radio 100,7
Fënster Op
Mir ënnerhalen eis mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Wee si op Lëtzebuerg bruecht huet.
Wo hören?
Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbarPodcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts
Folgen
Dominikanesch Republik 07.12.2025
D’Dominikanesch Republik läit op der Insel Hispaniola, déi zu de groussen Antille gehéiert. Dëst Land deelt sech dës Insel mat der Republik Haiti, déi de westlechen Deel vun der Insel anhëlt. Aus der dominikanescher Republik kommen d’Urspréng vun der Bachata an dem Merengue. Nationalsport ass de Baseball. De Cédric Reichel am Gespréich mam Michael Martinez Gonzalez a Jackar Valenzuela.
Demokratesch Republik Kongo - 2 23.11.2025
Et gëtt dës Kéier eng Première bei Fënster Op: Fir déi éischte Kéier schwätzt de Cédric Reichel direkt zweemol hannerteneen iwwer dat selwecht Land, awer mat aneren Invitéen. Et geet och dës Kéier nees ëm d’Demokratesch Republik Kongo. E Land, dat zu méi wéi 60 Prozent mat tropeschem Reebësch bedeckt ass, an d’Haaptstad Kinshasa ass eng vun de gréissten a bevëlkerungsräichste Stied an Afrika. Dem...
Demokratesch Republik Kongo 16.11.2025
Mir huelen Iech dës Kéier mat an d’Häerz vum afrikanesche Kontinent, an e Land mat enger faszinéierender Natur an enger beweegter Geschicht. IIwwer 60 Prozent vum Land si mat tropeschem Reebësch bedeckt, an d’Haaptstad Kinshasa ass eng vun de gréissten a bevëlkerungsräichste Stied an Afrika. Trotz enger schwiereger Vergaangenheet huet de Kongo eng räich Kultur an eng begeeschtert Sportszeen. Legen...
Schottland 09.11.2025
Schottland ass en Deel vu Groussbritannie mat eppes iwwer 5 Milliounen Awunner:innen an enger ganz eegener Geschicht an Traditiounen. D’Haaptstad ass Edinburgh an déi bevëlkerungsräichst Stad ass Glasgow. Hei fënnt och reegelméisseg ee vun de geschichtsträchtegste Fussballderby statt, den Old Firm. Duddelsäck, de Schotterack, Whisky an d’Monster vu Loch Ness si fest Bestanddeeler vun der schottesc...
Finnland 26.10.2025
Finnland ass e Land a Skandinavie mat Grenzen zu Norwegen, Schweden a Russland. An der Landessprooch heescht Finnland Suomi. D’Finne gëllen zënter Joren als besonnesch glécklech Leit, wei de World Happiness Rapport behaapt. D'Klischeeën iwwert d’Land sinn déi grouss Léift zur Sauna, datt d'Mënschen net vill schwätzen, d'Melancholie an Nokia. Iwwert all des Theme schwätzt de Cédric R...
Burkina Faso 19.10.2025
De Burkina Faso leit a Westafrika, ouni direkten Accès zum Mier, mat als Nopeschlänner de Mali, Niger, Benin, Togo, Ghana an der Cote d’Ivoire. Lëtzebuerg ass zënter den 90er Joren en enke Kooperatiounspartner an huet och eng Botschaft an der Haaptstad Ouagadougou. Den Nationalsport ass d’Vëlofueren. De Cédric Reichel am Gespréich mat dem Serge Daniel Kaboré, Roger Kiemdé Yamnoma, Stanislas Kaboré...
Montenegro 12.10.2025
Montenegro läit am Balkan a Südosteuropa. An der Landessprooch heescht des Land ganz einfach schwaarze Bierg, Crna Gora.. Zanter 2006 ass dëst Land, dat laang Joren en deel vun Ex-Jugoslawie war an dono an enger Federatioun mat Serbie war, komplett onofhängeg. D’Bevëlkerung vu Montenegro ass ongeféier esou grouss wei Lëtzebuerg, dat awer op enger 5 mol esou grousser Fläch. Déi montenegrinesch Comm...
Georgien 28.09.2025
An der Landessprooch heescht Georgien Sakartvelo. Et huet Landesgrenze mat Armenien, Aserbaidschan, Russland an der Tierkei an Zougang zum Schwaarze Mier. 3,7 Millioune Mënsche wunnen an dësem Land, an deem ee mat Lari bezilt. Scho virun 8.000 Joer gouf hei Wäin hiergestallt. Berüümt ass dëst Land och fir seng Kléischter, zum Beispill an der Kasbek-Regioun oder zu Mzcheta an och fir de polyphone C...
Venezuela 21.09.2025
Venezuela läit am Norde vu Südamerika, huet Grenze mat Brasilien, Guyana a Kolumbien an eng 2.800 Kilometer laang Küst mam Atlantik. An de leschte Joren hu vill Leit dëst Land aus ekonomeschen oder politesche Grënn verlooss. Bekanntsten Iessen aus dësem Land sinn Arepas, eng Zort décke Panech aus Mais. Nationalsport ass de Baseball. De Cédric Reichel am Gespréich mam José Gregorio Gomes Faria, der...
Bolivien 07.07.2025
Bolivie läit an der Mëtt vum südamerikanesche Kontinent. Ëmgi vu Brasilien, Paraguay, Argentinien, Chile a Peru, huet et selwer kee Mierzougang. D’Haaptstad ass Sucre, mee déi meeschte kennen éischter de Regierungssëtz La Paz, mat 3.650 Meter iwwer dem Mieresspigel och den héchste Regierungssëtz op der Welt. Dacks beschwéiere sech auslännesch Fussballnationalekippen iwwer d’klimatesch Bedéngungen,...
Schweden 24.06.2025
Schweden ass e Kinnekräich tëschent Norwegen a Finnland, e Land mat 10 Milliounen Awunner:innen. Et ass d’Land vun den Elchen, vun der Fika, also der Kaffispaus mat Kanelbullar, den Zimtschnecken, an natierlech dat Land, aus deem en zimmlech grousst Miwwelgeschäft kënnt, awer och Abba, Roxette oder Ace of Base. Iwwer all dës Klischeeën an awer och iwwer Den stora älgvandringen - déi grouss Elchwan...
Nationalfeierdag-Spezial 22.06.2025
Wéi gëtt an anere Länner Nationalfeierdag gefeiert? Wéi ee Stellewäert huet deen Dag do a wat sinn eventuell Ënnerscheeder zu Lëtzebuerg? Eis Invitéen am Fënster Op hunn eis iwwer hir respektiv Länner erzielt. Dir gitt zum Beispill gewuer, wéi wichteg Freedefeier op Malta ass, oder datt a Länner wéi Tschechien oder Schwede guer net esou richteg gefeiert gëtt.
Usbekistan 10.06.2025
Usbekistan ass en duebelt Banneland, also e Land ëmgi vun anere Länner ouni direkten Zougang zum Mier a grenzt u Kasachstan, Kirgisistan, Tadschikistan, Afghanistan an Turkmenistan. Mat iwwer 30 Milliounen Awunner:innen huet et déi gréisste Bevëlkerung an Zentralasien. Usbekistan ass bekannt wéinst senger laanger Geschicht als Deel vun der historescher Seidestrooss. Bekannt si virun allem déi al M...
Venezuela 02.06.2025
Venezuela läit am Norde vu Südamerika an huet Grenze mat Brasilien, Guyana a Kolumbien an eng 2.800 Kilometer laang Küst mam Atlantik. Dëst Land verfüügt offiziell iwwert déi gréissten dokumentéiert Pëtrolsreserven op der Welt. An de leschte Joren hu Millioune Leit dëst Land wéinst Hyperinflatioun, Repressioun, Gewalt a Perspektivlosegkeet verlooss. Den Tourismus am Land ass zënter 2019 total ageb...
Aserbaidjan 19.05.2025
Den Aserbaidjan ass e Land a Virderasien, tëscht dem kaspesche Mir an dem Kaukasus. Hei liewen 10 Millioune Mënschen, bal 90% dovu schiitesch Muslimen. An der Haaptstad Baku liewen iwwert 2 Millioune Leit. An de leschte Joren hunn hei grouss Evenementer wéi d'ESC-Finall, d'Weltklimakonferenz COP a Matcher vun der Fussballeuropameeschterschaft 2021 stattfonnt. D’Land vermaart sech och tou...
Holland 05.05.2025
Holland a Lëtzebuerg verbënnt eng joerhonnertelaang gemeinsam Geschicht op villen Niveauen. Holland ass liicht méi grouss wéi d’Schwäiz, huet nach ëmmer Kolonien an et liewe bal 18 Millioune Mënschen an dësem Land. Rotterdam ass ee vun de gréissten Häfen an der Welt, Amsterdam d’Haaptstad a vill international Institutiounen hunn hire Setz an Holland. Klischeeën iwwer dëst Land sinn natierlech, dat...
Philippinnen 28.04.2025
D’Philippinne sinn e Staat a Südostasien a bestinn aus 7.641 Inselen, vun deenen der nëmmen 2.000 bewunnt sinn. Do wunnen insgesamt iwwer 114 Millioune Mënschen. Berüümt ass dëst Land fir seng Räisterrassen, vun deene verschiddener iwwer 2.000 Joer al sinn. Et ass och e Land mat eng grousser Sproochevillfalt a ganz villen Dialekter. An et gëtt dacks gesot, datt d’Philippinnen déi längste Chrëschtz...
Armenien 22.04.2025
Schonn 301 no Christus huet dëst Land d'Chrëschtentum als Staatsrelioun ugeholl. De biblesche Bierg Ararat gëllt als Nationalsymbol an dësem Land, e läit awer an der Tierkei. Armenien huet eng laang Schachtraditioun an e puer vun de weltbeschte Schachspiller kommen aus dësem Land. Et liewe méi Armeenier am Ausland wéi am Land selwer an d’Diaspora huet e groussen Afloss op d’Land. Iwwer all dë...
Mexiko 31.03.2025
A Mexiko liewen dem World Happiness Rapport no déi 10. glécklechst Mënschen op der Welt. Et ass dat 13. gréisste Land an huet mat 130 Milliounen Awunner:innen déi gréisste spueneschsproocheg Communautéit op der Welt. Touristesch interessant ass d’Land fir seng Iwwerreschter vun der Azteken- a Mayakultur a seng Plagen. D’Iesskultur ass immens räich an huet méi ze bidde wéi nëmme Guacamole, Tacos an...
Irland 24.03.2025
Irland ass déi drëttgréissten Insel an Europa, awer geopolitesch an zwee gedeelt. Op där enger Säit d’Republik Irland, op där anerer Säit Nordirland, dat zu Groussbritannie gehéiert. Irland huet siwe Mol den Eurovision Song Contest gewonnen, e Rekord. D’Iren zelebréieren och hir Clichéen, wéi hir Léift zum Guinness, der Faarf gréng a rouden Hoer. Mee ass Saint Patrick’s Day eigentlech wierklech ir...
Iran 17.03.2025
Den Iran faszinéiert vill Leit wéinst senger Geschicht, senger joerhonnertenaler Kultur, senge grousse Wäiten oder och der Architektur, déi vum Zoroastrismus beaflosst ass. Den Iran ass eent vun den 20 flächeméisseg gréissten an och bevëlkerungsräichste Länner. Mee et ass och e Land, dat vill Männer a Fraen an de leschte Joren hu misse verloossen, sief et wéinst hirer Relioun, hirer politescher Ha...
Ungarn 10.03.2025
Ungarn huet 10 Milliounen Awunner:innen a läit a Mëtteleuropa. Et ass e Binnestaat an huet Grenze mat am Ganze siwen anere Länner: der Slowakei, der Ukrain, Rumänien, Serbien, Kroatien, Slowenien an Éisträich. Ungaresch gëllt als eng vun de schwéierste Sprooche, fir se ze leieren. D’Haaptstad Budapest ass duerch dee längsten europäesche Floss, d’Donau, an Zwee gedeelt. An iwwer déi ungaresch Kiche...
Tierkei 03.03.2025
D’Tierkei läit zu 97 Prozent um asiatesche Kontinent an nëmmen dräi Prozent um europäeschen. Getrennt si se duerch de Bosporus. D’Haaptstad ass net Istanbul, déi bevëlkerungsräichsten a gréisste Stad vum Land, mee Ankara. Bekannt ass d’Tierkei och fir seng grouss Fussballkultur, seng Plagen un der Ägäis a seng Bierglandschaften an Ostanatolien. An de leschte Joren hunn awer och vill Tierken aus po...
Chile 24.02.2025
Chile ass fir vill vun eis dat laanggezunne Land a Südamerika. D’Land huet eng Nord-Süd-Längt vu 4.200 Kilometer an dat bei enger duerchschnëttlecher Breet vu manner wei 200 Kilometer. Touristesch huet dëst Land och vill ze bidden. Mee d’Land gouf och gepräägt vun enger Militärdiktatur ënner dem Augusto Pinochet vun 1973 un. Dës huet d’Liewe vun eisen 3 Gäscht vun dëser Woch nohalteg gepräägt. De...
Tschechien 17.02.2025
D’Tschechien an d’Slowakei hu sech 1992 getrennt a goufen onofhängeg Länner. Et war eng friddlech Trennung. An dësem Fënster Op wäert awer doriwwer geschwat ginn. Aner Froen un eis Invitéen aus Tschechie sinn, ob si ënnereneen e Gefill vu Communautéit hunn? Wat gëtt et an Tschechien nach ausser Prag a bëllege Béier? A wéi gesi si hir Relatioun mat hirer Mammesprooch? D’Cally Kerschen am Gespréich...
Ähnliche Podcasts
Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet