RTL Radio Lëtzebuerg
Nogelauschtert
D'News-Reportagë vum Radio nach emol lauschteren
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.rtl.lu
Autor
RTL Radio Lëtzebuerg
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
13 oct. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
“Loft no ënnen”, fir d’Hausse vun den Depensë beim Staat ze bremsen., 06/10/2026 07:40 06.10.2026 3:47
D’Recettë vum Staat hunn an den éischten néng Méint vum Joer gespruddelt, mee d’Depensë bal genau esouvill.
Bedenke vum Staatsrot kënnen aus dem Wee geraumt ginn, esou Ministesch., 06/10/2026 07:15 06.10.2026 3:03
Chamberkommissioun Santé iwwer groussherzoglech Reglementer, déi d’Konventiounen tëschent CNS an AMMD ersetzen.
Harald Martenstein: "Mat engem AfD-Verbuet amputéiert een d'Demokratie.", 05/10/2026 17:40 05.10.2026 3:51
Den Auteur a Journalist Harald Martenstein war Invité um Radio.
Arméi: Infrastrukture bleiwe gréisste Chantier, 05/10/2026 12:40 05.10.2026 2:53
Um Méindeg war de neie chef d'état major, de Generol Claude Robinet eisen Invité vun der Redaktuioun.
Auteur a Journalist Harald Martenstein live op RTL Radio, 05/10/2026 12:15 05.10.2026 16:33
Hie gehéiert zu de bekanntste Chronisten an Däitschland. Mat him hu mer eis ënnert anerem iwwert d'Parteienlandschaft bei eise Noperen ënnerhal.
Wéi kann de Gesondheetssecteur méi resilient ginn?, 05/10/2026 07:40 05.10.2026 2:18
D'Penurie vu Ressourcen an d'Cybersécherheet wiere besonnesch wichteg fir d'Resilienz vum Lëtzebuerger Gesondheetssystem, esou d'Spidolsfederatioun.
Juristesch Iwwerpréiwung schleeft, 05/10/2026 07:15 05.10.2026 2:57
D’Konventioun tëscht Psychotherapeuten an CNS waart zanter zwee Joer drop ënnerschriwwen ze ginn
Grippesaison steet virun der Dier, 03/10/2026 10:00 03.10.2026
Spideeler gutt opgestallt fir nei Wellen u Covid- a Grippefäll
"Mir hunn d'Recht, fir sécher Heem ze goen!", 03/10/2026 08:00 03.10.2026
D'ASBL "Ask for Angela" hat eng friddlech Marche duerch d'Stad organiséiert, fir op d'Suerge vu ville Fraen a Männer opmierksam ze maachen.
Groussherzoglech Koppel zu Éinen empfaangen, 02/10/2026 17:40 02.10.2026 3:35
Joyeuse Entrée am Osten
Q&A: Europa soll Pëtrolsreserve fräi ginn, wëllen d'USA, 02/10/2026 12:40 02.10.2026 3:33
D'EU-Kommissioun wëll préiwen, ob een Dieselsreserve fräi gëtt.
"Mir musse fort vu Pëtrol a Gas, fir d'Klimakris ze stoppen", 02/10/2026 12:15 02.10.2026 3:29
Den däitschen Expert Christian Stöcker war de Moien am RTL-Interview an huet gewarnt, datt een d'Klimakris misst eescht huelen an handelen
Amazon: Systematesch Iwwerstonnen a keng Zäit fir Recuperatioun, 02/10/2026 07:40 02.10.2026 3:57
Weidere Signalement bei der Inspection du Travail et des mines (ITM) géint Amazon. Dës Kéier geet et ëm d’Iwwerstonnen.
Studio 2 : Wéi komme mer endlech aus der PISA-Datz?, 02/10/2026 07:15 02.10.2026 3:33
Um Donneschdegowend war déi éischt Emissioun vum "Studio 2", der Nofollger-Emissioun vum Kloertext op der Tëlee.
D'Croix-Rouge wëllt méi Leit rekrutéieren, 01/10/2026 18:00 01.10.2026 2:03
Fir dat Zil ze areechen, gouf elo eng Campagne lancéiert. Dës wier och néideg, well d'Konkurrenz am Gesondheets- a Sozialsecteur wier ganz grouss.
D'Chamber mécht ee Réck- an een Ausbléck, 01/10/2026 17:40 01.10.2026 4:13
Den 13. a 14. Oktober ass déi grouss Rentrée am Parlament. Dëst huet ëmmer méi Aarbecht a soll weider moderniséiert ginn.
Op Belval soll déi éischt Wunngenossenschaft entstoen, 01/10/2026 12:40 01.10.2026 3:41
Méi Wunngenossenschafte géife Marché "gutt zu Gesiicht stoen", fënnt de Minister Claude Meisch.
Steierreform: Eng "fortschrëttlech" Reform mat enger Rei Hicken, 01/10/2026 12:15 01.10.2026 3:34
Mam fréieren Direkter vun der Steierverwaltung Guy Heintz hu mer op d'Steierreform gekuckt.
Neien Nationalen Zenter fir Monumenter, 01/10/2026 07:40 01.10.2026 3:34
No 3 Joer laange Renovatiounen plënnert den Zenter fir national Monumenter a seng nei Büroen an der Fiëls.
PISA-Resultater verbesseren? "Kand sinn" spillt grouss Roll, 01/10/2026 07:15 01.10.2026 3:26
Mir hunn am centre de logopédie a beim Elterenforum nogefrot wéi sech d'Sproochentwécklung bei Kanner kéint verbesseren.
Diskussiounen iwwert Congéen am CPTE, méi Zäit fir d'Famill steet am Raum, 30/09/2026 18:00 30.09.2026
D'Regierung huet Propose presentéiert, fir Congéen, déi et scho gëtt auszebauen an een neien anzeféieren. D'Gewerkschaften an d'Patronat sinn zeréckhalend.
Fënnef Jugendparteie maache Propose géint d'Logementskris, 30/09/2026 17:40 30.09.2026
JDL, CSJ, JSL, Jonk Gréng a Jonk Lénk fuerderen ënnert anerem eng Steier op Wunnengen, déi eidel stinn an d'Mobiliséierung vu Bauland.
Futtball-Nationsleague: FLF-Formatioun mat 3 Punkten no 2 Spilldeeg, 30/09/2026 12:40 30.09.2026 4:03
De Jeff Kettenmeyer analyséiert d'Situation no dem 2-1 géint Bulgarien an dem 0-3 géint Island.
Problem vun der Bildungs-Ongerechtegkeet hätt de Claude Meisch "luppe" gelooss., 30/09/2026 12:15 30.09.2026 3:14
Déi schlecht PISA-Resultater waren Theema mat onser Invitée vun der Redaktioun Djuna Bernard (déi gréng).
De Guy Helminger gëtt fir säi Lieweswierk ausgezeechent, 30/09/2026 07:40 30.09.2026 3:12
Zënter 1987 gëtt all 3 Joer e Schrëftsteller fir säi Lieweswierk ausgezeechent. De Guy Helminger ass de 14. Laureat vum Batty Weber Präis.
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice