House of Startups Luxembourg
Startup Corner
„Startup Corner“, de Lëtzebuerger Podcast iwwer Startups an Innovatioun zu Lëtzebuerg, präsentéiert vum House of Startups a vun der Chambre de Commerce an dem Educatiounsministère. Emol de Mount schwätze mir mat Grënner, Business Angels an Experten aus der Innovatioun iwwert wat si bis elo erreecht hunn a wou si nach hi wëllen. Loosst Iech vun deene leschten Neiegkeeten an Trends aus der digitaler Welt inspiréieren. Dir hutt Froen un eis Gäscht oder Feedback fir eis? Da mellt Iech bei eis op podcast@host.lu. Wann Dir generell méi Informatiounen iwwert de Startup Ekosystem hei am Land wëllt g...
Author
House of Startups Luxembourg
Category
Podcast website
Latest episode
May 22, 2026
Where to listen?
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soonPodcasts are coming to the app soon. Install now and be the first to see a whole new take on podcasts
Episodes
Startup Corner - Pascal Steichen - Luxembourg House of Cybersecurity 16.10.2023 41:48
Et gëtt een Thema, do kennt keng Entreprise méi laanscht, sief et eng Startup, eng mëttelstänneg oder eng grouss Entreprise : an dat ass Cybersecurity. Duerch déi schnell Digitalisatioun sinn IT-Systemer extrem komplex ginn an et ass mëttlerweil keng Fro méi ob een ugegraff gëtt, mee wéini? Den Oktober ass de Mount vun der Cybersecurity, dofir hu mer de CEO vum Luxembourg House of Cybersecurity, d...
Startup Corner - Tom Michels & Alexandre J. Claro - Salonkee 08.09.2023 45:00
Wat d'Aventure méi grouss gett, wat d'Erausfuerderungen méi grouss ginn, an d'Success-Geschichten méi legendär ginn. Eis alleréischt Startup Corner Podcast Gäscht sinn zréck fir eng epesch Episod 30! Vun hirem bescheidenen Startup-Ufank bis zu enger absolutter Sensatioun, ass dem Salonkee seng Rees net manner wéi legendär: Si hunn 30 Milliounen an Finanzéierung geséchert! Hier Ekipp...
Startup Corner - Jacques Lorang - LuxCaddy 20.06.2023 43:38
Keng Problemer méi fir de Verkéier ze vermeiden oder an de Geschäfter ze stoen. De Jacques Lorang, Matgrënner vu LuxCaddy, beherrscht d’Konscht vun den Liwwerungen vu last-minute Bestellungen an huet en eenzegaartegen Abléck wéi LuxCaddy hir Clienten zefridde hält. An dësem Episod geet et awer net nëmmen ëm Liwwerungen, entdeckt mat Eis déi modern Welt vum E-Commerce zu Lëtzebuerg an wei LuxCaddy...
Startup Corner - Dr. Gaston Trauffler - FEDIL The Voice of Luxembourg's Industry 22.05.2023 41:37
Vun der Verbindung tëschent #Elektrizitéit an #Gas bis zur Bedeitung vu erneierbarer Energiequellen! Entdeckt di faszinéierend Welt vu #Industrie & #Innovatioun, wärend mir mam Dr. Gaston Trauffler vum FEDIL schwätzen. Mat méi wéi 15 Joer Erfarung an der industrieller Politik an engem globalen Bléckwénkel, deelt de Gaston mat eis Fakte iwwer erneierbar Energien, Netzwierker an d'Landschaf...
Startup Corner - Misch Strotz - Neon Internet 25.04.2023 41:58
Wäerten Mënschen eng aktiv Roll an der Zukunft vun AI spillen? A sengem TED Talk huet den Misch Strotz, CEO vun Neon Internet a Spezialist vu neie Medien, seng Visioun mat eis gedeelt , wéi kënschtleresch Intelligenz (AI) eis Kommunikatiounslandschaft fir ëmmer verännert. Vu engem "A Priori Fake" Internet bis zu onendlechen Informatiounen déi Wirtschaftlech Wäerter verléieren, entdecke...
Startup Corner - Jacques Pütz - Proximus Luxembourg 22.03.2023 43:23
Déi perfekt Mëschung vun Nostalgie an Innovatioun. An dësem Episod, ënnerhalen mir eis mam Jacques Pütz, Head of Product Management bei Proximus Luxembourg. De Mann hannert der ikonescher partu.lu, deen eemol den Kinnek vun der Clubzeen zu Lëtzebuerg war. Mir schwätzen iwwer säin Iwwergang zum CEO vun LUXHUB, enger vun den Gréissten Fintech Firmen zu Lëtzebuerg. Léiert iwwer seng Erfarung am PS...
Startup Corner - Romain Hoffmann - Luxembourg Business Angel Network (LBAN) 21.02.2023 41:33
Säin Geld investéieren muss net bedeiten datt een sech dovunner verabschide muss! 📈 Maacht Iech prett fir e Bléck an d'Welt vun de Business Angels Investisseuren mam Romain Hoffmann, Board Director a Leeder vum Investitiouns-Kommitee vum Luxembourg Business Angel Network (LBAN). 💰 An dëser Episod deelt den Romain Geschichten vu sengem eegenen Parcours an d'Welt vun de Startups an erklä...
Startup Corner - Xavier Buck - Serial Entrepreneur & Founder of EuroDNS 23.01.2023 41:30
Wann een zu Lëtzebuerg en Multi-Entrepreneur am Secteur vun der Technologie sicht, da kennt een net laanscht de Xavier Buck. Mat der Grënnung vum Computer Club als Schüler, huet en sech haut virun allem e Numm mat senger Firma EuroDNS gemaach. 2022 huet hien och Luxembourg Startup Association matgegrënnt fir de Startups hei am Land eng Stëmm ze ginn an de ganzen Ekosystem no vir ze bréngen. Lausch...
Startup Corner - Carole Brückler - Ministry of the Economy 19.12.2022 43:20
Wat geschitt wann Technologie a Gesondheet zesummen treffen? An dësem Episod diskutéiere mir mam Carole Brückler iwwer seng Aarbecht als Head of Digital Health Technologies am Wirtschaftsministère a wéi hatt zum Wuesstem vun digitale Gesondheetsfirmen zu Lëtzebuerg bäidréit. D'Carole erzielt wéi Technologie de Gesondheetssecteur verännert, wat fir hatt déi relevantsten Theme fir eng Digital...
Startup Corner - Lynn Zoenen - Alpine Space Ventures 23.11.2022 42:14
The sky is not the limit. Mir loossen eis Gedanken an den Himmel schwäife wärend deems d’Lynn Zoenen eis alles iwwert déi verschidden Aktivitéiten vun sengem Investment Fond Alpine Space Ventures erzielt. Mat engem Team aus erfuerenen Experten, déi aus Firme wei SpaceX kommen, wëll de Fond an déi nei Generatioun vun der Weltraumtechnologie investéieren. Lauschtert eran fir erauszefannen wat fir en...
Startup Corner - Mike Reiffers - Skeeled 18.10.2022 45:22
Déi néideg Zäit verbrénge fir d’Rekrutéieren ass wichteg fir seng Ekippen opzebauen. De Mike Reiffers, Grënner vu Skeeled, erzielt eis wéi Patronen a Kandidaten de perfekte Match duerch hier Plattform kenne fannen. Eng win-win Situatioun duerch Digitalisatioun awer och duerch néi Weeër fir d’Profiler vun de Kandidate besser ze verstoen. Lauschtert elo eran an entdeckt wéi de Mike säin Entrepreneur...
Startup Corner - Raphael Steil - Getquin 06.09.2022 42:39
🎙 Mer sinn zeréck aus der Summerpaus ☀️ mam Lëtzebuerger Entrepreneur Raphael Steil dee seng Financial-Technology (FinTech) Startup zu Berlin gegrënnt huet an do aktiv ass. Hien wëll mat senger Startup GetQuin d’Social Media Platform vun de Finanzen ginn wou een sech iwwert seng Investments austauschen a sech verbessere kann. De Raphael erkläert eis awer och wisou hie mengt dass d’Grënnung vun e...
Startup Corner - Antoine Welter & Dr Xavier Kohll - Circu Li-ion 17.06.2022 43:00
🎙 Batterie sinn de Schlëssel fir eng nohalteg an erneierbar Energiepolitik. Dacks wann Dir denkt datt Dir um Enn vun eppes sidd, da suergt „Circular Economy“ dofir dass Dir um Ufank vun eppes aneschters stitt. Mat hirer Firma Circu Li-ion suergen den Antoine Welter an den Dokter Xavier Kohll fir äre Batterien en nohaltege Liewenszyklus ze ginn. Lauschtert eran wéi eng Lëtzebuergesch Startup de Bat...
Startup Corner - Sasha Baillie - Luxinnovation 19.05.2022 42:54
🎙#Innovatioun kënnt nëmme wann de Staat déi richteg Reizer setzt an en Ëmfeld kreéiert wou privat an ëffentlech Innovatioun sech fanne kënnen. D'Sasha Baillie ass d'CEO vun der #Lëtzebuerger nationaler #Innovatiounsagence, Luxinnovation. Sie hëlleft all Firmen, vu grouss bis kleng, an der Lëtzebuerger Wirtschaft nei Héichten z'erreechen. Lauschtert elo eran an entdeckt den Parcours...
Startup Corner - Charlotte Wirion - WEO Environmental Analytics for All from Space 01.04.2022 41:19
D’Startup WEO an hir Grënnerinne Charlotte Wirion an Imeshi Weerasinghe benotze Satellitte Biller fir méi präzis Informatiounen iwwert eis Ëmwelt eraus ze fannen an och mat Artificial Intelligence (AI) ze analyséiere. D‘Zil ass et dass hir Clients méi qualitativ Informatiounen hunn fir besser Entscheedungen ze huele wat Qualitéit vum Buedem, Verhënnerung vun Naturkatastrophe mee och d’Entwécklung...
Startup Corner - Patrick Malget - Taxx.lu 18.03.2022 40:14
D’Steiererklärung an seng onendlech Froen…😵💫 Duerch de @PatrickMalget an @Taxx.lu mussen Mir keng Expert’en méi sinn fir d’Steiererklärung ze maachen. Entdeckt wéi Dir Steieren ganz einfach digitaliséiere kennt. Anerdeems verspillt @Taxx.lu an dësem Episod d'Buch “La déclaration d’impôt facile” fir 3 Persounen 🤩 Et ass ganz einfach: 1.Eng Persoun ënnert dësem Post taggen 2.Den Post op äre...
Startup Corner - André Wilmes - Rafinex 18.02.2022 40:43
Wien huet nach ni dovunner gedreemt säi Gewiicht ze optimiséiere? Den André Wilmes a seng Firma Rafinex liewen nom Motto "less is more". Hir Ingenieursdesignsoftware, baséiert op enger ganz neier Recherche an der Mathematik, optimiséiert Produkter wéi Autoen, Fligeren, Roboteren etc. Entdeckt wéi Rafinex d'Zukunft vum Industriedesign revolutionéiert an och u ganz neie Produite wéi F...
Startup Corner - Patrick Kersten - Serial entrepreneur & Startup mentor 14.01.2022 43:37
En Entrepreneur wei keen aneren: De Patrick Kersten ass dat perfekt Beispill vun engem Multi-Entrepreneur. Vun der Grënnung vun deenen gréissten an am meeschten benotzten Plattformen zu Lëtzebuerg wéi zum Beispill Doctena an AtHome, bis op de Mentorship vun prominente Startups wei Silicon Luxembourg. Säin Erfolleg ass keen Resultat vun Zoufall, mee baséiert op Erfarungen vu senge ville Projet’e dé...
Startup Corner - Raphaël Frank - SnT (Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust) 17.12.2021 44:01
Artificial Intelligence, Blockchain, autonom Fueren… Dat sinn Buzzwierder an d‘Zukunft vu muer. Mee déi „DeepTech“ Innovatioun muss entwéckelt ginn an dat geschitt och net vun haut op muer. Dës Projets erstinn oft duerch eng Zesummenaarbecht tëschent de privaten Entreprise an dem Staat. Hei am Land mecht den SnT de Lien tëschent der Recherche an Innovatioun um Terrain : De Raphaël Frank vum Interd...
Startup Corner - Laurent Hengesch & Alain Wildanger - Ilavska Vuillermoz Capital 19.11.2021 45:42
D’Grënner Laurent Hengesch & Alain Wildanger hunn nach ëmmer alles gedeelt: Reesen, Bildung a virun allem eng gemeinsam Visioun. Am Joer 2019 hunn Sie hir Private Equity Firma Ilavska Vuillermoz Capital gegrënnt an investéieren haut an de gréisste Startups an Europa. Dorënner N26, eng vun deene gréissten Neo-Banken an der ganzer Welt mat iwwer 7 Milliounen Clients. Lauschtert elo eran fir gewu...
Startup Corner - Gilles Mangen - Clubee 21.10.2021 43:08
Clubee - Gilles Mangen: vu semi-professionellen Hockeyspiller op onvermeidlechen Partner fir Sports Veräiner. Säit der Grënnung um Späicher vun den Elteren, attackéiert d‘Startup Clubee de Problem vum Benevolat am Veräinsmanagement, mee an enger eenzegaartegen an innovative Manéier. Zu Lëtzebuerg benotzen haut iwwert 300 Sportveräiner hir Plattform. Entdeckt an dëser Episod wéi den Gilles et fäerd...
Startup Corner - Raoul Mulheims - Finologee 21.09.2021 44:29
Finologee - Raoul Mulheims: e Leader am FinTech Beräich hei zu Lëtzebuerg. Lëtzebuerg representéiert en zentralen Innovatiounsstandpunkt fir FinTechs an ass als weltwäite Leader unerkannt wann et ëm Finanzplaze geet. Dëst verdanke mer virun allem Entrepreneure wéi de Raoul Mulheims a senger Startup Finologee. Am "Startup Corner" vun dësem Mount diskutéiere mir mam Raoul wéi hien seng dig...
Startup Corner - Felix Hemmerling - Kodehyve 20.07.2021 41:47
Kodehyve: Der wëllt wësse wéi et ass mat 25 Joer Multi-Entrepreneur ze sinn? Da lauschtert eis 9. Episod vum Startup Corner vum House of Startups mam Felix Hemmerling! Als Grënner vun 2 Startups wéi Kodehyve an Univize huet dëse jonke Grënner scho vill Geschichten ze erzielen a viru kuerzem 1 Millioun geraised mat sengen aktueller Startup Kodehyve fir den Immobiliesecteur ze digitaliséiere. Nieweb...
Startup Corner - Michel Hoffmann - Giftable 24.06.2021 41:49
Michel Hoffmann: en Entrepreneur, dee Frëndlechkeet verbreet! Et kéint een soen, dass den Michel Hoffmann am Business ass fir “d'Leit glécklech ze maachen". Seng Startup Giftable ass wuertwiertlech drop zentréiert d’Leit ze erméiglechen Kaddoe ze schécken a méi vertraut Bezéiungen op ze bauen. De Michel erkläert eis och wéi en iwwerhaapt op de Projet komm ass, wat all Entrepreneur muss m...
Startup Corner - Christophe Folschette - Talkwalker 12.05.2021 41:00
Talkwalker: Déi Lëtzebuerger Startup déi d'Welt erobert D’Startup Talkwalker ass 2009 am Technoport gegrënnt ginn an haut schaffe méi wéi 430 Läit fir Sie an 10 verschidde Büro’e weltwäit ! Loosst Iech vum Grënner Christophe Folschette erkläre wat hien an der Zäit geléiert huet, wéi seng Technologie all Dag iwwert 300 Milliounen Donnéeë mat hiren 3.000 Serveuren analyséiert fir Clients wéi zu...
Similar podcasts
Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.