MÉI WÉI SEX

Méi wéi Sex – Staffel 6

Health EN ↓ 23 Folgen

De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper

Besuch unbedingt die Website des Podcasts und unterstütze die Macher: sexpodcast.ara.lu

Autor

MÉI WÉI SEX

Kategorie

Health

Podcast-Website

sexpodcast.ara.lu

Neueste Folge

12. Jul 2024

Wo hören?

Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbar

Podcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts

Bei Google Play herunterladen Kostenlos installieren Android fast 10 Mio. Downloads · Bewertung 4,8 iOS bald

Folgen

#147: Wat ass queer? – Community Episod 12.07.2024

Fir eisen End of Season Event vun der 6ter Staffel hate mer net nëmmen zwee wonnerbar Workshops an eng Drag Show, mee mäer hunn och mat eiser wonnerbarer Community live eng Episod opgeholl! Mir hu mat Iech driwwer geschwat, wat “queer” amfong ass, an hunn dobäi villfälteg Aspekter vun deem Thema beliicht (och mat Ärer … Continue reading "#147: Wat ass queer? – Community Episod"

#146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung 28.06.2024

Et deet wéi, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun ënnerhalb vun enger Bezéiung eis zeréckweist. Dat Gefill ka mol méi schlëmm, mol manner grouss sinn. An dëser Episoden zielen d*e Robin an de Joël, wéi si domadder ëmginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkënnt. Mä net … Continue reading "#146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréc...

#145: Vu Gefiller a Kierperen – Schwangerschaft 14.06.2024

Schwangerschaft ass eng aschnéidend Zäit am Liewe vu ville Leit, déi sech fir Eltreschaft a Kanner décidéieren. Gläichzäiteg ranke sech vill Mythen ëm Schwangerschaft an ëm d Kierperen vu Mënsche mat Uterus. An dëser Episod erzielt d Paule dem Robin iwwer seng zwou Schwangerschaften, seng Gefiller rondrëm a wéi säi Kierper sech verännert huet. Och … Continue reading "#145: Vu Gefiller a Kier...

#144: Oneenegkeeten aushalen – Konstruktiv Streiden 31.05.2024

Fir déi meescht vun eis ass Sträit direkt mat onangeneeme Gefiller a Situatioune verbonnen: sech ublären, Beleidegungen, geklaakten Dieren a gebrachent Porzeläin. Mä dat muss net sinn, et kann een*t nämlech och konstruktiv streiden. Also esou, datt herno weder Teller nach Häerze gebrach sinn an een an enger Bezéiung weider kënnt. An dëser Episod erklären … Continue reading "#144: Oneenegkeet...

#143: Ech wëll eppes vun dir an ech weess genee wat – queer netmonogam Frënd*innenschaften 17.05.2024

Frënd*inneschaften si fir déi allermeeschte Mënschen e wichtegen Deel vun hirem (soziale) Liewen. Leider leede verschidde Faktoren an enger hetero- a mononormativer Welt dorun, fir eis Frënd*inneschaften heinsdo ze vernoléissegen. De Joël an d*e Robin schwätzen an eiser Episod doriwwer, wéi si hir Frënd*inneschafte gesinn – a firwat si queer net-monogam Frënd*inneschaften pfleegen, a wéi &#8...

#142: Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn 03.05.2024

Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn.  Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, … Continue reading "#142: Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn"

#141: Cu oder Byebye? – Verhütung mat der Kofferspiral 19.04.2024

D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer – wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d’Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel – an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser … Continue reading "#141: Cu od...

#140: Turnschlappen, Brëscht a Menopause – (kee) Sex am mëttleren Alter? 05.04.2024

De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt – a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass “déi gutt Zäiten” dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d’Sandra erzielt vu Besti...

#139: FOMO, Konsum an d’Britney – Toxic Sex Positivity 22.03.2024

Influencer*innen, Partien, esouguer Produiten: Et schéngt, wéi wa jiddereen*t a säi Cousin hautdesdaags sexpositiv wéilte sinn. A wärend déi eng vun de wonnerbaren Orgien erzielen, op deenen si waren, kréien déi aner FOMO, d’Fear of Missing Out. Mä wien decidéiert eigentlech, wat mir net „verpassen“ dierfen? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*e Robin … Continue reading "#139: FOMO,...

#138: Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie Beweegungen – Feminismus zu Lëtzebuerg 08.03.2024

Et ass den 8. Mäerz, de feministesche Kampfdag! Passend zu dëser Occasioun schwätze mäer an dëser Episod iwwer d Geschicht a Géigewaart vum feministesche Kampf zu Lëtzebuerg. An d*e Robin ass dobäi net alleng, mee huet Ada vum Kënschtler*inne Kollektiv Richtung22 am Studio. Ada gëtt dann och e klengen Abléck an d Zukunft vun der … Continue reading "#138: Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie...

#137: It’s fucking political – Sex a Politik 23.02.2024

Haut gëtt et politesch! De Joël an d*e Robin diskutéieren, firwat a wéi Sex a Sexualitéit politesch si kënnen, an och ob Sex ëmmer politesch ass. Wann s du heiere wëlls, wat Politik mat HIV, Kondomer an Hoer ze dinn huet a firwat dass eist Méi Wéi Sex Team kee Sex mat Nazis huet, da … Continue reading "#137: It’s fucking political – Sex a Politik"

#136: Vun Plugs, Pegging an Popos – Analsex 09.02.2024

Et ass gläichzäiteg een Tabuthema an ee vun deene meeschtgesichten Termen op Pornositen. Et kann een*t et mat Toys, mat Fanger, mat der Zong, mat engem Penis oder esouguer der ganzer Fauscht maachen. Riets ass vun Analsex. De Joël, den Elie an d*e Robin schwätzen ënnert anerem doriwwer, ob si léiwer Analsex oder Butt Stuff … Continue reading "#136: Vun Plugs, Pegging an Popos – Analsex"

#135: Du Aarsch – Vum Kickes bis zum Po, alles iwwer Hënnere 26.01.2024

Firwat fënnt een Hënneren interessant oder attraktiv? Wéi gëtt de Pupes popkulturell präsentéiert? Wéi oft denkt een un den eegene Kickes? Wat formt eis Bezéiung zu eisem Dokes? A wat kann een alles mat Äersch maachen? Doriwwer schwätzen de Joël a Robin an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer „How to: Complete Your … Continue reading "#135: Du Aarsch – Vum Kickes bis zum P...

#134: Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Self Care 12.01.2024

D’Joer 2024 huet ugefaangen, an dat kënnt fir vill Leit mat Neijoersvirsäz anhir! Vu dass Self Care momentan zimmlech e thing ass, ass dëst Konzept eise Podcaster*innen och als Virsaz duerch de Kapp gaang. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat Self Care amfong ass, wéi se ausgesi kann a firwat … Continue reading "#134: Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Self Ca...

#133: Popcorn, Picknick oder Poppen – Wat ass een (gudden) Date? 29.12.2023

Wien kennt et net? Et trëfft een*t sech mat enger Persoun, et ënnerhält een*t sech gutt an um Enn freet een*t sech: War dat elo een Date? De Joël, den Elie an Kelly probéieren an dëser Episod, dem Geheimnis op d’Spuer ze goen an ze klären, wat een Date ass. An well mir net bei … Continue reading "#133: Popcorn, Picknick oder Poppen – Wat ass een (gudden) Date?"

#132: Daily Bodyhorrors – Ekel, Schummt a wierd Kierpersachen 15.12.2023

Eenzel Hoer, klompeg Flëssegkeeten, interessant Gerösch – den dägleschen Kierper produzéiert sou Eeneges fir dat mer eis intuitiv schummen oder eekelen. An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly driwwer. Mir froen eis: Wat gëtt et esou u weirde Saachen, déi aus eise Kierpern erauskommen oder drop wuessen – a wouhier kommen Ekel a Schummt?

#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage 01.12.2023

HIV an AIDS, Begrëffer déi och haut nach a ville Leit Angscht ausleisen. No der furchtbarer Epidemie an den 80er a 90er, déi virun allem queer Mënsche getraff huet, sinn och haut nach vill Stigmaën iwwer HIV an de Kapp vun de Leit ze fannen. Well et am Globale Norden méi roueg ëm d Thema … Continue reading "#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage"

#130: Coming out later in Life – Interview mamm Annette 17.11.2023

Vill vun eis, virun allem déi méi jonk ënnert eis, hu sech relativ fréih an hirem Liewen mat Sexualitéit a Geschlecht auseneegesat. Virun allem an de soziale Medien an a ville queere Spaces ass d Perspektiv vu Jonke präsent, oder och nach vu manner Jonken déi vu queeren Erfarungen aus hirer Jugend erzielen. Mee wat … Continue reading "#130: Coming out later in Life – Interview mamm Annette"

#129: Deng Mamm fënnt de Legolas flott – Elteren a Sexualitéit 03.11.2023

An dëser Episod gëtt et ganz akward. Oder op mannst schwätze mir iwwert een Thema, dat vir vill Leit bëssi peinlech oder komesch si kann:  Déi eegen Elteren a Sexualitéit. D*en Robin an de Joël schwätzen iwwer Opklärung a wéi déi u schlechte Bicher scheitere kann, iwwer Schimmt an d’Eltere beim Sex héieren. Ausserdeem erzielen … Continue reading "#129: Deng Mamm fënnt de Legolas flott...

#128: Méi wéi just eng Course – Drag zu Lëtzebuerg 20.10.2023

Wa Leit vun Drag heieren, dann denken se oft mol un Ru Paul’s Drag Race – eng weltbekannte Show, déi Kultstatus an der queerer Kultur huet, an déi Drag an de Mainstream bruecht huet. Oder zumindest eng bestëmmte Form vun Drag …Den Charlie ass e lëtzeboieschen Drag artist, a schwätzt mamm Robin doriwwer, aweifern Ru … Continue reading "#128: Méi wéi just eng Course – D...

#127: Pony, Vokuhila oder Brosse – Frisuren a wat se bedeiten 06.10.2023

Haut gëtt et mol erëm horeg. Kelly a Joël schwätzen awer net iwwer Intimbehorung, mä iwwer d’Frisuren, déi mir um Kapp droen. Déi soe jo meeschtens eppes iwwert déi Persoun aus, déi se dréit. Mä ginn et wierklech queer Frisuren? An wisou änneren esou vill Leit hir Frisur no engem Break-Up? Nieft deene Mysterien ginn … Continue reading "#127: Pony, Vokuhila oder Brosse – Frisuren...

#126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit 22.09.2023

Demisexualitéit – e Begrëff, dee vill Leit schonn eng Kéier héieren hunn, mee ëm deen et vill Mësskonceptiounen gëtt. Kelly an d*e Robin probéieren an dëser Episod, d’Notioune vun Attraktioun a Sexualitéit opzeschlësselen, erklären den Ënnerscheed tëscht A- an Demisexualitéit an erzielen dovun, wéi ënnerschiddlech si hir Sexualitéit wouerhuelen. Niewebäi geet et och ëm Kuch, … Co...

#125: Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kussen 15.09.2023

An der éischter Episode vun Staffel 6 (yay!) geet et em: éischt Kussen! 😗😘😚😙 Joël, Kelly, Robin an Elie schwätzen iwwer weieng éischt Kussen si haten, wat e gudden éischte Kuss ausmëscht an wei vill Zong gewollt ass. An der Rubrik erkläert Kelly, firwat een bei Erreegung net nëmmen muss op de Gas drécken, mee och … Continue reading "#125: Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kusse...

Höre den Podcast Méi wéi Sex – Staffel 6 in Replaio

Radio und Podcasts in einer App - kostenlos und ohne Anmeldung. Installiere sie noch heute und verpasse den Start nicht

Bei Google Play herunterladen

Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet