radio 100,7

Musek am Gespréich

News LB ↓ Επεισόδια: 50

Musek, Museker: an aktuell Theemen aus der Klassikzeen. E variabelt Format ronderëm alles, wat déi klassesch Musek zu Lëtzebuerg betrëfft.

Μην παραλείψεις να επισκεφτείς τη σελίδα του podcast και να στηρίξεις τον δημιουργό: www.100komma7.lu

Δημιουργός

radio 100,7

Κατηγορία

News

Ιστοσελίδα του podcast

www.100komma7.lu

Τελευταίο επεισόδιο

13 Οκτ 2024

Πού να ακούσεις;

Podcast στην εφαρμογή Replaio Radio Έρχεται σύντομα

Τα podcast έρχονται σύντομα στην εφαρμογή. Εγκατάστησέ την τώρα και δες πρώτος μια εντελώς νέα προσέγγιση στα podcast

Κατέβασέ το από το Google Play Δωρεάν εγκατάσταση Android σχεδόν 10 εκατ. λήψεις · βαθμολογία 4,8 iOS σύντομα

Επεισόδια

Franz Liszt 22.01.2023

Pianist, Komponist, Erneierer, Fërderer a Star: De Franz Liszt ass e komplexe Personnage, deen nëmme schwéier ze faassen ass. Am Gespréich mam Pianist Jean Muller an dem Organist a Pianist Maurice Clement probéiert de Luc Boentges dësem legendäre Museker op de Fong ze goen. Et geet ëm d'Theeme "Showman", "Däiwel a Relioun" an ëm seng Musek, déi genee esou wéineg op eng Facette ze reduzéieren ass w...

Succès mat der Symphonie espagnole 08.01.2023

Mat 52 Joer hat den Edouard Lalo säin éischte grousse Succès: seng "Symphonie espagnole", déi bis haut säi bekanntst Wierk ass. Vu senger Kammermusek, senge weidere Solo-Wierker fir d'Gei, vu senger Symphonie a senger Balletsmusek héiert een haut par contre bal näischt méi. Dorun ännert och den 200. Gebuertsdag vum Edouard Lalo näischt. De Komponist koum de 27. Januar 1823 zu Lille op d'Welt - e B...

X-Mas around the world 18.12.2022

Iwwerall wou Chrëschtdag gefeiert gëtt, gëtt et och besonnesch Traditiounen: national a regional Bräich, där kultureller, där kulinarescher an och där musikalescher. De Guy Engels proposéiert ee kuerze musikalesche Chrëscht-Tripp iwwer de Globus.

"De César Franck ass de Chopin vun den Organisten" 04.12.2022

"Franck - Père de la symphonie pour orgue" heescht ee Coffret mat 2 DVDen an 2 CDen, déi 2015 fir den 125. Doudesdag vum Komponist erauskoumen. Obschonns de Franck selwer keng Uergelsymphonie geschriwwen huet, war en awer de Matbegrënner vun engem Genre, deem seng Entwécklung och wesentlech mat der Entwécklung vum Instrument zesummenhänkt. De Maurice Clement, Titularorganist vun der Philharmonie a...

10.000 Euro an en neien Numm 27.11.2022

10.000 Euro an en neien Numm: Zanter 1990 gëtt et de Präis vun der Stiftung zur Förderung junger Künstler in Luxemburg. Dëst Joer krut déi als IKB-Präis bekannten Éierung en neien Titel: Prix Mameranus. Och doriwwer eraus ass dës Editioun eng besonnesch. Déi 5.000 Euro goufen nämlech direkt zweemol verginn: eng Kéier un de Geiist Yanis Grisó an eng Kéier un d'Braatschistin Emma Santini. Béid Musek...

D'Julia Fischer fir zwee Concerten an der Philharmonie 20.11.2022

Mat dräi Joer hat si hieren éischte Geiecours an zanterhier ass si net méi ewegzedenken aus der internationaler Szen vun de grousse Geiistinnen a Geiisten. Riets geet vun der Julia Fischer. Geschter Owend war si fir ee weidere Concert an der Philharmonie. Ee Concert bei deem si dem Felix Mendelssohn Bartholdy sai Geieconcerto Opus 64 gespillt huet. Mat hir op der Bün stoung d'Staatskapelle Dresden...

D'Julia Fischer fir zwee Concerten an der Philharmonie 20.11.2022

Mat dräi Joer hat si hieren éischte Geiecours an zanterhier ass si net méi ewegzedenken aus der internationaler Szen vun de grousse Geiistinnen a Geiisten. Riets geet vun der Julia Fischer. Geschter Owend war si fir ee weidere Concert an der Philharmonie. Ee Concert bei deem si dem Felix Mendelssohn Bartholdy sai Geieconcerto Opus 64 gespillt huet. Mat hir op der Bün stoung d'Staatskapelle Dresden...

Mozart vum 19. Joerhonnert 06.11.2022

Hie gouf de Mozart vum 19. Joerhonnert genannt - de Felix Mendelssohn Bartholdy. Schonn als Teenager huet hien als Pianist geglänzt, hat 12 Sträichersymphonië geschriwwen a mam Oktett säin éischt grousst Wierk, dat haut seng fest Plaz am Repertoire vun der Kammermusek huet. De Mendelssohn war Dirigent am Gewandhaus zu Leipzig, huet déi éischt Opféierung vun der Matthäus-Passioun nom Bach sengem Do...

Iwwer Schüler, Neierungen a Concerten 30.10.2022

Zanter der Rentrée vun dësem Joer huet den Escher Conservatoire mam Jean Halsdorf en neien Direkter. De Luc Boentges huet den Cellist zu Esch getraff fir iwwer säi perséinleche Parcours, seng nei Tâche an och déi ganz verschidden Erausfuerderungen ze schwätzen, mat deenen hien an den Escher Conservatoire confrontéiert sinn.

Johny Fritz am Zentrum vun der BNL 23.10.2022

Net Bicher, Texter oder Schrëftsteller:inne stinn am Mëttelpunkt vun der neier Ausstellung an der Nationalbibliothéik (BNL), mee e Museker. Tëschent dem 12. Oktober an dem 25. Mäerz kann een an der BNL eng Ausstellung ronderëm de Komponist, Museker a Sammler Johny Fritz erliewen. Wisou dediéiert eng Bibliothéik engem Museker eng Ausstellung? Ënner anerem doriwwer huet de Luc Boentges mam Direkter...

De Martin Elmquist 16.10.2022

1991 koum de Martin Elmquist - no enger Rei Joren als Dirigent um Teatro San Carlo zu Neapel - op Lëtzebuerg. Geplangt war just e kuerzen Openthalt. Um Enn gouf et eng nei Etapp am Liewen vum Geiist an Dirigent, dee sech schëtzteg an der Musekszeen etabléiert hat: als Enseignant am Conservatoire du Nord, als Dirigent vun der Luxembourg Philharmonia an och vun der Chorale Gréiwemaacher. De Martin E...

Schlaangen a Leederen 02.10.2022

Um Weekend vum 17. bis den 18. September konnt een an der Kulturfabrik zu Esch insgesamt 2022 Minutten zäitgenëssesch Musek héieren. Beim Festival 33,7, deen am Kader vun Esch2022 organiséiert gouf, waren eng Rei Musekerinnen a Museker aus Lëtzebuerg mat dobäi. Och der Catherine Kontz hiert Wierk "Snakes and Ladders" huet den Ensembel United Instruments of Lucilin opgeféiert.

33,7 25.09.2022

Vum 17. bis den 18. September war de Festival 33,7 vum Lucilin zu Esch an der Kulturfabrik. De radio 100,7 war op der Plaz an huet mat enger ganzer Rei Komponistinnen a Komponiste geschwat. Dës Interviewe stinn um Programm vun dëser Emissioun. Ze héiere sinn ënner anerem d'Tatsiana Zelianko, de Francesco Tristano, de Pascal Schumacher, d'Albena Petrovic an de Roby Steinmetzer.

Benjamin Schäfer 11.09.2022

Bengele si seng Leidenschaft, sief et ee fir ze schloen oder ee fir duerch d'Loft ze fuchtelen. Rieds geet vum Benjamin Schäfer - Perkussionist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an Dirigent vum neien Amateur-Orchester Orchestre de la Place de l'Europe. Beim Fräiraim-Festival vun der Philharmonie huet dësen Ensembel säin alleréischten Optrëtt gefeiert. Doriwwer, dem Benjamin Schäfer säi Parc...

De Philippe Koch 28.08.2022

Den 23. Juni hat de Geiist säi leschten Optrëtt als Konzertmeeschter vum OPL. No 43 Joer als Orchestermuseker ass de Philippe Koch, Konzertmeeschter vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, an d'Pensioun gaangen. Pensioun ass allerdéngs fir de Museker e Friemwuert, well de Philippe Koch wäert och weider als Geiist optrieden an enseignéieren.

45 Joer Tempus est iocundum 14.08.2022

Al Musek nei entdeckt: Esou kann een d'Ufankszäit vum Ensembel Tempus est iocundum beschreiwen. An d'Entdecke vun neiem Repertoire huet och haut, 45 Joer no senger Grënnung net opgehalen. Am Mëttelpunkt vun dëser Emissioun steet e Gespréich mam Grënner Johny Fritz. Et geet ëm den Ufank vu senger Passioun fir déi Al Musek a vum Ensembel, et geet ëm markant Stécker an ëm een Ament, deen den Ensembel...

Den Ensemble de la Chapelle St. Marc vu Longsdref 31.07.2022

Vun 2002 bis 2021 war de Jean Halsdorf den Directeur artistique vum Ensemble de la Chapelle St. Marc vu Longsdref, eng Formatioun, déi sech am Beräich vun der Aler Musek beweegt. Wärend hien ëmmer nach Cellist am Ensembel ass, huet hie seng Positioun als Directeur artistique 2022 un den Cembalist Vincent Bernhardt weiderginn. Béid Museker sinn Invité beim Guy Engels.

Den Utz Köster 17.07.2022

De 6. November 1989 - dräi Deeg virum Fall vun der Berliner Mauer, huet den Utz Köster säin éischte Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg gespillt. De 17.12.2021 war et dee leschte Concert fir de Braatschist. Den Utz Köster war iwwer Jore Member vun der Orchesterdelegatioun an och vun der Personaldelegatioun vun der Philharmonie. Wat waren dem Utz Köster seng ganz perséinlech musikales...

De Kerry Turner 26.06.2022

Dem Felix Mendelssohn Bartholdy seng "schottesch" Symphonie war dat lescht Wierk, dat de Kerry Turner als Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg gespillt huet. No 35 Joer war de Cornist a Komponist an d'Pensioun gaangen. An deene leschten Deeg war de Kerry Turner awer emol nees eng Kéier zu Lëtzebuerg - als Komponist vum offizielle Wierk fir d'Feierlechkeete vun Nationalfeierdag an der...

Benjamin Schäfer 19.06.2022

Bengele si seng Leidenschaft, sief et ee fir ze schloen oder ee fir duerch d'Loft ze fuchtelen. Rieds geet vum Benjamin Schäfer - Perkussionist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an Dirigent vum neien Amateur-Orchester Orchestre de la Place de l'Europe. Beim Fräiraim-Festival vun der Philharmonie huet dësen Ensembel säin alleréischten Optrëtt gefeiert. Doriwwer, dem Benjamin Schäfer säi Parc...

De Philippe Koch 05.06.2022

Den 23. Juni hat de Geiist säi leschten Optrëtt als Konzertmeeschter vum OPL. No 43 Joer als Orchestermuseker ass de Philippe Koch, Konzertmeeschter vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, an d'Pensioun gaangen. Pensioun ass allerdéngs fir de Museker e Friemwuert, well de Philippe Koch wäert och weider als Geiist optrieden an enseignéieren.

De Frin Wolter 29.05.2022

Passt den Accordéon an de Concertssall, an déi klassesch Musek? An deene leschte Joren huet sech den Image vum Instrument lues a lues verännert, den Accordéon huet Brécke geschloen tëscht der Volleksmusek an der klassescher Musek. Dat mécht och den Accordéonist Frin Wolter - hien ass Invité a Musek am Gespréich.

In memoriam Françoise Groben 22.05.2022

An Erënnerung un d'Cellistin huet Hänssler e Coffret am sechs Disken erausbruecht. Luigi Boccherini: Concerto fir Cello Nr. 3 - Allegro Françoise Groben, Cello Solistes Européens, Luxembourg Direktioun: Jack Martin Händler Franz Schubert: Arpeggione-Sonate - Allegretto Françoise Groben, Cello Les Musiciens Direktioun: Pierre Cao Antonin Dvorak: Rondo op.94. Françoise Groben, Cello Prisma-Oktett Se...

Den Erich Wolfgang Korngold 08.05.2022

Erich Wolfgang Korngold: Caprice Fantastique Gil Shaman, Gei Jonathan Feldman, Piano Erich Wolfgang Korngold: Der Schneemann - Entr'acte & Prélude Lajos Farkas, Gei Nordwestdeutsche Philharmonie Werner Andreas Albert, Directioun Erich Wolfgang Korngold: Sinfonietta For Large Orchestra op.5 - Scherzo Berlin Radio Symphony Orchestra Erich Wolfgang Korngold: Die tote Stadt - Mariettas Lied Noémie...

En aussergewéinlech Cast, en aussergewéinlechen Owend 24.04.2022

D'International Classical Music Awards sinn e Jury aus Fachjournalisten vu Printmedien, Onlinepublikatiounen a Radioen, deen all Joer déi bescht Audio- a Videoproduktiounen auszeechent. 377 Produktiounen ware fir 2022 nominéiert ginn, dorënner och eng Rëtsch Opnamen vu Lëtzebuerger Museker an Ensembelen ICMA- Präis fir OPL. En Donneschdeg den Owend (21.4.2022) goufen d'Gewënner an den eenzele Kate...

Άκου το podcast Musek am Gespréich στο Replaio

Ραδιόφωνο και podcast σε μία εφαρμογή - δωρεάν, χωρίς εγγραφή. Εγκατάστησέ την σήμερα και μη χάσεις την πρεμιέρα

Κατέβασέ το από το Google Play

Το Replaio δεν είναι εκδότης podcast - τα ονόματα των εκπομπών, τα εξώφυλλα και ο ήχος ανήκουν στους δημιουργούς τους και διανέμονται μέσω δημόσιων ροών RSS