RTL Radio Lëtzebuerg
Automag
Autonews, Autotester, nei Modeller zu Lëtzebuerg an alles soss ronderëm den Auto
Vizitează neapărat site-ul podcastului și susține-i creatorul: play.rtl.lu
Autor
RTL Radio Lëtzebuerg
Categorie
Site-ul podcastului
Cel mai nou episod
12 oct. 2026
Unde asculți?
Podcasturi în aplicație Replaio Radio În curândPodcasturile ajung în curând în aplicație. Instaleaz-o acum și fii primul care descoperă o abordare complet nouă a podcasturilor
Episoade
Automag: BYD Tang Alldagstest, 20/10/2025 20.10.2025 3:01
Et sinn eréischt e puer Joer hir, dat BYD séng Zelter zu Lëtzebuerg opgeschloen huet. Antëscht ass d’Gamm nawell zolitt gewuess a bitt fir all Goût a Besoin, esou hofft BYD, de richtege Modell. De Paul Origer hat dat aktuellt Flaggschëff, den Elektro-SUV Tang, am Laangzäittest.
BMW M2, 13/10/2025 13.10.2025 2:18
Am Automag vun haut steet en Auto am Mëttelpunkt, deen ze kleng, ze deier an dem Noper vläicht ze haart ass. Rieds geet vum BMW M2, deen den Akim Schmit fir eis op Häerz an Nieren testen duerft.
IAA Mobility 2025 zu München mam Skoda Vision O, 15/09/2025 15.09.2025 2:29
Heiansdo muss e Visiounen am Liewen hunn. Am Automag ginn et där och elo. Skoda hat nämlech di grouss international Bün vun der IAA München genotzt fir seng Zukunftsvisiounen ze presentéieren. Dat a Presenz vun hirem Designer Oliver Stefani. De Skoda Vision O stoung do am Mëttelpunkt, an de Christian Schmit war mat zu München dobäi an hat sech mam Chef Designer doriwwer ënnerhal.
Automag: Dacia Bigster Alldagstest, 11/09/2025 11.09.2025 2:36
Bigster heescht deen aktuell gréisste Modell an der Gamm vun Dacia! No der Presentatioun am Süde vu Frankräich stoung elo ee méi laangen Test hei heem um Programm. Wéi den Dacia Bigster sech am Alldag schléit, dat huet de Paul Origer fir eis erausfonnt.
BYD Seal U PHEV, also Plug In Hybrid vs 100% Elektro Versioun, 08/09/2025 08.09.2025 0:15
Haut gëtt am Automag chineesesch opgedëscht. Made in China, déi Kéier awer net am Restaurant mee am Alldag Test am Auto. Gläich zwee Modeller vu BYD, steet jo fir „Build your Dreams“. Ass et dann elo en Dram déi zwee ze beweegen. De Christian Schmit souz hannert dem Volant fir de Vergläichstest.
Automag: Alpine A290 Alldagstest, 21/08/2025 21.08.2025 2:43
Wien gemengt huet, mam Elektroauto wier et eriwwer mat spaassege Gefierer, deen dierf elo nolauschteren. Wëll Alpine huet e bruecht, den Hot Hatch mat Elektroundriw. De scho flott gerodene Renault 5 gouf vun de Spezialiste vun Dieppe nach emol nogewierzt – op der Presentatioun zu Mallorca war de Paul Origer scho begeeschtert, ass dat no engem Alldagstest nach ëmmer esou?
Podcasturi asemănătoare
Replaio nu este editorul podcasturilor; numele emisiunilor, coperțile și materialul audio aparțin autorilor lor și sunt distribuite prin fluxuri RSS publice