RTL Radio Lëtzebuerg

Firwaaat? - De Kannerpodcast

Kids LB ↓ Επεισόδια: 66

Den RTL-Podcast fir Kanner. De Loïc beäntwert d'Froe vu Kanner liicht verständlech an informativ. Mat oder ouni Expert, awer all Kéiers mat engem Kand wat seng Froe stellt. D'Aktualitéit einfach erkläert: Well esou mécht Wësse Spaass.

Δημιουργός

RTL Radio Lëtzebuerg

Κατηγορία

Kids

Ιστοσελίδα του podcast

play.rtl.lu

Τελευταίο επεισόδιο

20 Μαϊ 2024

Πού να ακούσεις;

Podcast στην εφαρμογή Replaio Radio Έρχεται σύντομα

Τα podcast έρχονται σύντομα στην εφαρμογή. Εγκατάστησέ την τώρα και δες πρώτος μια εντελώς νέα προσέγγιση στα podcast

Κατέβασέ το από το Google Play Δωρεάν εγκατάσταση Android σχεδόν 10 εκατ. λήψεις · βαθμολογία 4,8 iOS σύντομα

Επεισόδια

Episod 60: Firwat feiere mir Päischten?, 20/05/2024 20.05.2024

De Loïc schwätzt an dësem Episod iwwert de Feierdag op Päischten a wat mir do iwwerhaapt feieren.

Episod 59: Firwat sengt d'Tali zu Malmö?, 04/05/2024 04.05.2024

De Eurovision Song Contest zu Malmö ass d'Thema an dësem Episod vum Kannerpodcast.

Episod 58: Firwat ass Waasser sou wichteg?, 27/04/2024 27.04.2024

De Loïc erkläert am Podcast firwat d'Waasser op eisem Planéit sou wichteg ass a firwat mir gutt mussen drop oppassen.

Episod 57: Firwat huet den Iran Israel ugegraff?, 19/04/2024 19.04.2024

De Konflikt am Noen Osten huet sech weider ausgebreet. An dësem Episod geet et ëm den iraneschen Ugrëff d'leschte Weekend.

Episod 56 - Firwat de neie Migratiounspak vun der EU an der Kritik steet?, 13/04/2024 13.04.2024

Den neie Migratiounspak vun der EU an d'Iwwerschwemmungen a Kasachstan a Russland sinn Thema am Kannerpodcast.

Episod 55 - Firwat ass de Mound erëm interessant?, 06/04/2024 06.04.2024

m Kannerpodcast zielt de Loïc de Kanner wisou de Mound elo erëm sou intressant fir d'Astronauten an Astronautinne ginn ass.

Episod 54 - Firwat feiere mir Ouschteren?, 30/03/2024 30.03.2024

De Kannerpodcast vun RTL zum Thema Ouschteren.

Episod 53 - Firwat gëtt et e Konflikt am Noen Osten?, 23/03/2024 23.03.2024

De 7. Oktober huet d'Terrorgrupp Hamas Israel ugegraff. Vun dem Ament u reagéiert Israel mat Géigenugrëffer. Dëst ass d'Thema am Kannerpodcast.

Firwaaat? De Kannerpodcast Spezial - Thema Schoul, 04/02/2024 04.02.2024

Eis RTL-Kannerreporter ënnerhalen sech iwwert d'Schoul an schwätzen iwwert hiren Interview mam Claude Meisch,

Firwaaat? Kannerpodcast - Walen 2023, 15/10/2023 15.10.2023

Eis RTL-Kannerreporter erklären alles ronderëm d'Walen an informéieren eis driwwer wat op Walsonndeg passéiert ass.

Episod 52 - Firwat gëtt a Frankräich protestéiert?, 20/03/2023 20.03.2023

D'Rentereform suergt a Frankräich fir Protester, de Loïc erkläert de Kanner wat et bei eisem Noper lass ass.

Episod 51 - Firwat gëtt et e Weltfraendag?, 12/03/2023 12.03.2023

Den 8. Mäerz ass Weltfraendag. En Dag fir op d'Rechter vu Fraen a Meedercher opmierksam ze maachen. De Loïc erkläert de Kanner am Podcast wisou sou en Dag och haut nach wichteg ass a wéisst hinnen unhand vun Afghanistan, datt Fraen net iwwerall déi selwecht Rechter hunn wei d'Männer.

Episod 50 - Firwat gëtt et Äerdbiewen?, 26/02/2023 26.02.2023

De Lee stellt seng Froe ronderëm d'Thema Äerdbiewen a mir ginn op d'Situatioun an der Tierkei an a Syrien an.

Episod 49 - Firwat gëtt et Kënschtlech Intelligenz?, 28/01/2023 28.01.2023

De Loïc erkläert de Kanner wisou et Kënschtlech Intelligenz gëtt a wat een domadder alles ka maachen.

Episod 48 - Firwat féieren se a China elo dat neit Joer?, 21/01/2023 21.01.2023

Den Alex huet vill Froe ronderëm d'Fréijoersfest a China a kritt am Kannerpodcast och seng Froe beäntwert.

Episod 47 - Firwat fält een an eng Depressioun?, 14/01/2023 14.01.2023

D'Lori an de Loïc schwätzen an dësem Episod iwwer Depressiounen.

Episod 46 - Firwat iesse mir Dräikinnekskuch?, 06/01/2023 06.01.2023

An dësem Episod stellt d'Guliana seng Froe ronderëm Dräikinneksdag an den Doud vum Post Benedikt de 16ten.

Episod 45 - Firwat goufen et äiseg Temperaturen an den USA?, 02/01/2023 02.01.2023

An dësem Podcast geet et ëm de Schnéistuerm am Dezember 2022 an Amerika.

Episod 44 - Firwat koum de Jesus am Stall op d'Welt?, 24/12/2022 24.12.2022

De Kannerpodcast mam Loïc Juchem beschäftegt sech dës Woch mat Chrëschtdag.

Episod 43 - Firwat gëtt iwwer korrupt Politiker geschwat?, 17/12/2022 17.12.2022

D'Ella stellt seng Froe ronderëm d'Skandaler vum EU-Politiker an och den Avatar 2 ass e Sujet.

Episod 42 - Firwat schmaacht eis de Schockela?, 10/12/2022 10.12.2022

D'Blue stellt am Kannerpodcast dem Loïc puer Froen ronderëm de Schokela.

Episod 41 - Firwat gëtt a China protestéiert?, 03/12/2022 03.12.2022

Den David stellt seng Froen iwwert d'Protester a China.

Episod 40 - Firwat gëtt et eng Europäesch Unioun?, 26/11/2022 26.11.2022

D'Kyara stellt dem Loïc an dësem Episod Froen iwwert Europa.

Episod 39 - Firwat gëtt d'WM am Katar kritiséiert?, 19/11/2022 19.11.2022

Am Kannerpodcast vun dëser Woch stellt de Loïc de Kanner de Katar vir an zielt hinne wisou d'Land an der lescht vill kritiséiert gëtt.

Episod 38: Firwat gëtt et eng COP27?, 12/11/2022 12.11.2022

An Ägypten gëtt op der Klimakonferenz verhandelt . De Luca vun Draufelt stellt seng Froen a kritt vum Loïc erkläert wat eng Klimakonferenz ass.

Άκου το podcast Firwaaat? - De Kannerpodcast στο Replaio

Ραδιόφωνο και podcast σε μία εφαρμογή - δωρεάν, χωρίς εγγραφή. Εγκατάστησέ την σήμερα και μη χάσεις την πρεμιέρα

Κατέβασέ το από το Google Play

Το Replaio δεν είναι εκδότης podcast - τα ονόματα των εκπομπών, τα εξώφυλλα και ο ήχος ανήκουν στους δημιουργούς τους και διανέμονται μέσω δημόσιων ροών RSS