Bob Reuter
Iwwer Gott an d'Welt
LU - An dëser Radio Sendung gëtt „iwwer Gott an d’Welt“ geschwat. De Lex an de Bob vun AHA Lëtzebuerg (Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker zu Lëtzebuerg) beliichte verschidden Themen duerch de Brëll vum weltlechen Humanismus. All Episod exploréiert en anert Gebitt vum humanisteschen Denken an Handelen. Si schwätze mat Humanistinnen an Humanisten aus der ganzer Welt iwwer d’humanistesch Liewensweis, hir Wäerter an Iwwerzeegungen. D'Sprooch variéiert en Funktioun vun de Gäscht am Studio. Dobäi behandelen si ënner anerem: d’Geschicht vum Humanismus, Atheismus, Agnostizismus an der Opk...
Wo hören?
Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbarPodcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts
Folgen
Episode 50 - Kein Bock auf Nazis 09.06.2026 45:44
In dieser 50. Episode von "Iwwer Gott an d'Welt" unterhält Lex sich mit Bastian Drumm über das "Kein Bock auf Nazis" Festival in Kusel, welchesvvom 2. bis 4. Juli 2026 stattfinden wird. Sie sprechen darüber wieso er und seine Mitorganisator*innen dieses Festival veranstalten, was sie mit Luxemburg verbindet und was die Besucher*innen des Festivals erwartet. Weitere Infos zum Festival hier: ht...
Episode 49 - Reerdigung: eine humanistische Perspektive auf die Rückkehr zur Erde 12.05.2026 1:00:00
In dieser 49. Episode von "Iwwer Gott an d'Welt" unterhält Bob sich mit Jörg Litwinschuh-Barthel, Vertreter der Stiftung Reerdigung, einer gemeinnützigen Organisation für die Verbreitung und Legalisierung der Reerdigung in Europa. Sie sprechen darüber was die "Reerdigung" ist, welche Argumente für diese Form der Bestattung sprechen, was uns die Forschung darüber sagt, wie die r...
Episode 48 - Wei kënne mer eis géint totalitär Ideologien wieren? 14.04.2026 1:00:30
An dëser 48. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Thomas Steinmann driwwer, wéi mir eis géint totalitär Ideologien wiere kënnen. Den Thomas huet duerch säi Beruff als Sozialaarbechter eng gewëss Toolbox entwéckelt, déi hien asetze kann, souwuel am beruffleche Kontext wéi am private Liewen, wann hien op Mënsche stéisst, déi totalitär Iddie hunn a probéiere se ze v...
Episode 47 - Vive d'Republik! 10.03.2026 1:00:56
An dëser 47. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ennerhalen de Lex an de Bob sech mam Claude Frentz a mam Jan Guth vun der ASBL 1919 iwwer d'Geschicht vun de republikaneschen Projeten zu Lëtzebuerg a wéi hiere Veräin versicht fir d'Wëssen doriwwer an der Bevëlkerung ze stärken. De Claude Frentz huet viru kuerzem d'Buch "Vive d'Republik!" publizéiert woumadder hien probéiert fir d'Memoire vun dëse r...
Episode 46 - Generation 50+ im Sog von Verschwörung & Esoterik 10.02.2026 59:52
An dëser 46. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" ennerhalen de Lex an de Bob sech driwwer wéi besonneg d'Generatioun 50+ d'Gefor leeft fir sech ze radikaliséieren an an de Bann vu Verschwörungstheorien, Esoterik a soss geféierlechen Ideologien ze geroden, obwuel mer bis elo ëmmer gemengt hunn et wären déi Jugendlech déi ee virun de Gefore vu Fake News, Filterblosen und co. schütze misst. Haut ass S...
Episode 45 - Réckbléck op d'Aktivitéiten bei AHA am Joer 2025 13.01.2026 1:00:40
An dëser 45. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Tanja Frank, och Member am Verwaltungsrot vun AHA Lëtzebuerg, iwwer dat wat AHA Lëtzebuerg am Joer 2025 beschäftegt huet. Dës Keiers ee Réckbléck op d'Aktivitéiten vum Veräin an och e bessi ee Bléck hannert d'Kulissen vun eisem Wierken. Den direkt Link op eise Pressespiggel fannt dir hei: https://www.aha.lu/index....
Episode 44 - Le trait libre face aux dogmes (un entretien avec Jean-Michel Renault) 21.12.2025 1:01:01
Dans ce 44e épisode de "Iwwer Gott an d'Welt", Bob s'entretien avec Jean-Michel Renault, dessinateur de presse engagé et observateur acéré de notre époque, sur "le trait libre face aux dogmes". Ils parlent du dessin de presse, de la liberté d'expression et du droit au "blasphème". Jean-Michel Renault explore depuis des années les lignes de fracture entre convictions intimes, pouvoir et liber...
