RTL Radio Lëtzebuerg
RTL - Carte Blanche
Meenungen aus der Zivilgesellschaft iwwert d'Aktualitéit
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: play.rtl.lu
Autor
RTL Radio Lëtzebuerg
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
20 nov. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
NicoHoffmann: Carte Blanche vum Nico Hoffmann, 03/12/2025 03.12.2025
Dee laange Wee vun enger EU-Direktiv zu engem Projet de loi bis hin zu der Transpositioun vun engem Gesetz iwwer d’Sammelkloen ... ... mam laangjärege President an Éierepresident Nico Hoffmann vum Konsumenteschutz.
Gaston Ternes: PISA moosst d'Sprooch méi wéi d'Kompetenz!, 24/11/2025 24.11.2025 2:36
All dräi Joer publizéiert d’OECD d'PISA-Studie a vergläicht d'Leeschtunge vu 15-Järegen a Liesen, Mathematik an Naturwëssenschaften an erstellt dorobber hin international Ranglëschten.
Serge Tonnar: Aus liberal gëtt radikal, 19/11/2025 19.11.2025 3:04
De Serge Tonnar mécht a senger Carte Blanche Gebrauch vu senger Meenungsfräiheet, fir dem Xavier Bettel seng Demarchë géint jonk Aktivistinnen ze kritiséieren. Hie mengt, dass dat e geféierlecht a radikaliséiert Verhale vun eisem Vizepremier ass.
RTL: Net nëmmen d'Klima ass op der Kopp, 14/11/2025 14.11.2025 2:41
Eng Carte Blanche vum Richard Graf iwwert d'Klimakonferenz a Brasilien an d'Noutwendegkeet, d'Instrument vun internationalen Accorden net einfach opzeginn.
RTL: Hues du däi Führerschäin an der Lotterie gewonnen?, 12/11/2025 12.11.2025 2:31
Et kann ee sech wuel gutt un dës Spréch vun eisen Elteren erënneren, déi hirem Ierger ob déi Aart a Weis Loft gemaach hunn, wann en aneren Automobilist sech net konform am Stroosseverkéier verhalen huet. Leider ass et net besser ginn, an dee Sproch ass haut méi wéi jee zoutreffend. Eng Carte Blanche vum Françoise Hetto.
RTL: Ëffentlech Europaschoulen an d’Alphabetiséierung op Franséisch, 07/11/2025 07.11.2025 3:10
Mécht den Erzéiungsminister mat sengen neien ëffentlechen Europaschoulen an der Méiglechkeet fir eng Alphabetiséierung op Franséisch ze wielen, onse Bildungssystem futti? De Fernand Fehlen, deen de Bildungsdebat säit véierzeg Joer verfollegt, kann iwwer dëse Virworf nëmmen de Kapp rëselen.
Anne Brasseur: Sport ass méi wéi Rekorder ze briechen, 06/11/2025 06.11.2025 2:48
"Fake News!", dat war mäin éischte Gedanken, wéi ech dëser Deeg gelies hunn, datt an den USA solle Sportskompetitioune stattfannen, bei deenen Dopping net nëmmen erlaabt, mee esouguer ënnerstëtzt gëtt. Net ze gleewen, mee dach wouer. D’Organisateure vun de sougenannten "enhanced games" soen, dass d'Athlete kéinte mat hirem Kierper maachen, wat se wëllen.
Robert Weber: Sozialpolitik verlaangt en déiwe Respekt virun der gewerkschaftlecher Aarbecht, 05/11/2025 05.11.2025 3:09
Wann eng nei Regierung agesat gëtt, dann erwaart sech de Bierger selbstverständlech, dass e Regierungsprogramm erstallt ginn ass, wou Reformen ugekënnegt ginn, déi positiv Effekter fir d'Gesellschaft bréngen. Jo et mussen och mol Korrekture gemaach ginn, déi schmäerzlech kënne sinn. All dat muss awer an enger Walcampagne, engem Parteiprogramm an an engem Regierungsprogramm enthale sinn, an ech sch...
Michel Maquil: Weider Digitaliséierung vun de Bankgeschäfter net ouni finanziell Inklusioun, 03/11/2025 03.11.2025
An enger Welt, an där alles soll esou séier wéi méiglech digitaliséiert gëtt, gëtt et leider awer och vill Leit déi do net matkommen. Um Beispill vun den digitale Bezuelungsmëttelen gesäit een, datt vill Leit riskéieren ausgeschloss ze ginn an duerfir weist dës Carte blanche, datt d’Boergeld eng Rei Eegenschaften huet, déi een och an den digitale Bezuelungsmëttele muss erëm fannen. D’Inclusioun a...
Georges Hellinghausen: Relioun why – why not?, 31/10/2025 31.10.2025
Behält d'Relioun an Zäite vun enger staarker Sekulariséierung eng Plaz? Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.
Pierre Hurt, Directeur OAI: Lëtzebuerg: en agille Laboratoire fir intelligent an innovativ Konzeptioune fir eise Cadre de vie, 29/10/2025 29.10.2025
Eng Carte Blanche vum Pierre Hurt, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI).
Magali Paulus: Wat wann…, 27/10/2025 27.10.2025 2:33
Wat wa mir eis d'Zukunft positiv ausmole kéinten. Wat wa mer mat enger Carte Blanche net nëmmen Iddie vun enger Persoun héiere géingen, mee vu méi Léit. Wat wa mer eis géingen inspiréiere loossen. D'Magali Paulus konfrontéiert eis haut mat enger Hellewull "wat wann". Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
Marc Hostert: D'Bank an de Risiko – wann eng Fassad wéi eng Villa behandelt gëtt, 24/10/2025 24.10.2025
D'Sue fléissen net do, wou se solle fléissen. Dozou eng Carte Blanche vum Ekonomist Marc Hostert.
Gilles Hempel: National Housing Innovation Lab, 22/10/2025 22.10.2025
A senger Carte blanche fuerdert de Gilles Hempel, Direkter vun der Fondation pour l’Accès au Logement, d’Schafung vun engem National Housing Innovation Lab – ee Laboratoire, wou Staat, Gemengen, Associatiounen an Experten zesummeschaffe, fir de soziale Wunnengsbau an d’Wunnpolitik zu Lëtzebuerg nei ze denken.
Christiane Bram: Am Hei an Elo agéieren, 20/10/2025 20.10.2025
Mir kënnen eis Zukunft selwer an d’Hand huelen, komm mir ginn eis all Chancen déi Problemer z’evitéieren, déi an eisen Hänn leien. Dat mengt d’Kommunikatiounsexpertin Christiane Bram an hirer Carte Blanche.
Anja Di Bartolomeo: Haaptsaach wäit fort vun deem eeklegen Asi!, 17/10/2025 17.10.2025
E Mënsch bleift ëmmer Mënsch. Och dann, wann en eng Drogenaddictioun huet, opfälleg ass, souzesoen "net an d’Bild passt." En ongefilterte Kommentar.
Sylvain Hoffmann: Matenee wuessen, mee leider net jiddereen am selwechten Tempo, 15/10/2025 15.10.2025 2:32
Den Dépôt vum Staatsbudget ass all Joer d’Geleeënheet fir de Point ze maachen iwwert déi ekonomesch a budgetär Situatioun zu Lëtzebuerg. Mir dierfen do awer net déi sozial Situatioun aus den Ae verléieren an do stellt ee fest, dass de Budget net der sozial beonrouegender Situatioun zu Lëtzebuerg gerecht gëtt, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice