Fédération des Artisans | Studio J (Lëtzebuerger Journal)

KOMM MOL AN DE BÜRO!

Business LB ↓ Επεισόδια: 9

De Podcast vun der Fédération des Artisans, an deem seriö Sujeten an engem méi lockere Kader a mam néidege Bëss behandelt ginn. An all Episod empfänkt d’Vize-Präsidentin Alexa Ballmann en neien Invité a schwätzt mat dëser Persoun iwwert e pertinent Thema aus de Beräicher Artisanat an Entreprenariat. Nieft Keyfacts an Insights aus den entspriechenden Dossieren ass och Plaz fir méi pickeg Froen, déi d'Alexa Ballmann vun de Memberen, der Press oder vun aneren Akteuren um Lëtzebuerger Marché opgräift. E Podcast produzéiert vum Studio J.

Μην παραλείψεις να επισκεφτείς τη σελίδα του podcast και να στηρίξεις τον δημιουργό: komm-mol-an-de-buro.podigee.io

Δημιουργός

Fédération des Artisans | Studio J (Lëtzebuerger Journal)

Κατηγορία

Business

Ιστοσελίδα του podcast

komm-mol-an-de-buro.podigee.io

Τελευταίο επεισόδιο

18 Αυγ 2026

Πού να ακούσεις;

Podcast στην εφαρμογή Replaio Radio Έρχεται σύντομα

Τα podcast έρχονται σύντομα στην εφαρμογή. Εγκατάστησέ την τώρα και δες πρώτος μια εντελώς νέα προσέγγιση στα podcast

Κατέβασέ το από το Google Play Δωρεάν εγκατάσταση Android σχεδόν 10 εκατ. λήψεις · βαθμολογία 4,8 iOS σύντομα

Επεισόδια

#9 Aarbechtsbezéiungen: Si Win-Win Situatiounen zu Lëtzebuerg méiglech? 18.08.2026

Wéi moderniséiere mir d'Aarbechtsbezéiungen zu Lëtzebuerg? D'Alexa Ballmann schwätzt mam Aarbechtsminister Marc Spautz iwwer Aarbechtszäit, Kollektivverträg, Mindestloun, KI an d'Zukunft vun der Lounaarbecht. A virun allem: Produzéiert eis Sozialpartnerschaft nach Léisungen – oder blockéiert si Reformen? Kommt mol an de Büro!

#8 Eng Entreprise kafen oder verkafen 28.05.2026

Eng Entreprise verkafen oder iwwerhuelen – dat kléngt oft no Zuelen a Kontrakter. Mee am Handwierk geet et meeschtens ëm vill méi: ëm Vertrauen, Verantwortung an d'Fro, wéi e Liewenswierk weidergeet. An dëser Episod schwätzt d'Alexa Ballmann mam Joubin Bashiri vun Tenzing Partners iwwert déi grouss Froen hannert dem Kaf a Verkaf vun Handwierksbetriber – konkret, éierlech a mat Ablécker aus der Pra...

#7 Wann de Betrib vun haut op muer steet – Cyberattacken am Handwierk 11.12.2025

Cyberattacken treffen ëmmer méi Handwierksbetriber – dacks ouni Virwarnung, an d’Konsequenzen si massiv: Blockéiert Systemer, wirtschaftleche Schued, Verloscht vu Vertrauen. An der neier Episod vu Komm mol an de Büro schwätzt d'Alexa Ballmann mam Goy Grosbusch a mam Jean-Marc Sertic iwwert d’Realitéit hannert engem Ugrëff, wat am Noutfall ze maachen ass a wéi Betriber sech schütze kënnen. Eng Epis...

#6 Wou sti mir, Här Premierminister? 23.09.2025

De Sozialdësch ass eriwwer. Probleemer bleiwen zu engem gudden Deel bestoen: Wéi geet et weider mat de Renten, wéi kréie mer eis Ekonomie erëm un d'Lafen a wéini maache mer endlech Neel mat Käpp am Dossier vun den Independant? Dëst Thema hu mer mam Premierminister Luc Frieden beschwat. Luc, komm mol an de Büro.

#5 Wirtschafts- oder Sozialkris? 24.06.2025

Wéi vill Muecht sollen d'Gewerkschaften hunn? Wéi kann een en éierlechen an effiziente Sozialdialog féieren? A wien decidéiert eigentlech, wat gutt ass fir d'Zukunft vum Land? An dëser Episod schwätzt d'Alexa Ballmann mam Michel Reckinger, Handwierker a President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL), iwwer déi grouss Froen déi Lëtzebuerg am Moment beschäftegen.

#4 Absenteismus, Pensiounen a Statut de l'Indépendant 14.04.2025

Absenteismus: Eng Fatalitéit oder eng Stellschrauf, wou d'Politik kann drun dréinen? Gëtt et Konkretes an der Diskussioun ronderëm d’Reform vun de Pensiounen a wéini gëtt et konkret mat der versprachener Opwäertung vum Statut de l’Indépendant? Dat sinn déi Themen, déi d'Alexa Ballmann zesumme mam Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung, diskutéiert huet.

#3 Handwierk a Beruffsausbildung 03.03.2025

"Komm mol an de Büro!" geet an déi drëtt Ronn. Dës Kéier diskutéiert d’Alexa Ballmann, Vize-Präsidentin vun der Fédération des Artisans, mam Bildungsminister Claude Meisch iwwert d’Ausbildung am Handwierk. Wéi gutt funktionéiert d’Ausbildung hautdesdaags, wou haakt et a wat kann nach verbessert ginn, an – ganz wichteg – wéi kann d’Roll vun eise Betriber an deem Kontext gestäerkt ginn?

#2 Handwierks- a Mëttelstandspolitik 03.02.2025

De Mëttelstand an d'Handwierk: Réckgrat vun der Economie oder organisatoreschen Auslafsmodell? D'Alexa Ballmann diskutéiert mam Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert d'Chancen an d'Erausfuederungen vun de Betriber.

#1 Pensiounssystem 19.12.2024

Muss eise Pensiounssystem dringend reforméiert ginn, oder ass „wait and see“ déi besser Strategie? Iwwert dëse Sujet gëtt zu Lëtzebuerg aktuell hefteg – a virun allem kontrovers – diskutéiert. Firwat interesséiert sech d'Fonction publique op eemol fir de private System? Baséieren eis Rente wierklech op engem Schnéiballsystem? Wéi ass et mat de Baby- a Studiejoren? A virun allem: wéi kann a soll ec...

Άκου το podcast KOMM MOL AN DE BÜRO! στο Replaio

Ραδιόφωνο και podcast σε μία εφαρμογή - δωρεάν, χωρίς εγγραφή. Εγκατάστησέ την σήμερα και μη χάσεις την πρεμιέρα

Κατέβασέ το από το Google Play

Το Replaio δεν είναι εκδότης podcast - τα ονόματα των εκπομπών, τα εξώφυλλα και ο ήχος ανήκουν στους δημιουργούς τους και διανέμονται μέσω δημόσιων ροών RSS