radio 100,7
Fiasko Fest
Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...
Určitě navštivte web podcastu a podpořte jeho tvůrce: www.100komma7.lu
Kde poslouchat?
Podcasty v aplikaci Replaio Radio Už brzyPodcasty míří do aplikace už brzy. Nainstaluj si ji teď a jako první uvidíš úplně nový pohled na podcasty
Epizody
S01E07 Mir sinn all Loser: Sandra Lieners a Georges Goerens 14.04.2024
D'Sandra Lieners ass Sportlerin a Molerin an de Georges Goerens (Bartleby Delicate) ass de Frontsänger vu Seed To Tree, eng Hallschent vum Musekerduo Englbert a Programmateur vun der Kufa. D'Sandra an de Georges philosophéiere mam Luc Spada iwwer al ginn, den Drive hanner der Kreativitéit a siche verzweifelt no leschte Wierder.
S01E06 Mir sinn all Loser: Josée Hansen an Alex Monteiro 07.04.2024
Als Journalistin war d'Josée Hansen richteg frech. Bereit si et? Vläicht. E bëssi. Mëttlerweil ass si méi roueg ginn, wat awer och sécher mat deem neien Job am Kulturministère zesummenhänkt. Wat sech awer ni ännere wäert, ass d'Angscht eppes ze verpassen. Net méi kënnen "dobäi" ze sinn. Dat gesäit de Comedien a Psycholog Alex Monteiro ganz änlech. Um Ball bleiwen, sech net einfach zefridde ginn. H...
S01E05 Mir sinn all Loser: Yannick Lieners a Fabienne Dimmer 31.03.2024
De Yannick Lieners ass de Grënner vum Plooschterprojet, Sportler, Schoulmeeschter an och u Leukemie erkrankt. De Yannick bezeechent sech selwer als e Kämpfer. An d'Fabienne Dimmer ass Venue Managerin vum Atelier, fir "Catch a smile" aktiv a sëtzt am Gemengerot zu Diddeleng. Heiansdo mécht si och guer näischt. Wéini dat ass, entscheet d'Fabienne awer am léifste selwer. Wéi mat Situatiounen ëmgoen,...
S01E04 Mir sinn all Loser: Blanche Weber, Cosimo Suglia 24.03.2024
D'Blanche Weber ass Presidentin vum Mouvement Ecologique an iwwerzeegten Idealistin, och wann et der allgemenger Weltsituatioun net immens gutt geet. An de Cosimo Suglia ass lëtzebuergesche Schrëftsteller, dee seng Echecken och gäre mat a seng Literatur fléisse léisst. Gläichzäiteg versicht de Luc Spada sech a punkto Optimismus.
S01E03 Mir sinn all Loser: Vera Hoffmann, Angel Cara 17.03.2024
D’Vera Hoffmann ass Leeferin a misst hir Trainingssituatioun radikal veränneren, fir erëm gutt Zäiten ze lafen. An d’Angel Cara léisst sech gären Zäit mat hirer Karriär an huet och kee Problem domat, wann een hir Musek net feiert. De Luc Spada freet no.
S01E02 Mir sinn all Loser: Luc Feit an Isabelle Marinov 10.03.2024
D'Isabelle Marinov huet hire Beruff als Juristin gehaasst. An ass elo erfollegräich Schrëftstellerin vu Kanner- a Jugendbicher. An trotzdeem ass et net einfach mat de Suen. Net anescht ass dat mam bekannte Lëtzebuerger Schauspiller Luc Feit, dee genee weess, wéi et ass ze scheiteren. An och weess, datt dat deen eenzege Wee fir e räicht Liewen ass. En déift an éierlecht Gespréich iwwer Liewen, den...
S01E01 Mir sinn all Loser: Joanne Goebbels a Maz 03.03.2024
D’Joanne Goebbels wier et bal ginn: Directrice vun der Nationalbibliothéik. An de Maz wollt op d’Eurovisioun op Malmö, awer och dat gouf näischt. Wéi gi si mat hiren Echecken ëm? Dat wëllt de Luc Spada an engem éierleche Gespréich mat der Directrice Adjointe vum Kolléisch an dem Rapper Maz wëssen.
Podobné podcasty
Replaio není vydavatelem podcastů; názvy pořadů, obálky a audio patří jejich autorům a šíří se přes veřejné RSS kanály