Episode 43 - Lëtzebuerg: Wéi hues du et mat der Monarchie? 11.11.2025 1:00:00
An dëser 43. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech am 1. Deel mam Christian Meyers, Dozent op der Uni-Lëtzebuerg, iwwer d'Monarchie zu Lëtzebuerg an d'Relatiounen teschend Haff a Kierch. Am 2. Deel schwätze si mam Paul Rauchs, Psychiater, Psychoanalytiker an Auteur iwwer säi rezent publizéiert Buch "Luxembourgeois, encore un effort si vous voulez être républicains". W...
Episode 42 - Buchbesprechung "Atheistisch glücklich sterben" 14.10.2025 58:59
In dieser 42. Episode von “Iwwer Gott an d’Welt” unterhalten sich Lex & Bob mit Clemens Lintschinger über sein Buch "Atheistisch glücklich sterben", welches "eine tröstliche Anthologie [ist] mit einem umfänglichen Nachwort für Menschen, die ohne Glauben an eine transzendente Weiterexistenz heiter erlöschen wollen." Weitere Infos zum Autor, seinem Werken und auch zum besprochenen Buch: https://...
Episode 41 - Rückblick auf die International Animal Rights Conference 2025 09.09.2025 1:00:16
In dieser 41. Episode von „Iwwer Gott an d’Welt“ blickt Lex auf die vom 4. bis 7. September 2025 in der Kulturfabrik (KuFa) in Esch-Alzette stattfindende International Animal Rights Conference (Internationale Tierrechtskonferenz) zurück. Er sprach mit verschiedenen Teilnehmerinnen und Teilnehmern über aktuelle Entwicklungen im Tierschutz, ethische Fragen und Strategien für eine tierfreundlichere Z...
Episode 40 - Ausblick auf die International Animal Rights Conference 2025 12.08.2025 59:53
Episode 40: Ausblick auf die International Animal Rights Conference 2025 In dieser 40. Episode von „Iwwer Gott an d’Welt“ sprechen Lex und Bob mit Heiko Weber über die International Animal Rights Conference (internationale Tierrechtskonferenz), die vom 4. bis 7. September 2025 in der Kulturfabrik (KuFa) in Esch-Alzette stattfindet. Die Konferenz bringt Aktivist innen, Wisse...
Episode 39 - Réckbléck op d'International Humanist Conference 2025 08.07.2025 1:00:20
An dëser 39. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” maache mer ee Réckbléck op d'International Humanistesch Konferenz (IHC2025) déi AHA Lëtzebuerg de 5. Juli zu Lëtzebuerg organiséiert huet, am Kader vun der Generalversammlung vu Humanists International , déi all Joer op enger anerer Plaatz stattfënnt. D'Thema vun der Konferenz ass: From Awareness to Action: Strengthening Open Societi...
Episode 38 - Ausbléck op d'International Humanist Conference 2025 10.06.2025 59:39
An dëser 38. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer d'International humanistesch Konferenz (IHC2025) déi AHA Lëtzebuerg de 5. Juli zu Lëtzebuerg organiséiert, am Kader vun der Generalversammlung vu Humanists International , déi all Joer op enger anerer Plaatz stattfënnt. D'Thema vun der Konferenz ass: From Awareness to Action: Strengthening Open...
Episode 37 - Politesch Bildung zu Lëtzebuerg 15.05.2025 1:00:25
An dëser 37. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhält de Lex sech mam Marc Schoentgen, Direkter vum ZpB, iwwer politesch Bildung zu Lëtzebuerg. Si schwätzen iwwer d'Missiounen an d'Aktivitéiten vum Zentrum fir politesch Bildung zu Lëtzebuerg. Well de Bob dës Kéiers net konnt live am Studio dobäi sinn, hat hien e puer Froen am Virfeld opgeholl, fir datt den Här Schoentgen drop reagéieren kéint....
Episode 36 - En Hommage un d'Nelly Moia mam Danièle Igniti 08.04.2025 59:14
An dëser 36. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Danièle Igniti. Sie schwätzen iwwer d'Liewen a Wierke vun Nelly Moia, déi den 23. Februar 2025 verstuerwen ass. Si gouf héich geschat als Professesch, Feministin, Déiereschutz-Aktivistin a Fotografin. Berufflech huet si Englesch, Italienesch, Konscht an Ethik (Morale Laïque) am Lycée Hubert Clement zu Esch/Ue...
Episode 35 - Freedom of Thought Report 11.03.2025 59:59
An dëser 35. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Emma Wadsworth-Jones, Casework & Campaigns Manager bei Humanists International iwwer de Freedom of Thought Report . Sie schwätzen iwwer de Sënn an Zweck vun deem Bericht, wat Humanists International domadder alles schonn erreecht huet a wéi een en asetze ka fir d’Rechter vun net-reliéise Mënsche weltwäit schüt...
Episode 34 - Sinn ech een Atheist? 11.02.2025 1:00:32
An dëser 34. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Charles München, dee rezent ee Buch rausbruecht huet mam Titel "Suis-je un athée?" beim Ernster. Mir schwätze mat him iwwer den Inhalt vu sengem Buch, driwer weisou a wéi hien et geschriwen huet. Hei eng kuerz Beschreiwung vum Buch: Ce qui a toujours le plus préoccupé l’humain sont l’amour et la religion et la cup...
Episode 33 - Wat Humaniste gleewen… 14.01.2025 1:00:15
An dëser 33. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer ee Buch wat rezent rauskomm ass a vum Andrew Copson, dem CEO vu Humanists UK, editéiert gouf. Et baséiert op engem Podcast mam selwechte Numm, wou och vun him ass: What I believe. Doranner gëtt ee gewuer u wat bekannten Humanistinnen an Humanisten alles gleewen, wéi eng Wäerter si hunn a wat hinne wichteg ass. D...
Episode 32 - Zum Richard Dawkins 10.12.2024 59:44
An dëser 32. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer dem Richard Dawkins säi Wierken als Wëssenschaftler an als atheisteschen Aktivist. Si lauschteren sech ausgewielten Stécker aus engem Gespréich vum Richard Dawkins mam Peter Boghossian un a kommentéieren se kuerz. Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.
Episode 31 - "Democracy, not Theocracy" with Fish Stark, CEO of A.H.A. 13.11.2024 59:58
An dëser 31. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech iwwer d'Presidentschaftswalen an den USA rondrem een Interview wou de Bob am Virfeld vun de Walen mam Fish Stark, CEO vun der American Humanist Association , gemaach hat zu hierem Projet "Democracy, not Theocracy". Weider Infos dozou hei: https://americanhumanist.org/democracynottheocracy/ Hosted on Acast. See acast.c...
Episode 30 - De Poopst Besuch zu Lëtzebuerg 08.10.2024 58:33
An dëser 30. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Alexandre Hornbeck, och Member vum Verwaltungsrot vun AHA Lëtzebuerg. Si poteren iwwer de Besuch zu Lëtzebuerg vum "Poopst" vun der Kathoulescher Kierch a schwäifen och mol of dobäi. Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.
Episode 29 - Neurosciences de l'obéissance 10.09.2024 59:54
Dans ce 29e épisode de «Iwwer Gott an d'Welt», Bob s'entretient avec Emilie A. Caspar, professeure de neurosciences à l'Université de Gand, sur l'étude neuroscientifique de l'obéissance, à l'occasion de la récente publication de son livre «Just Following Orders: Atrocities and the Brain Science of Obedience». Ensemble, ils explorent ce que les études scientifiques peuvent nous apprendre sur la «na...
Episode 28 - Opklären iwwer d'mënschlech Diversitéit 13.08.2024 1:00:01
An dëser 28. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mam Tom Hecker, deen och nach bekannt ass duerch d'Konschtfigur déi hie spillt: d'Tata Tom. Si schwätzen iwwer d'Diversitéit vun de mënschleche sexuellen Orientéierungen an de Geschlechtsidentitéiten, souwéi iwwer d'Noutwendegkeet fir Opklärung doriwwer ze bedreiwen. Well dës Sendung, Vakanze bedéngt, am Virfeld opgeh...
Episode 27 - Verbuede Musik an Emancipatioun 09.07.2024 59:02
An dëser 27. Episode vun "Iwwer Gott an d'Welt" schwätzen de Lex an de Bob driwwer wéi reliéis a politesch Instanze probéiert hu fir gewëss Zorte Musik ze verbidden oder zum Boykott vu gewësse Musiker opgeruff hunn, a wéi Musik schonn ëmmer ee Mëttel vun der Emanzipatioun wor. Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.
Episode 26 - Humanistesch Zeremonien zu Lëtzebuerg 11.06.2024 59:12
An dëser 26. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhalen de Lex an de Bob sech mat 3 humanisteschen Zeremonienmeeschter, dem Mayalani Moes, dem Artemis_ia an dem Alexandre Hornbeck. Si schwätzen driwwer wéisou si humanistesch Zeremonien ubidden, wei si dat maachen a wat hinnen dat bedeit. Wann dir Kontakt wëllt ophuelen zu engem Zeremonienmeeschter da kuckt ran op www.aha.lu a klick op Zeremonie...
Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet