Jill & Yannick

Paus.

Comedy DE ↓ 245 Folgen

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

Besuch unbedingt die Website des Podcasts und unterstütze die Macher: soundcloud.com

Autor

Jill & Yannick

Kategorie

Comedy

Podcast-Website

soundcloud.com

Neueste Folge

24. Okt 2026

Wo hören?

Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbar

Podcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts

Bei Google Play herunterladen Kostenlos installieren Android fast 10 Mio. Downloads · Bewertung 4,8 iOS bald

Folgen

Dier 5 05.12.2022

Dier 5 by Jill & Yannick

Dier 4 04.12.2022

Dier 4 by Jill & Yannick

Dier 3 04.12.2022

Dier 3 by Jill & Yannick

Dier 2 02.12.2022

Dier 2 by Jill & Yannick

Dier 1 01.12.2022

Dier 1 by Jill & Yannick

#88 Dee mat der Insel der Seligen 27.11.2022

Haut ass alles, well et ass den 1. Advent! Ob de Marc aus dem Parc, Neies vun de Nepo-Babies, Pirañas am Pool oder Wäin vum Wedding-Planer – den Alliteratiounsadventskranz brennt. Mir si mam Fanger am An am Restaurant a produzéiere Parfum zu Capri, niewebäi gëtt sech trotzdeem nach mat der Coca-Cola-Verschwörung a mam Meat Loaf befaasst. Mat dobäi sinn och e Chimie-Grondkuer, diskriminéierende Mar...

#87 Dee mat den Hunger Games zu Rëmeleng 16.11.2022

Hei gi Konscht a Kultur groussgeschriwwen! Am Numm vun Esch 2022, dem Lëtzebuerger Land an der ganzer Welt gëtt et eng Iwwerraschungsepisod mat enger Analyse vum Bildungssystem, Promi-Obsessiounen an der Keelt an Tove Lo à gogo. Detektiver zu Tréier, British Horror Stories a gekidnappten Italiener... méi international gëtt et net méi. An der Pipeline sinn och nach Psychopaten, Performance Art mam...

#86 Dee mat der allgemeinen Verkehrskontrolle 13.11.2022

Started from the here, now we're bottom... klammt eran an den Taxi Richtung Banlieue a freet iech op super gay Entertainment, emotional Abschider a Gegoogels vum Tageblatt. Mir hu kriminell Energie (an dräi Länner) an Eyes Wide Shut op Wish bestallt. Mat am Auto ass massakréierte Wäin, de Nosferatu of Pop an de Social Media Ikarus. Sinn amfong all wäiss Leit Gingers? Wat ass "Wrosé"? Aus wéi enger...

#85 Dee mat der Corona-Onzourechnungsfäegkeet 01.11.2022

Dee mat der Corona-Onzourechnungsfäegkeet Eng distanzéiert Episod OUNI Schampes an Jingles? Haut ass alles anescht: Deem enge vun eis ass souguer Räis mat Botter ze schaarf, deen aneren prost mam non-binäre Sake. (Disco-)Féiwer, philosophesch Froen mam Hannah Montana a Leit, déi musse blockéiert ginn... et gëtt e Riese-Bohei fir eis Hard People Fans gemaach! Zum Ofschloss vum spooky Oktober ginn e...

#84 Dee mat der MDMA-Therapie 23.10.2022

Haut gëtt et eng kleng Iwwerraschungsepisod: We say a little prayer a probéieren eng 4. Kéier, fir iech mat Mënscheverstand an der Mendes-Affaire 2.0 duerch de Sonnden ze guidéieren! E bësse "Sophies Welt", en Touch "Belle Epoque" an en Hauch TMI vum ORL. Et gëtt mam ZLS um Buchstaw geridden an zu Miersch gedanzt, e Knigge zum Frühstück giess an iwwer Smacks debattéiert. Opgepasst: Et gëtt onverhä...

#83 Dee mat der Mental Health Week 16.10.2022

World Mental Health DAY? Net mat eis! Mir expandéieren d'Konzept a maachen eng Woch fir iech draus... Blondinnen, Place to be Bambësch an de Bon Iver um Ballermann – nom Motto "It's not you, it's them" coacht de perséinleche Problempodcast iech mat enger extra héijer Alliteratiounsquote duerch dës ongemittlech Zäiten. D' Dream Sugar Pop Kardashian, pornösen Top Gun an e Glas Negroni (Spagliato) si...

#82 Dee mat der Ukënnegung 02.10.2022

Haut gëtt et "deepgrënneg", wëll de Feierkrop ënnert de Podcasts nees ënnerwee ass, fir psychologeschen a gastronomesche Verschwierungstheorien op de Fong ze goen. Op der Flucht virun der Schampespolice befaasse mir eis mat den Destiny's Child vun der Musel, mat Saumons Paschtéitercher a mat de Mean Girls aus der Chamber. Ween nach keen Hierschtblues huet, kritt en hei gratis: Traumatesches vum Sc...

#81 Dee mam Fiederwäissen ab halwer 10 18.09.2022

De Summer ass eriwwer an är Disneyprinzessinnen sinn erëm am Jumm! Mat Verkéier bis zum Verloscht vum Liewenswëllen, enger Meerjungfrau bei der Darts-WM an engem offiziellen Hochzäitslidder-Verbuet crashe mir der Queen hiert Begriefnis a schwätzen iwwer Aszendenten. Dir wëllt wëssen, géint wien de Yannick d'Jill ab nächster Kéier antauscht a wisou en Escape-Room en Trennungsgrond ka sinn? Da sidd...

#80 Dee (bal) mat der Fouer 04.09.2022

Är wilde Mäuse kommen haut mat enger gudder kaler Cola Light (oder Zerrro?!) em den Eck gejauft a behandelen delikat Themen ewéi Age-Shaming beim Leo an Tattooshaming zu Lëtzebuerg. Op der Polemik-Schëffschaukel gi Bicher rezenséiert, Ierfschaften a Steierproblemer beschwat a franséisch Rap-Karriären geplangt. Genial Geschäftsiddien, e bësse Gebuertsdag an eng Grëtz Woodstock stinn och um Sonndes-...

#79 Dei mam Schlëssel am Gesiicht 03.09.2022

Die große Italien-Spezial-Folge

#78 Dee mam Claire Luxlait 20.08.2022

Mir sinn haut am Puddingdeel vun der Aachtchen ënnerwee... Frësch aus dem Killrayon ginn et bodenlose Boomer-Beef, eng vill ze spéit Entschëllegung an e gudde Riecher fir Reality-Shows. On top hu mir 100% lokal Molkerei-Mythen, because it's gonna be a Luxlait summer! Ier de Yannick zum Jesus gëtt (wahlweis och zum Rihanna oder Joy Hoffmann) an d'Jill sech dem psychedelesche Surfrock widmet, test s...

#77 Dee mam "Liberté, Egalité, Beyoncé" 15.08.2022

Let's hit the club... oder den E-Lake. An der grousser Steißbein-Spezialfolge ginn et depriméierend Promi-News an Erweckungserlierfnisser zu London... Oh well! Et gëtt och nees ganz musikalesch mam Toni Braxton vun de Security-Leit, dem Patti LaBelle vun de Rollschung an dem Grace Jones. Mir sinn nach méi hopelessly devoted to ZLS ewéi soss an expandéieren äre Vocabulaire. Et gëtt och nees gewinnt...

#76 Dee mam Ballermann-Fame 30.07.2022

"Äddi, Salut an Ciao... mir fueren op de Stau." Net mat eis! Jidderee mëscht Paus – ausser mir (oh, the irony). Genéisst déi läscht Podcastfolgen, ier sech eis nei Alter Egos mam Atze Schröder an d'Oofgrënn vum Megapark verabschiden. Virdrun gi net nëmmen mir alles fir iech, mee och de René, d'Sophie Passiv-Aggressiv an d'Sheila an de Pol/Kevin. An eisem Club Med gëtt an der Dusch gekrasch, mam Go...

#75 Dee mat oder ouni Pride 17.07.2022

Willkommen, bienvenue, welcome! Ass et nach Pech oder scho Brujeria? Haut gëtt et e Pride-Special, deen anescht ass, ewéi geduecht. Et gëtt fléissend Spuenesch, "dei Aal vun haut", Drag Queen Witzer an d'Rocky Horror Hippo Show. D'queer vibes sinn dës Kéier esou staark, dass d'Jill Popstar-Wife gëtt an de Yannick ni méi heem wëll. De Podcast géint de niddrege Bluttdrock bréngt iech #justiceforWill...

#74 Dee mam gringe Koks 21.06.2022

E schéine Bonjour vun der Calabasas Këppchen! Är anonym Influencer ASBL ass haut prett fir gegrillte Barbien, bottomless Mimosas an eng Kippchen am Fliger. Um heißen Stuhl ginn et dës Kéier viral Däitscher, d'Waffen-SS an d'Stacie Orrico. Mir si prett fir Konschtperformances vum Peppa Pig an hunn erstaunlech vill Sonnebrëller am Gepäck. Scheitert mat eis um Transport Public a strike a pose fir en...

#73 Dee mam Dora the Plagiat-Explorer 05.06.2022

Paroles, paroles, paroles... Haut gëtt extra vill geschwat – a mir hunn eis nach kuerzgefaasst. D'Totschlagargument ënnert de Podcasts huet fir iech KENG "Stranger Things"-Spoiler, dofir awer e Sproochfeeler, Copy/Paste zu Stroossen an e bësse Breitmann. An dëser Episod schléisse sëch ganz vill Kreesser an de Claude François ass och dobäi. Op der Dagesuednung stinn ënner anerem d'zweet Fréijoer vu...

#72 Dee mam Trixie op der gayest place in the world 24.05.2022

Frësch aus dem Hotelszëmmer kritt dir haut e mini "Paus. on tour" mat engem opreegende Meet & Greet. Maacht iech waarm fir eng Ronn Dirty Dancing mam Harry an Gendergaga mam Gisela. Sidd dir prett fir de Sardellen-DJ, de BWLer Yannick an eng Liebeserklärung un d'belsch Haaptstad? Mir hunn niewt sproochlechen hate crimes och d'Kiwi, d'Toni an de Rüdiger mat dobäi. Ass Diddeleng eigentlech Transsilv...

#71 Dee mam lëtzebuergesche Coachella 08.05.2022

Haut gëtt eng ganz speziell Episod – frësch zerwéiert vun der éischter Ausgab vum Messtival! Sidd (quasi) live dobäi, wéi är léifsten Woo Girls op der Bün braddelen an d'Gäscht irritéieren, déi einfach a Rou en Thüringer iesse wollten. Ass Reckeng op der Mess d'Mailand vu Lëtzebuerg? Gëtt et an Zukunft e neit nervegt Instrument an eisem Podcast? A komme mir eisem Rap-Dram vläicht e Stéck méi no? N...

#70 Dee mam Klappen zu Capri 30.04.2022

Haut gëtt et eng Episod voller Froen: Wat ass de Code de la Posch? Wat maache Punks beim Louis Vuitton? A firwat ass de Yannick en Hond? Mir zerwéieren iech d'Macht der Magie, Baccarat Rouge fir d'Vollek a Mormonen. Dotëscht nach e bësse Rapp a Klapp viru Geriicht, de Sales-Lentz, deen Teenie-Dreem ruinéiert, elle Männer a Speck am Internet.

#69 Dee mam chrëschtleche Féiwerdram 16.04.2022

Um Ouschtersonndeg ersti mir fir iech op a brénge Coachella-Vibes, Bärlauch-Petzien a skandinavesch Verwirrungen. Mir hunn den Ende, de Ronni an d'Kitty fir iech verstoppt a schenken iech Visa-Probleemer, e Fussballerdrama an en TikTok-Trend aus den 2000er. Mat am Ouschternascht sinn haut och medial Kontroversen an natierlech de Jesus himself.

Höre den Podcast Paus. in Replaio

Radio und Podcasts in einer App - kostenlos und ohne Anmeldung. Installiere sie noch heute und verpasse den Start nicht

Bei Google Play herunterladen

Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet