allgemeng iwwer de Wanter, an duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Wanterpneue schwätzen. - Transkript: De Wanter Am Wanter ass et zu Lëtzebuerg kal, net grad esou kal wéi an den nërdleche Länner, mee et kënnen awer och Minusgrade ginn. Meeschtens sinn d’Temperaturen ëm déi 5 Grad an et reent och vill. Zu Lëtzebuerg schneit...

De Stot an d'Hausregelen (A2) 17.12.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut héiere mir fir d'éischt, wéi eng Koppel iwwer déi verschidden Aufgaben am Stot schwätzt. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun en Zëmmer an enger WG kucke geet. - Den Transkript fir dësen Episod kënnt méi spéit no. Merci fir Är Gedold!

D'Heavy-Metal-Zeen zu Lëtzebuerg (B2) 12.12.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir mam Gilles iwwer d'Heavy-Metal-Zeen zu Lëtzebuerg. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Den Transkript fir dësen Episod kënnt dir hei (klick) noliesen. Klickt wgl. uewe riets op ,,Access as guest''.

E Rendez-vous beim Coiffer a Kiné huelen (A2) 10.12.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun beim Coiffer a beim Kiné urifft, fir e Rendez-vous auszemaachen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: Nathalie : O mei, meng Hoer gesi wierklech fuerchtbar aus. Ech hunn zwar net vill Zäit, mee ech muss onbedéngt e Rendez-vous beim Coiffer huelen. Am beschte muer … oder vläicht en Donneschdeg ? Hoffentlech hu se nach ep...

Aussprooch "ch" (A1-A2) 05.12.2024

Wëllkomm zeréck an der Poterkëscht!  Haut erklären mir d’Aussprooch vum “ch”. Wéini soe mir [χ] a wéini soe mir [ɕ] ?  - Transkript:  A: Wéi schwätzt een dat Wuert aus?  B: Buch.  A: An dat?  B: Bicher.  A: Mee, firwat “Buch” a firwat “Bicher”?  B: Also: “Bicher” ass de Pluriel vu “Buch”.       An et gëtt och glécklecherweis eng Reegel, wéini mir [χ] a wéini mir [ɕ] soen.       Wa virun dem “ch” e...

Kleeserchersdag (A2) 03.12.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass de 6. Dezember. Zu Lëtzebuerg ass dat e speziellen Dag: Kleeserchersdag! Mee wat ass dat genee? Lauschtert a fannt et eraus! - Transkript: Kleeserchersdag 
Wat ass Kleeserchersdag a wien ass de Kleeschen? Dëse Freideg ass et endlech esou wäit an d’Kanner sange scho fläisseg "Léiwe Kleeschen" an der Schoul. Wann der scho méi laang zu Lëtzebuerg wunnt...

Fester am Dezember an Outfit fir eng Chrëschtfeier (A2) 28.11.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Fester am Dezember a wat ee kann op eng Chrëschtfeier undoen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript Fester am Dezember A: Hues de schonn e Chrëschtbeemchen an deng Wunneng dekoréiert? E Sonndeg ass schonn den éischten Advent. B: Lo ass scho rëm Dezember. D’Joer vergeet esou séier! Nee, ech hunn nach net dekoréiert a mi...

Um Chrëschtmaart (B1) 26.11.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! De Chrëschtmaart an der Stad Lëtzebuerg ass zënter e Freideg op. Perfekt, fir a Chrëschtdagsstëmmung ze kommen! Am Episod vun haut lauschtere mir dofir, wéi zwou Persounen en Tour driwwer maachen an och traditionellt Iessen a Glüwäin bestellen. - Transkript: A: Paul, kuck emol ! D’Stad ass scho sou schéi festlech dekoréiert, iwwerall hänke Liichtercher!   B: Jo,...

Rezept: Boxemännercher (A2-B1) 21.11.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Geschwënn ass Niklosdag, an domat och Zäit, fir déi éischt Boxemännercher z'iessen! Am Episod vun haut deele mir e Rezept mat iech, fir är eege Boxemännercher doheem ze baken. Vill Spaass! - Transkript: Rezept fir Boxemännercher Sou... Ech mengen, mir hunn elo alles prett fir eis Boxemännercher ze baken. Ech kontrolléieren nach eng Kéier d'Rezept um Internet... F...

Kaddoe vum Kleeschen (A2) 19.11.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An e puer Wochen ass de 6. Dezember, also Kleeserchersdag oder Nikoosdag zu Lëtzebuerg. Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Kaddoe vum Kleeschen. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: A: Geschwënn ass schonn erëm de 6. Dezember. Wat wënscht meng Giedelche sech da fir Kleeserchersdag? B: Meng Elteren a Schwéierelteren hunn och scho gefrot, duerfir hunn d...

Noriichten: Meteo a lokal Noriichten (A2) 14.11.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir eng Simulatioun vun den Neiegkeeten um Radio. Vill Spaass beim Nolauschteren. - Transkript: Gudde Moien! Et ass aacht Auer. Mir héieren elo fir d’éischt d’Meteo an da komme mir bei déi lokal Noriichten aus dem Land. Wéi gëtt d’Wieder haut? Dës Fro stelle sech eng Rei vun eisen Nolauschterer.  Meteo: Haut bleift et zimmlech bedeckt. D’Temperature l...

Reservatioun am Restaurant a beim Traiteur bestellen (A2) 12.11.2024

Transkript: Reservatioun am Restaurant Restaurant : Gudde Mëtteg, Restaurant ,,La Dolce Vita’’, wéi kann ech Iech hëllefen?  Client : Gudde Mëtteg, ech géif gär en Dësch reservéieren.  Restaurant: Natierlech, fir wéini, wannechgelift?  Client: Fir muer den Owend um 19 Auer.  Restaurant: An der Rei. Fir wéi vill Persounen?  Client: Fir véier Persounen, wannechgelift.  Restaurant: Sëtzt dir léiwer d...

Am Fitnessstudio (A2) 07.11.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir en Dialog, wou sech eng Persoun gär am Fitnesstudio umelle wëllt. Vill Spaass beim Nolauschteren! - Transkript: Am Fitnessstudio Rezeptionist: Gudde Moien! Wéi kann ech Iech hëllefen?  Cliente: Moien! Ech géif mech gär an Ärem Fitnessstudio umellen. Kënnt Dir mir e puer Informatiounen zu de verschiddenen Abonnementer ginn?  Rezeptionist: Natierlec...

Op enger Halloweenparty & Rezept Kürbiszopp (B1) 05.11.2024

Transkipt: Halloweenparty A: Hallo Jessie, mir hunn eis jo scho laang net méi gesinn! Waars du fort an der Allerhellegevakanz?  B: Nee, ech war net fort, mee ech war leider déi ganz Vakanz erkaalt. Ech louch véier Deeg am Bett, dofir hunn ech och dem Max seng Halloweenparty verpasst.   A: O, nee, wierklech? Ech hu mech scho gewonnert, firwat s du net do waars, ech weess wéi gär s du op esou Theeme...

Halloween Special: Um Hingerhaff (B1-B2) 30.10.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! 🎃 Haut hu mir e speziellen Episod fir iech. Sidd gespaant ... 👻 Vill Spaass beim Nolauschteren, a loosst eis gär e Kommentar, wéi iech dësen Episod gefall huet! Fir dësen Episod gëtt et keen Transkript.

Allerhellegen an Trauliicht (B1) 24.10.2024

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut lauschtere mir, wéi zwou Persounen iwwer Allerhellegen (den 1. November) an Trauliicht schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren! --- Transkript: A: Mir waren e Sonndeg bei mengem Frënd sengen Elteren a seng Bomi sot, datt si elo onbedéngt d’Couppe fir op d’Griewer maache muss. Ech hu mech net getraut ze froen, wat dat bedeit, a wéi mer gëschter doheem waren...

Άκου το podcast Poterkëscht vum INLL στο Replaio

Ραδιόφωνο και podcast σε μία εφαρμογή - δωρεάν, χωρίς εγγραφή. Εγκατάστησέ την σήμερα και μη χάσεις την πρεμιέρα

Κατέβασέ το από το Google Play

Το Replaio δεν είναι εκδότης podcast - τα ονόματα των εκπομπών, τα εξώφυλλα και ο ήχος ανήκουν στους δημιουργούς τους και διανέμονται μέσω δημόσιων ροών RSS