radio 100,7
Den Hallwer Néng
Bei allem, wat een esou mécht, stellt ee sech Froen. Ob um Kaffisdësch, am Auto oder op der Schaff - um hallwer 9 gi mir op d’Sich no Äntwerten. Mat Invitéen, déi aus eegener Erfarung schwätzen.
Обов'язково відвідайте сайт подкасту та підтримайте його автора: www.100komma7.lu
Де слухати?
Подкасти в застосунку Replaio Radio Уже незабаромПодкасти незабаром з'являться в застосунку. Встановіть уже зараз і першими побачте зовсім новий погляд на подкасти
Епізоди
Mannerjäreg Auteure vu sexuellen Infraktiounen 25.11.2024
Zanter 40 Joer bekëmmert sech déi vum Dr. Roland Seligmann gegrënnten ALUPSE ëm Affer vu Mëssbrauch a Mësshandlung. An neierdéngs ëm mannerjäreg Auteure vu sexuellen Infraktiounen.
Si wierklech esou vill Klappjuegde néideg? 22.11.2024
Mir froen de Vize-President vun der Jeeërfederatioun, de Marc Reiter.
Firwat ginn et net méi Verurteelunge wéinst sexueller Gewalt? 21.11.2024
Mir froen de Procureur d'Etat adjoint David Lentz.
D'Providers kréie 25 Joer 20.11.2024
Si Cover-Bands op Baler nach ëmmer gefrot? Dat froe mer zwee Membere vun enger vun de bekanntste Cover-Bands am Land.
Lount et sech Uebstbauer zu Lëtzbuerg ze sinn? 19.11.2024
Mir froen de President vum Lëtzebuerger Uebstbauveräin.
Firwat stierwen ëmmer méi Planzen- an Déierenaarten aus? 18.11.2024
Mir froen de Biolog an Naturschützer Jacques Pir.
"Et soll keen op der Strooss erfréieren" 15.11.2024
Haut (15.11.) geet d'Wanteraktioun op: an der Struktur um Findel sti bis den nächste 15. Abrëll 250 Better fir Sans-abrien zur Verfügung. Explikatioune vun de Responsabele vun der Dräieck ASBL: Inter-Actions, Croix-Rouge an elo net méi der Caritas, mee HUT.
Lëtzebuerg, den Zentrum vun der Mikrofinanz 14.11.2024
Net nëmmen elo wärend der European Microfinance Week spillt eis Finanzplaz eng wichteg Roll am Beräich vun den nohaltege Finanzen, erkläert de Christoph Pausch vun der European Microfinance Platform.
DAB+ amplaz UKW: en Defi fir d'Lokalradioen 13.11.2024
Wat bedeit deen neien Diffusiouns-Standard fir déi kleng Radioen am Land? Froen un de Serge Simon vum DLLR, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Lokalradioen.
DAB+ amplaz UKW: en Defi fir d'Lokalradioen 13.11.2024
Wat bedeit deen neien Diffusiouns-Standard fir déi kleng Radioen am Land? Froen un de Serge Simon vum DLLR, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Lokalradioen.
Den neien Europamusée 12.11.2024
De 14. Juni 2025, um 40. Joresdag vun der Signature vun den Accorde vu Schengen, presentéiert den Europamusée zu Schengen mat engem neien Ausstellungskonzept: d'Directrice Martina Kneip erkläert.
Wéivill Apdikte brauch eist Land? 11.11.2024
A wéivill Apdikte verdréit eist Land? Ënner anerem doriwwer schwätzt de Maurice Molitor mam President vum Apdiktesch-Syndikat Alain de Bourcy.
Manner Handy, méi Spillen a gudder Gesellschaft 08.11.2024
Keen Ecran fir Kanner ënner dräi Joer, duerno ginn déi Kleng eréischt ganz lues un déi digital Medien erugeféiert. Dat ass dem renomméierte Psychiater Dr. Serge Tisseron säi Rot. Alles anescht hätt en negativen Impakt op hir Entwécklung. Hien ass zu Besuch zu Lëtzebuerg an Invité am Moiesstudio beim Christiane Kleer.
Wéi kënnen historesch Sitte besser valoriséiert ginn? 07.11.2024
Dat freet d'Christiane Kleer de Coordinateur vum neie Centre des monuments du Grand-Duché de Luxembourg, Marc Gierenz.
Robert Harmsen 06.11.2024
Mam Politikwëssenschaftler an Dekan vun der Fakultéit vun de Sciences humaines an den Erzéiungs- a Sozialwëssenschaften op der uni.lu him beliichte mir déi neiste Resultater vun den US-Walen.
Wat geschitt mat konfiszéierte Wäertgéigestänn a Geldzommen? 05.11.2024
De Michel Turk, Direkter vum nach jonke Bureau de gestion des avoirs (BGA) erkläert, wat beim Staat no engem Verbrieche mat Autoen, Bijouen, Geldzommen, oder och Immobilie gemaach gëtt.
Méi wéi 200.000 Kilo Kleederspenden am Joer 04.11.2024
Mat der Nadine Conrardy, Direktesch fir d'Action sociale bei der Croix-Rouge, schwätze mir iwwer brauchbar a manner brauchbar Spenden, déi zu Léiweng zesummekommen a vun do aus verdeelt ginn.
Wéi eng Ënnerstëtzung brauch een an der Trauer? 31.10.2024
Mir froen d'Direktesch vun der ASBL Omega 90, d'Nicole Weis.
Demenz-Preventioun: Wat kann ee maachen, éier et ze spéit ass? 30.10.2024
Mir froen de Professer Rejko Krüger vun der Uni Lëtzebuerg.
Wéi kann ee Kanner an der Trauer ënnerstëtzen? 29.10.2024
Mir froen d'Vize-Presidentin vun der ASBL Trauerwee.
Firwat ass d'Migratioun esou wichteg fir d'Lëtzebuerger Economie? 28.10.2024
Dat froe mir de Joël Machado, deen um LISER dozou fuerscht.
Wéi kënnt een aus der Scholdefal eraus? 25.10.2024
Mir froen de Christian Schumacher vum Service Surendettement vun der Ligue Médico-Sociale.
Wéi kann een de Lycéesschüler:innen Demokratie méi no bréngen? 24.10.2024
Mir froen den Tom Ketter vum Zentrum fir politesch Bildung.
Gëtt de Gas nach eng Kéier méi bëlleg? 23.10.2024
Den Direkter vum Energieliwwerant Enovos, den Erik von Scholz, ass eisen Invité.
D'Police recrutéiert 22.10.2024
Et ginn nees eemol 200 nei Polizisten a Polizistinne gesicht. Wéi si iwwer en Zäitraum vun zwee Joer ausgebilt ginn, erkläert den Direkter vun der Policeschoul Fabio Santomauro.
Схожі подкасти
Replaio не є видавцем подкастів; назви шоу, обкладинки та аудіо належать їхнім авторам і поширюються через публічні RSS-канали