Jill & Yannick
Paus.
Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :)Nach méi Paus. fannt dir op:- Instagram: https://bit.ly/3RVs4np- Facebook: https://bit.ly/3RVshabFir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt(Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Wo hören?
Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbarPodcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts
Folgen
#160 Dee mam Kitty 10.08.2025 1:06:27
D'Summer-Paus. geet weider a mat dobäi ass haut keen aneren ewéi d'edgy "Kindle"-Queen a Member vun "The Cocktails": d'Kyra a.k.a. Kitty (oder och Kythi). Paakt är Mini-"Dianas" aus a kommt mat eis an d'Kölner Clubszeen aus den 2010er, mam Streckeisen an d'Frittebud an op de Gehaansbierg. Mat dobäi sinn e Festival-Recap (vu "Frauenfeld" bis "Werchter"), nei Rockstars (Midlife-Crisis incoming!),...
#159 Dee mam Lizzy 26.07.2025 1:04:16
An der éischter "Summer-Paus." iwwerreeche mir d'Zepter un d'Lizzy: Hatt ass net just d'Little Miss Pinterest, mee och déi viirbereetste Persoun vun allen Zäiten. Frësch vum Minigolf huet hatt Kaddoen, Kichelcher a Buzzeren am Gepäck – vläicht spille mir Spiller, mee vläicht ass dat alles och just eng "Intervention". Mir schwätzen ënner anerem iwwer Halloween an der Villa, "Disney"-adults an Hero...
# 158 Dee mat der Homoerotik am Ouer 12.07.2025 1:02:02
Et ass déi läscht Folleg ier d' Summer-Paus.-Episode starten an et geet uerdentlech virun: Mir fänke mat de "No Angels" un, sti mam Airfryer am Lift a spille mat Red Flags. Fir déi néideg Holiday-Vibes ginn et amerikanesch Absurditéiten, pöbelnd Politikerinnen a Féisswéih um Festival. Mir gi mat den Aliens an den Europapark an diskutéieren iwwer Marketing, "American Apparel" an e persesche Rapper....
#157 Dee mam F***ennnationalfeierdag 29.06.2025 1:09:21
Herzlichen Glückwunsch zu mir! Et geet um Surfbriet a Richtung Kneppenhepperdampferfest - well et ass Zäit fir eng nei Episod vun ärem Liblingspodcast! Tëscht Dokteschrechnungen an italieenesche Bopen am Weltall gëtt sech iwwer "Picon Béier"-Männer opgereegt, Thomas Mann-Joer gefeiert an "GNTM" analyséiert. Impfunge mat Mulch, d'franséisch Schiller a Goethe an d'Ikkimel (feat. Jang Linster) sinn...
#156 Dee mam Üben 15.06.2025 1:07:38
Den "Houfrëgmount" ass amgaang an är problematic faves sinn am Asaz – mat Aarullen a GANZ ville Ligen! Kenne mir de Bachelor an d'Hanni? Lafe mir den "ING"-Marathon beim Opernsangen? Muss ee vun eis no enger Hochzäit auswanderen? Live aus dem Hondskuerf ginn et (opgewiermten) Köln-Gossip, schéint Aanrullen an eng Diskussioun iwwer Iwwerkompensatioun. Fouteuses de merde, Schlager (halb Fisch, halb...
#155 Dee mam Flippo 01.06.2025 1:29:45
Mir huelen de Fisher-Price-Kassetterekorder eraus a leeë lass mat "Jills & Yannicks Radioshow"! Haut gi seriö Themen ewéi Gewalt géint Fraen, Pädophilie-Skandaler, Cancel Culture a Rassismus ugeschwat. An typescher Paus-Manéier kommen awer och Gossip an Dommheeten net ze kuerz: Et gëtt Maskottchen-Drama an Drammänner aus dem Backstage, Punk-Sirenen op TikTok a Beauty Blenders beim ESC. En plus sti...
#154 Dee mat de Labubus 18.05.2025 1:24:06
D'Sue Sylvester a säin héich beschäftegte Kolleeg hunn haut eng jett dufte Themen fir iech parat: al Männer am Fliger, marokkaneschen Ueleg an den RTP si just d'Spëtzt vum Äisbierg. Mir fuere mat iech op Divatown, bei Warner Brothers an an d'Disneyland fir Autoleit. Ausserdeem gi prominent Doudesfäll, brennend Plantagen an en Tennisaarm beschwat. Nieft enger (Prä-)Analys vum ESC ginn et och nach N...
#153 Dee mam Klaus Kinski am Palladium 04.05.2025 1:32:27
D'Marlene Dietrich sëtzt am Donkelen, d'Liza vu Lëtzebuerg hëlleft beim Charitydinner an d'Musiksdiven ginn ënnert d'Lupp geholl – dat a villes méi erwaart iech haut an ärem Liblingspodcast! Mir äusseren eis zwar net iwwert de Poopst, dofir awer iwwer e Mierschwéngche mat Gittar, Kolleeginne vum Tennis an Toilettëpabeier aus dem Cactus. Ausserdeem geet et ëm d'Catcalling Season, Stage Moms op der...
#152 Dee mam Koks am Waasser 20.04.2025 1:20:59
Oh Lord(e) have mercy! Um Ouschtersonnde sinn de Johannes den Täufer an d' nei BFF vum Bibél-Timur nees fir iech do an hunn net nëmmen Easter Eggs am Gepäck, mee och Foreshadowing. Mir feieren e Familientreffen am "Verso", Frëndschaftsoofbroch um "Coachella" a Musical-Ikonen bei "Drag Race". Et gëtt eng Wiederauferstehung mam Missy, Landflucht op de Cap Vert an eng Schnitzeljagd aus dem Jenseits....
#151 Dee mat der Speckmaus 05.04.2025 1:27:51
D'Bibi an d'Tina aus der Podcastwelt sprange fir iech vun der Frank Elstner-Maschinn a klammen an hier travelling Pilates pants, well haut steet villes um Programm. Ee vun eis ass a senger Bus-Ära, deen anere mëscht e Stage am "Foot Locker". An dëser Folg si crazy Girls ewéi d'Claudia an d'Bettina, d'Mme vu Singapur an d'Sylvie Vartan mat dobäi. Niewt Spotify-Geräischer, engem drëtte Member-Reveal...
#150 Dee mam eenzegen Influencer vun der Welt 22.03.2025 1:17:41
D'fei Madämmchen aus der Staat an dee Mann, deen sech am Summer gären emol selwer invitéiert, kommen haut éierlech an transparent em den Eck: Trennungen an Dating-Opriff, de Roger Dahm op Reddit, schnéiwäiss Enttäuschungen a Späizattacken vu Schauspiller (mat Techno) si just e puer vun de Punkten um Ordre du jour. Hairspray-Probleemer, sech fir Lëtzebuerg schummen, Macaron-Mafiabusiness, MAGA-Mau...
#149 Dee mam Fraendag (en Dag ze spéit) 08.03.2025 58:21
Wëllkomm an der coincéierter Adele-Ära! Haut geet et vun der Kathedral duerch de Security-Check bei der Kierch an den Atelier a bei de Baby-Papst. D'Thermomixmuddis an Edith Piaf-änlechen Australier waarde schonn a si mat ënnerwee fir d'Patriarchat ze stierzen. Et gi Wuertwitzer mat Eeërstäck, e grousse Béier a kleng Gesten. Nieft Momfluencer, déi de Verstand verluer hunn, Schlager aus de 70er a s...
