Michèle Heusbourg & Michèle Bloes
wëll a fräi
2x Michèle - 100% Gefill - 0% Schimmt. Mir – Michèle Bloes & Michèle Heusbourg – schwätzen a " wëll a fräi" iwwert Héichsensibilitéit, Nervesystem, Selbstbild, Fraen an der moderner Gesellschaft, Naturverbonnenheet, a nach weider interessant Themen ouni Jugement oder Tabuen. Als Hosts vum Podcast verbanne mir Wëssenschaft mat Erfarung, Déift mat Humor a Podcast mat Perséinlechkeet. Eis Episoden si fir déi, déi méi spiere wéi se erkläre kënnen , déi midd sinn ëmmer "staark" ze sinn , an déi endlech fräi liewe wëllen amplaz sech permanent z’adaptéieren. Egal ob’s de dech grad erëmfënns, dech ver...
Wo hören?
Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbarPodcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts
Folgen
Jobwiessel 01.04.2026 39:18
D’Decisioun den Job ze wiesselen an eng aner Carrière unzefänken ass oft net ëmmer een einfache Wee mee wann de Kierper ufänkt Unzeechen ze ginn da soll een deenen nogoen. Wei mir eis Changementer ugaang sinn a wat nach alles sou mat där Entscheedung zesummenhänkt verziele mir dir an dëser Episod. All Mënsch kann dee richtegen Job a seng Beruffung fannen an dofir ginn et eng Vielfalt vu verschidde...
D'Zukunft vun der Educatioun 25.03.2026 47:20
Wann et kee Standard Gehier gëtt firwat hu mir ëmmer nach eng Standard Schoul? Wei kann eise Schoulsystem sech veränneren dass jiddereen seng Plaz mat ganzem Respekt kënne fannen ouni sech mussen dauernd ze verbéien a géint seng Natur ze goen? Wat sinn eigentlech déi Future Skills déi mir eigentlech sollte fërderen an der haiteger Welt? Mir hunn allen 2 an der Educatioun geschafft an hu selwer vil...
Wat as eigentlech Neurodivergenz? 18.03.2026 29:34
Wat ass eigentlech Neurodivergenz a wei kann ech domat ëmgoen? Et ass ee Begrëff deen ëmmer ëfters gebraucht gëtt a mir probéieren opzeklären. Mir verzielen dir wei mir en definéieren, wei mir domat ëmginn a wat eis Asiichten an Usiichten zu deem Thema sinn. Virun allem awer wëlle mir beliichten dass Neurodivergenz eng Stäerkt ass déi mer an eiser Gesellschaft an och an eisem Privatliewe wonnerbar...
Léift op Käschten vun eis selwer: Good Girl Syndrome a People Pleaser 11.03.2026 26:48
Léift op Käschte vun eis selwer ass geféierlech well et hätt eis laang kleng an hënnert eis un eisem eegene Wuesstum. Et ass eng Befreiung déi Musteren déi eis vu baussen operluecht ginn ze duerchbriechen an erëm an eis voll Kraaft ze kommen. Mir huelen dech mat op de Wee dee mir bis elo gemaach hunn a begleeden dech och gären an dengem Prozess. Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel Michèle...
Äetheresch Ueleger - dem Héichsensiebelen sai stäerksten Tool 04.03.2026 30:42
Mir entdecken zesummen d'Welt vun den äthereschen Ueleger, déi mir an eisem Alldag permanent am Asaz hunn. Déi kraaftvoll Essenz vun de Planzen ënnerstëtzt eis an all eisen Themen an ass sou enorm efficace well et eisen denkenden a kriteschen Deel vum Gehier iwwergeet an eis direkt zréck an de Moment bréngt, Des Kéier deele mir eis Léift zu den Ueleger mat dir. Fann eis op Instagram @bewosst.heich...
Selbstverantwortung a Grenze setzen 25.02.2026 30:46
Wa mir wëlle wëll a fräi liewen dann däerfe mir fir eis genee sou astoe wéi mir dat fillen. Do gehéiert vill Kierpergefill an och oft vill Mut dozou. Wéi kritt een dat hi mat engem héichsensibelen Nervesystem? Wéi huelen ech a bleiwen ech a menger totaler Selbstverantwortung? Wéi kommunizéieren ech dat no baussen? Mir erzielen dir vun eisen Erfarungen, deene gudde grad sou wéi vun deene mei erausf...
Slow living - Bréng Rou an Zefriddenheet an däi Liewen 18.02.2026 35:35
Kanns du dir virstelle ganz an d'Rou ze kommen an dech sécher ze fillen an dengem Liewen, däi Nervesystem stabil ze hunn a kloer Gedanken ze féieren. Mir erklären dir an dëser Episod wei mir dohinner komm sinn a wat eis Erfarungen mat deem Thema sinn. Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel Michèle Heusbourg @natural_soulflow Michèle Bloes @michi_emotionwave
Héichsensibel Kanner an Teenager verstoen a begleeden 11.02.2026 40:01
Mir beschwätzen eis Erfarungen mat héichsensibelen a neurodivergente Kanner an Teenager déi mir an eisem Alldag an och an eisem professionelle Kontext begéinen a begleeden. Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel Michèle Heusbourg @natural_soulflow Michèle Bloes @michi_emotionwave
D'Nervesystem als Zentral vun eisem héichsensibele System 04.02.2026 29:35
Eist Nervesystem ass eis Zentral déi all d'Reizer vum Dag mat duerchgeet an eis och déi Signaler gëtt déi eis am Liewe steieren. Als Héichsensibel Persoun ass Reizüberflutung net ëmmer vermeidbar – mä mer kënnen am Kontakt sinn mat eisem Kierper an am Alldag ënnerstëtzen. Dës Episod proposéiert Strategië fir an d'Rou zréckzefannen. Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel Michèle Heusbourg @na...
Déi verréckte Kombi: Héichsensibel (HSP) & High Sensation Seeker (HSS) 28.01.2026 34:29
Kann ee gläichzäiteg héichsensibel sin an trotzdem staark Reizer siche goen? JO – a mir erklären déi paradoxal Kombinatioun dei oft d'Gefill vun Zwiespaltegkeet kann ausléisen mee wann een et bis versteht kann een sech endlech wëll a fräi a séngem eegene Liewen beweegen. Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel Michèle Heusbourg @natural_soulflow Michèle Bloes @michi_emotionwave
Déi 4 Sailen vun der Héichsensibilitéit 21.01.2026 41:57
Mir tauchen an déi 4 Kär-Komponente vum héichsensibele System an: wéi se sech manifestéieren a wéi ee ka selbstbestemmt domat emgoen. Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel Michèle Heusbourg @natural_soulflow Michèle Bloes @michi_emotionwave
Wat as Héichsensibilitéit? A firwat ass dat kee Feeler? 18.01.2026 24:04
Déi éischt Episod setzt de Grondsteen: Wat heescht et, héichsensibel ze sinn? Wat leeft am Gehier a Kierper vun sou engem Mënsch – a firwat fillen HSPs méi, méi séier a méi déif? Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibel Michèle Heusbourg @natural_soulflow Michèle Bloes @michi_emotionwave
Ähnliche Podcasts
Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet