Carole & Marylène
carma club
Carma Club ass de Podcast fir all déi, déi de Kapp mol ausschalte wëllen. Mir sinn d’Carole an d’Marylène a schwätzen iwwer dat richtegt Liewen: Bezéiungen, peinlech Momenter, Frëndschaften, Alldag, Vakanz-Desasteren an alles, wat eis zum Laache bréngt. Éierlech, spontan an ouni Filter. Also huel dir e Café, eng kuscheleg Decken oder däi Glas Wäin a komm an de Carma Club. XOXO, CARole & MArylène 😉
Wo hören?
Podcasts in der App Replaio Radio Bald verfügbarPodcasts kommen bald in die App. Installiere sie jetzt und erlebe als Erster einen ganz neuen Blick auf Podcasts
Folgen
#10 Hat mengt dat wierklech eescht?! 29.06.2026 32:45
An eiser neier Folleg kläre mir, ob d'Marylène elo definitiv zur Autos-Maus ginn ass – an ob et him domat wierklech eescht ass. Mir schwätzen iwwert Pizza a Pasta a Spuenien, verroden, wien dem Carole säi witzegste Frënd oder Frëndin ass, a ginn der Fro no, ob d'Marylène d'Fro no sengem Liblingsgeroch vläicht e bëssen ze eescht hëlt. An zum Schluss stelle mir eis nach vir, wéi et wier, wann d'Mary...
#9 Ass eis Frëndschaft eng eenzeg Enttäuschung? 18.06.2026 43:27
Et sti vill Froen op! Geet d'Carole eleng d'Baach erof? Steet d'Frëndschaft lo um Spill? Sinn mir villäicht guer net de selwechte Mënsch? Mir léieren eis ëmmer méi kennen, mee ob mir eis doduerch iwwerhaapt méi sympathesch ginn, gëss du hei gewuer. Lee d'Been op den Dësch a lauschter ran! 👀🎙️
#8 Haut fléie Leit aus dem Carole sengem Liewen eraus! 03.06.2026 33:12
Haut gëtt ausgemëscht. Mir schwätzen doriwwer, firwat et heiansdo gesond ass, Leit aus sengem Liewen ze loossen, wéi vill Labelloen ee Mënsch wierklech brauch, wat mir am Réckbléck vill méi fréi hätte solle maachen a firwat d'Sportveräiner eis Frëndschaft op eng haart Prouf stellen. Eng ganz normal Carma-Club-Folleg also. 😅
#7 Carma Exterior 22.05.2026 33:48
#7 Carma Exterior Liebe Grüße aus dem Marylène senger Heemecht, wou hat sech endlech richteg verstanen fillt. Firwaat d‘Caro Tiktok gelöscht huet an vun wem hat romatesch iwwerrascht ginn ass! Sinn Carole an Marylène elo offiziell Schwësteren? Lee dech zréck, huel den Fanger aus der Nues an dréck op Play👉▶️ 👃 👆🚫 #ounidechounimech #carmaexterior
#6 De Fiat 500 08.05.2026 32:19
Et geet em Villes… Mir fannen all zesummen eraus wisou d'Marylène esou ass wéi hat ass. Ween de Grond ass dass dem Carole d'Wieder feelen an et gëtt gekuckt ween méi eekelhaft ass wéi deen aneren. Gett déi Kéier d'Geschicht wéi dem Marylène säi Papp fir kuerz Zäit och zum Carole sengem Papp ginn ass endlech gedropped? Schalt de Kapp mat eis zesummen aus. Viiiill Spasssje
#5 R.I.P. Slip 23.04.2026 35:38
Firwat muss d'Carole seng Ënnerbox wechgeheien a wat huet dat mat senge Strëmp ze dinn? Kennt dem Marylène säi Papp mat him zesummen an de Prisong a wat der Däiwel ass GLIMMER? Dat kläre mir an der neier Podcast Folleg. Hal op mat scrollen a lauschter eis bëssen no. Cooohool, merciiii an Äddiiii.
#4 Barbie & Ken 09.04.2026 28:35
Wat ass dem Marylène säin gréissten Turnoff a wa mir eent Geräisch wieren, wéie wier dat? Ob de Sonnde wierklech traureg ass, a wat et Neies vu Marylène sengem Papp gëtt, gëss du an der neier Folleg gewuer!
#3 Ass et e Geheimnis? 28.03.2026 43:19
Ween ass haut besser drop? Ginn et Geheimnisser zwëschent eis zwee déi musse gelüftet ginn oder ass et souguer méi wéi dat! Et gëtt vill gelabert (alt erëm), et geet vill, oft a séier hin an hier an awer geet et aaalt erëm och ebessen méi deep...naja lauschter selwer! Ahjo, nach eppes: LIKEN, KOMMENTÉIEREN, DEELEN!!!!!! Support ist kein M**d ok? Ok! Mir soe merci aaan... ...Äddiiiiii
#2 Un café con leche avena 10.03.2026 34:35
D'Señoritas si säit 3 Deeg a Spuenien an dreeme quasi schonn op español. Un Café con Leche hei, eng Enseimada do a mir wëllen och am leiwsten ni mei erëmkommen. Op d'Marylène d'Carole iwwerhaapt leide kann, wat seng gréisste Schwächt ass an op et iwwerhaapt nach eng 3te Folleg wäert gi gëss du hei gewuer. xoxo Carole & Marylène
#1 Mir ginn zesummen d'Baach erof 19.02.2026 34:52
Eis éischt an sécher net lescht Podcast-Folleg ass endlech do! Mir stellen eis vir… awer ganz entspaant, well mir wëllen dech jo net direkt iwwerfuerderen. An e puer kuerze Sätz schwätze mir iwwer déi wierklech wichteg Froen am Liewen: Wien wullt sech wéini an der Nues? Dréit een Sandalen mat oder ouni Strëmp? An: gëtt d’Carole nach Presidentin oder lande mir zwee zesummen am Prisong? Eng locker,...
Ähnliche Podcasts
Replaio ist kein Herausgeber von Podcasts; die Namen der Sendungen, Cover und Audioinhalte gehören ihren Autoren und werden über öffentliche RSS-Feeds verbreitet