#148 Dee mat der Geisel bei de Metal-Fans 22.02.2025 1:11:00
Lëtzebuerg ass zeréck aus der obligatorescher Schivakanz - an et ass Zäit fir gouda Laune! Är petty 1987 babies hunn haut e waghalsege Slalom aus däitsche Roboter, thailännesche Schieter a Kölner Geldschäiner dobäi. Et gi Lawine vu Männerhaass, Mobbing unter Palmen a Make-up by Lalalala ausgeléist. Mir waarde gespaant op d' Resultater vun der Bundestagswal (Bei Gott sogar!) a verdreiwen eis d Zäit...
#147 Dee mam Boomer-Humor zu Réimech 09.02.2025 1:03:58
Silencio! Äre Liblingspodcast ass nees do an huet alles dobäi, wat iech gutt duerch de Februar bréngt: SNL-Comedians an Haaptrollen, onzourechnungsfäeg Leit am Stroosseverkéier a Witzegrenzen zu Lëtzebuerg. Mir sichen e joedennewaldesken Typ mat enger Jeep, liwwere Cottage Core an en Touch Männerhaass. Beschwat ginn esou wuel e Film-Epos, deen engem op der Broscht läit, ewéi och eng perfekt Serie...
#146 Dee mat Nieten, Nutten, Nagetiere 11.01.2025 1:03:24
Är Grande-Duchesse begréissen iech am Joer 2025 mam Motto "We listen and we judge" – ënner anerem mat blanner Léift a polished trash, Geböllers an dem Anne Hinged. Hei ginn et fun facts ouni fun, e Western an der Stuff an e Wok op der Autobunn. D'Zousatzkeess-Nancy Drew, wat Gemeinsamkeete mam Trump huet, an e Booktok-Fan, dee mat senger Kaffismaschinn reest, këmmeren sech haut och em Themen ewéi...
#145 Dee mam Merdy Christmas 29.12.2024 1:17:46
Zwischen den Jahren ass äre Guilty Pleasure Podcast zwar dout vu bannen, mee liwwert trotzdeem alles, wat ee virum Joreswiessel wësse muss: Weie Fussballveräin ass sympathesch? Kann ChatGPT d'Zukunft viraussoen? A wisou gëtt um 26.12. guer net gestuerwen? No enger Chrëschtdags-Recap an zukünfteg Feierdags-Iddie erlaabt d'"Professionell und seriös GmbH" sech esouwuel e Bléck op d'vergaangent Joer e...
#144 Dee mam Klaasohm Heufer-Umlauf 15.12.2024 1:27:37
Mir sinn erëm do an hunn alles dobäi, wat dir fir d'Feierdeeg braucht: Trüffelpasta, d'Kussespill an eng gutt op den Aarsch. D'Lisa Left Eye Lopes an en Engel mat BBL präsentéieren iech haut Beef mat der Krankekeess 2.0, skandaléist Security-Behuelen an de Mustard of Disaster. Äre Bitcoin-Helpdesk verséisst iech d'Adventszäit mat de beschte Recommandatioune fir de Schluss vum Joer: ënner anere...
#143 Dee mat der Wicked-Erkenntnis 16.11.2024 1:05:06
Et ass eng Schank laang Zäit fir eng nei Episod – also gëtt direkt lassgeluecht. Alles geet bei der Däiwel a mir mat: Et gëtt Neies vun der Police hirem Etablissement, RTL geheit sech aus der Fënster an et herrscht Weltschmerz no de Walen. "Loyalität vor Kompetenz" am Wäissen Haus, zukünfteg Tattoo-Projeten an Urban Legends mat Nimm sinn haut mat vun der Partie... genee esou wéi ganz vill Gerasche...
#142 Dee mat den Ice Cold Angels 03.11.2024 1:18:35
Evacuate the Liichterketten, et ass Zäit fir Chrëschtdag! Ënnert dëm Motto "Huiuiui...heute wird's anders!" présentéiert äre Liblingspodcast iech kuerz no Halloween net just "passiv-aggressive Szenen einer Freundschaft", mee och allerhand aner spooky Saachen ewéi Zukunftsängscht duerch Jugendfilmer, Morde fir de Glow, den DJ Ötzi als Stripper a Läiche bei der Schoul. E Film iwwer Jeans an Dance M...
#141 Dee mat der total sënnvoller Erklärung 20.10.2024 55:33
Den heiligen St. Chickenfinger ass aus dem Marianengraben operstanen a prett fir d'Bear-Week! Mam Porno-Halsduch, Schimmel un der Mauer a bad Allies starte mir an déi nei Woch. Et gëtt ënnert dem Pentagramm gejaut, eng Jesus-Obsessioun aus der Primaireschoul nees ausgepak a géint e Kand gepöbelt. Mat dobäi sinn och d'Rihanna, dem Ryan seng It-Boys an en Touch Gebills. Et gi Lidder fir aus der Dus...
#140 Dee mam hellege Bimbam 06.10.2024 1:22:22
Am Lëtzebuerger été indien gëtt et dach näischt méi Schéines ewéi plakeg Loverboys um Daach, her royal cuntiness op der Bün an de Frankie Valli op wat och ëmmer. Herrgott erhéier eis, well et gi schwéier Froen ze beäntweren (merci Tristan) a vill Reliéises ze beschwätzen: Poopst, Kardinol, e sexy Rabbi a Ketamin-Mormonen? Mir hunn se all mat am Pausa-Mobil. Mee och cineastesch Epiphanië sinn dobäi...
#139 Dee mam Maale Gars 22.09.2024 1:21:35
Endlech ass et esouwäit! The internet's favorite boyfriend, Lausbouf, Pädagog an ally huet et an de Podcast gepackt... an ass a senger healing era. De "Cis Gars" (neie Kënschtlernumm?!) huet net nëmmen LX-Rapper, nostalgesch Gefiller an e grousse Coup mam Yung Hurn matbruecht, mee och fragil Männeregos a Basketstrainerinnen. Liebesgeständnisser, Perspektivewiessel an eng Wäikinnigin op Konfrontati...
#138 Dee mat de "Bore Worms" (Konditionsschwimmen) 08.09.2024 1:24:08
Häerzlech wëllkomm beim Dschungel Camp Lëtzebuerg! Haut gëtt et déi klengst Generatioun vun der Welt an de längste Gedoldsfuedem, Wäikinniginnen an tea vum Steieramt, Action zu Malle an Hollywood Marketing Fails. Manner Larifari an zum Deel ongewinnt seriö Theme stinn um Programm: Et gëtt e Misogynie-Selbsttest, Neies vum Mockridge a gesellschaftlech Probleemer, déi keng méi sollte sinn. Mat dobäi...
#137 Dee mam sténkege Baggerweier 25.08.2024 1:00:04
Et geet elo duer! Är OGs sinn erëm do an hunn alles mat dobäi, wat d'summerlecht Häerz héich schloe léisst: Wirschtercher, Hënn mat Goldketten an iwwerdeiert Birkenstocks. D'Vakanzevibes gi komplettéiert duerch eng vegan Metzlerduechter, Mansplaining, Melodramatik an d'Môme herself. Vill "almost 40"-excitement, eng gebrache Lanz fir Kuelenhydrater an d'grouss Speedo-Kontrovers sinn och mat dobäi....
#136 Dee mam Gilles (heterosexuelle Quotenmann) 14.08.2024 1:13:21
Treffen sech dräi Labertaschen am "Quai" zu Maacher... Nee, et ass kee Witz, mee eis aktuell Summerepisod mam Gilles Reuter, dee vill iwwer Naturwäin, seng Dadaen an Éisträich (wou onsympathesch sinn an Haass en Deel vun der Kultur sinn) ze zielen huet. Tëscht Wiener Baren an engem feelende Kölner Stadzentrum geet et och ëm TV-Entspanung fir Leit mat rouden Aen, Serië fir d'Häerz an ugepisste Kann...
Ähnliche Podcasts
Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet