Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
Buvette - De Fussballpodcast
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: www.eldo.lu
Autor
Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
7 oct. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
Episod 169 - Zeréck aus dem Wanterschlof 05.02.2025 25:58
Mir si erëm zeréck. No enger laanger a verdammt gudder Wanterpaus gëtt et erëm Zäit op de Fussball ze kucken. Wéi eng Transferte sinn zu Lëtzebuerg geschitt, wien ass de wierkleche Königstransfert a wéi geet et déi nächst Woche weider? Alles dat a nach villes méi an dëser Folleg.
Episod 168 - Wanterpaus 11.12.2024 28:16
D'Buvette geet genau sou wéi de Lëtzebuerger Fussball an d'Wanterpaus. Trotzdeem beschwätzen d'Bouwe vun der Buvette nach eng Kéier déi wichteg Saachen. Wéi geet et mat Hesper weider? Wat huet de Ben zu Stroossen erlieft? Wat ass zu Königsdorf geschitt? Wat maachen d'Ekippen an der Wanterpaus? Alles dat a nach vill méi an dëser Episod vun der Buvette.
Episod 167 - De blanke Wansinn 03.12.2024 33:17
Et ass vill lass wann een sech aktuell am Lëtzebuerger Fussball ëmhéiert: ee grousse Skandal an der BGL Ligue vum Swift Hesper suergt fir Diskussiounsstoff am Land a wou ass déi perfekte Plaz fir natierlech driwwer ze schwätzen? Richteg, an der Buvette. Hesper, Coupe, d'Erliefnisser vum Weekend: d'Jonge vun der Buvette hunn erëm alles fir dech diskutéiert a beschwat.
Episod 166 - Glügin an Emotiounen 28.11.2024 33:47
Et gëtt wanterlech dobaussen an dowéinst schwätzt d'Buvette iwwer verschidde Gedrénks. Mee sou wéi et sech gehéiert och iwwert de Fussball. Wéi war et fir de Ben zu Wooltz? Wat war mam Kommentator lass? Wat ass zu Käerjeng geschitt? An an an.. Wieder Detailer wéi ëmmer erëm an der neier Episod vum Podcast Buvette.
Episod 165 - Et gëtt kal 20.11.2024 29:34
D'Roud Léiwen hu gespillt an dat heescht erëm Kritik vu ville Säiten ausser an der Buvette. De Gerson ass ee super Typ, d'Auswiesslung vum Ralph ass top an de Courage vum Holtz genau sou. Mir hunn erëm déi wichteg Saache fir dech beschwat an ausdiskutéiert: vun Insider bis hin zu dréchene Fakten.
Episod 164 - 90 Minutte laang 14.11.2024 36:15
00000165 00000165 0000389D 0000389D 0006CC4E 0006CC4E 00007E86 00007E86 00034FF5 00034FF5
Episod 163 - B steet fir Buvette 06.11.2024 30:07
De Ben huet eppes fir eis Fussballskultur gemaach a war an der Staat beim 352 Football Festival. Leit, déi de Fussball gären hunn, sollen heiansdo gären e Béierchen drénken a gäre braddelen. Wat wëll een och Méi. Dann hat de Ben awer nach selwer Match a kuckt wat an der BGL-Ligue lass war an den Dylan schwätzt iwwer säin Dag zu Stuttgart.
Episod 162 - Lautrer muss du sinn 30.10.2024 27:03
Ee klengen Telefon aus Stuttgart, e bësse Geläschters riets a lénks. D'Buvette huet erëm den Tour duerch d'BGL Ligue an d'Éierepromotioun gemaach an ausserdeem nach e puer Diskussiounen zum Ballon d'Or begruewen.
Episod 161 - Wat eng Pärel! 24.10.2024 33:01
Wat eng Pärel an der BGL Ligue! Bei der Fola fale Goler, wéi aus dem Billerbuch, de Ben erreecht erëm e Meilesteen a senger Karriäre, Déifferdeng huet ëmmer nach Ee kasséiert an an an. Am Lëtzebuerger Fussball ass vill lass a genau dofir lount et sech déi nei Folleg Buvette zelauschteren.
Episod 160 - Nix Ëmschwong 16.10.2024 36:40
No enger Woch onfräiwëlleger Paus, mellen sech de Gilles an de Ben aus der Buvette zeréck. Um Programm stinn natierlech eis Rout Léiwen. Wéi geet d'Nations-League op een Enn, dat ass déi Fro, déi sech all Mënsch grad stellt. Ausserdeem hunn si nach eng Kéier op d'Coupe zeréck gebléckt an e puer weider Specials, héiers du wann s du eralauschteren.
Episod 159 - Flutlicht op der Grenz 02.10.2024 32:39
An dëser Episod diskutéieren de Ben an de Gilles déi spannendste Momenter aus der BGL-Ligue, analyséieren d’Relegatiounschancë vun den Equippen an der Éierepromotioun a geheien e Bléck op déi rezentst Leeschtungen an Entwécklunge beim lëtzebuergesche Fraefussball. Mat interessante Statistiken an e puer Insider-Tipps suergen si fir déi gemittlech Stëmmung aus der Buvette.
Episod 158 - Sensatioun 25.09.2024 28:52
00000208 00000208 00004242 00004242 000CB458 000CB458 00007E86 00007E86 000407D6 000407D6
Episod 157 - Hinten kackt die Ente 18.09.2024 31:08
De Ben an den Dylan huelen de ganze Lëtzebuerger Fussball am Detail auserneen: Goler, Chancen, Giel Kaarten a souguer eng interessant Karte-Statistik. Da schwätzen si nach driwwer, dass een am Fussball ëmmer bis zum Schluss spille sollt a kucken op den Ufank vun der neier Champions-League-Saison.
Episod 156 - D'Roud Léiwen 11.09.2024 33:04
Lännermatchpaus heescht zwar keng BGL Ligue, keng Bundesliga a Co., mee Lännermatchpaus heescht och Zäit fir d'Roud Léiwen. De Ben, de Gilles an den Dylan kucken wéi et aktuell em d´Roud Léiwen steet, schwätzen iwwert den UNK an der Éierenpromotioun a maachen an dëser Folg souguer e Schwenker riwwer bei d'Paralympics.
Episod 155: Hunnegdrëpp 04.09.2024 31:46
BGL Ligue, Éierepromotioun, 1.Divisiounen an d'Lëtzebuerger am Ausland. De Ben, de Gilles an den Dylan hunn erëm alles analyséierta beschwätze bei weem et leeft, bei weem et eventuell grad net esou leeft, wou d'Goler geschoss ginn a wou een eventuell nach e Goalkipp gebraucht hätt. All dat a nach vill méi an dëser Folleg Buvette.
Episod 154 - Fouersonndig 28.08.2024 32:06
Am ganze Land leeft erëm de Fussball an d'Buvette ass rëm zu dräi. An dëser Episod bleiwen de Ben, den Dylan an de Gilles rëm nëmmen am Lëtzebuerger Land a kucken sech u wat an der BGL Ligue, der Ehrenpromotioun an an deenen anere Ligen de leschte Weekend lass war.
Episod 153 - Sauere Gurken 22.08.2024 28:08
An dëser Episod ass de Ben eleng mam Dylan a si beschwätze wéi ëmmer dat Wichtegst aus dem Lëtzebuerger Fussball. Wat war an der BGL Ligue lass, wat ass an der Ehrenpromotion geschitt a firwat lount sech e Match an der éischter Divisioun besonnesch?
Episod 152 - Den Hummer vum Summer 14.08.2024 32:17
D'Buvette ass rëm zeréck an et gëtt alles op lénks gedréit! Keng Bundesliga méi, keng Premier League méi, näischt Internationales méi. Nëmmen nach déi interessant Saachen an zwar de Fussball aus Lëtzebuerg. De Ben de Gilles an den Dylan hunn sech Gedanke gemaach a plapperen an dëser Episod iwwer Aktuelles aus der BGL Ligue, e Sensatiounstrikot a maachen sech prett fir de Start vun deenen aneren Li...
Episod 151 - Vakanz 30.05.2024 32:22
Et assdéi allerlescht Buvette fir dës Saison, an där op d'Tabellen an d'Barragematcher vum Lëtzebuerger Fussball,sou wéi d'Final vum DFB Pokal gekuckt gëtt. Net ze vergiessen, stinn iwwert de Summer awer nach ganz wichteg Tournoien um Programm. Wéi eng genau, gëtt et an dëser Episod ze héieren.
Episod 150 - Kroni Toos 23.05.2024 37:19
Et ass déi lescht Buvette fir dës Saison an d'Buvette kuckt op eng jett Abschider. Den Dylan, de Kroos, de Kloppo, de Streich a vill weider Typpe verloossen d'Fussballsbün. De Sinani huet St. Pauli an d'Bundesliga geschoss, de Barreiro wiesselt op Benfica an de Lëtzebuerger Fussball huet fir e Skandal gesuergt. Dat a nach villes mei an dëser Episod Buvette.
Episod 149 - Entscheedungen 15.05.2024 30:59
An der Fussballwelt kënnt et esou lues zu Entscheedungen. Kaiserslautern huet d'Klass gehal, Kiel a Pauli sinn opgestigen, Déifferdeng ass Champion, Nidderkuer ass Coupegewënner an an an… Natierlech gëtt dann och an den Ekippen deementspriechend gefeiert a wansinneg Interviewe gehalen. Alles am Detail an dëser Episod Buvette.
Episod 148 - De Baumgart a säin Noper 08.05.2024 37:18
De Ben an den Dylan hunn sech dës Kéier nees d'Méi gemaach an hunn all déi wichtegst Saachen aus der Fussballswelt fir dech opgegraff. Rouspert suergt dofir, dass et keng Meeschterschaftsfeier fir Déifferdeng gouf, den Jamie Carragher huet gelieft wéi een aus der Buvette, De Kroos spillt weiderhin Zockerpassen, de Max Kruse gesäit aus wéi de schlechten Ailton an de Baumgart hat Streit matt sengem...
Episod 147 - Es ist mir scheißegal 30.04.2024 31:08
De Fussball fiddert eis rëm mat genuch Themen. Am Lëtzebuerger Fussball sti Beetebuerg a Sandweiler schonn als Opsteiger fest, zu Rouspert kommen d'Wierm aus dem Terrain an d'11Freunde schreift schéi Berichter iwwert eist Land. An der Bundesliga huet de Wurst-Uli géint den Tuchel gesténkert a Leverkusen schéisst rëm an der Nospillzäit den Ausgläich a verléiert rëm net. Themen iwwer Themen iwwer Th...
Episod 146 - Héngerhaut 23.04.2024 32:14
An dëser Episod Buvette kucke ma rëm ganz detailléiert wat an der Fussballwelt lass war. D'Buvette um Dribbel gëtt vum Ben an den Himmel gelueft, den Dylan huet rëm ander Kreisliga gekickt an de Gilles huet missen erliewen, wéi Leverkusen an der 97.Minutt alt rëm net verléiert. Da kucke ma nach op d'Champions League,schwätzen iwwer dem Lücke seng Héngerhaut a froen eis firwat et an der spuenescher...
Episod 145 - Kartoffel-Flo 16.04.2024 30:33
Wat fir eng Woch. Den Dylan huet rëm an der Kreisliga gekickt, de Ben huet mat Rouspert de Klassenerhalt gefeiert, an der Champions League sinn esou vill Goler gefall, wéi säit laangem net méi an an der Bundesliga ass Leverkuse Meeschter ginn. Mir schwätzen och nach iwwer dem Ben seng grouss Chance am Match an dem Flo Wirtz seng Kartoffelskala.
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice