radio 100,7
Fräie Mikro
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren.
Où écouter ?
Les podcasts dans l'appli Replaio Radio Bientôt disponibleLes podcasts arrivent très bientôt dans l'appli. Installe-la dès maintenant et découvre en avant-première une toute nouvelle façon de vivre les podcasts
Épisodes
Schlecht Stëmmung op der Uni 12.03.2026
De Michel Pauly, pensionéierte Professer vun der Uni Lëtzebuerg, erkläert, firwat d’Stëmmung do net déi allerbescht ass.
US-Ugrëff op den Iran, fir e Regimmwiessel erbäizeféieren 05.03.2026
De leschte Samschdeg (28. Februar) hunn d’USA - zesumme mat Israel - den Iran ugegraff, fir - wéi den US-President Donald Trump seet - e Regimmwiessel erbäizeféieren. Dës Interventioun ass net déi éischt, fir vu baussen d’Leedung vum Iran auszetauschen. D’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, geet an hirem Fräie Mikro op d’Operatioun Ajax an, duerch déi d’USA a Groussbr...
Fräie Mikro: Ass dat internationalt Recht dout? 03.03.2026
De russeschen Iwwerfall op d’Ukrain, de Gazakrich oder ganz aktuell den Iran: D’Recht vum Stäerksten a brutal Gewalt ouni Rücksicht op Verloschter regéieren am Moment eis Welt. Ass d’Iddi vun enger Weltuerdnung baséiert um internationale Recht dout? Dat freet sech den Affekot a Mënscherechtsaktivist Fränk Wies a sengem Fräie Mikro.
Ass dat internationalt Recht dout? 03.03.2026
De russeschen Iwwerfall op d’Ukrain, de Gazakrich oder ganz aktuell den Iran: D’Recht vum Stäerksten a brutal Gewalt ouni Rücksicht op Verloschter regéieren am Moment eis Welt. Ass d’Iddi vun enger Weltuerdnung baséiert um internationale Recht dout? Dat freet sech den Affekot a Mënscherechtsaktivist Fränk Wies a sengem Fräie Mikro.
Migratioun: Spuenien ass e Liichtbléck 26.02.2026
Enn Januar huet déi spuenesch Regierung d'Regulariséierung vun enger hallwer Millioun Sans-Papiers ugekënnegt fir d'Wirtschaft vum Land ze stäerken. Dës gouf esou ugekënnegt: "Mir wëllen dëse Mënschen, déi schonn an eisem Land sinn, hir Dignitéit unerkennen an erëmginn an hinne Garantien a Rechter ubidden." En Toun, deen am staarke Kontrast steet zu den Aussoe vum Lëtzebuerger In...
4 Joer Krich an der Ukrain 24.02.2026
Haut, 24.2., viru 4 Joer huet Russland d’Ukrain ugegraff. Zanterdeem ass Krich. Dem Flüchtlingshëllefswierk UNHCR no si bal 10 Millioune Mënschen aus der Ukrain op der Flucht. Méi wéi 2,5 Milliounen Haiser am Land si beschiedegt oder zerstéiert. Op dësem traurege Joresdag geet d’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, am Fräie Mikro op déi traumatesch Geschicht vun der Uk...
Den amerikanesche Modell 19.02.2026
D’USA hu sech zënter dem Untrëtt vun der Trump Regierung verännert: Bicher um Index, Fraerechter a Fro gestallt, wëssenschaftlech Erkenntnisser ignoréiert a Minoritéiten oppen diskriminéiert. Waren d’USA mol e Modell fir Demokraten iwwerall op der Welt, esou gi se a leschter Zäit éischter eng Inspiratioun fir Populisten, déi dës Politik gäre bei eis wéilte kopéieren, seet den Affekot a Mënscherech...
Random acts of kindness day 17.02.2026
Haut, 17.2., ass de “Random acts of kindness day” - oder op Lëtzebuergesch gesot “den Dag fir spontan fein ze sinn”. E frëndlecht Wuert an e léiwe Gest, dat kascht eis näischt, kann awer vill bei eise Matmënsche bewierken. Am Fräie Mikro luet de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, eis dofir an, iwwer déi kleng gratis Frëndlechkeeten nozedenken - a se als humanistesch Akten am Alldag ze feier...
Philosophie als Impfung géint Schäiwëssen 12.02.2026
De Philosoph Jean-Luc Thill hält a sengem Fräie Mikro ee Plaidoyer fir d'Argumentéieren, d'Nohaken an déi ongemittlech Froekonscht an Zäite vu KI-Texter.
D'Epstein-Affär: Et schockéiert, et degoutéiert, et mécht rosen 10.02.2026
D'Verëffentlechung vun den Epstein-Files bréngt bal all Dag nei Detailer iwwer dem Epstein säin Netzwierk, iwwer seng Verbindungen zu Politik a Geschäftsleit eraus. Den Jeffrey Epstein war en amerikaneschen Investmentbanker a verurteelte Sexualverbriecher. Hien huet en internationaalt Netzwierk vu Kanner- a Fraenhandel fir räich a mächteg Männer bedriwwen. Männer wéi den Donald Trump, de Prën...
Jugendschutz amplaz Tiktok-Stop 05.02.2026
D’Ofschafe vun de soziale Medie schéngt eng super Léisung fir déi mental Problemer, déi eis Jonker hunn. Mee et ass éischter eng populistesch Aktioun. An de Schoule ginn aner Léisunge proposéiert, seet am Fräie Mikro d’Judith Reicherzer, Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.
Ëmmer méi Reegelen am Verkéier 03.02.2026
Eng gutt Verkéiersplanung ass eng komplex Saach a stellt déi Responsabel viru ganz grouss Erausfuerderungen. Ëmmer méi Verkéier, ëmmer méi Uspréch, ëmmer méi Reegelen fir datt Auto, Vëlo, Foussgänger an den ëffentlechen Transport sécher laanschtenee kommen. Mir sinn op engem Punkt ukomm, wou d’Reegele einfach net méi iwwerschaubar sinn. Et entsteet vill Konfusioun awer keng Sécherheet, mengt Fréie...
Den 30. Januar wor den "Tag der Machtergreifung” 29.01.2026
Am Fräie Micro vun haut erënnert de Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, un den 30. Januar 1933 a vergläicht d’Verhale vun der deemoleger Zentrumspartei mat deem vun der EVP am Europaparlament an awer och tëscht dem Hitler an dem Donald Trump.
Wat de Réckzuch aus dem Multilateralismus wierklech bedeit 27.01.2026
Am Fräie Mikro vun haut schwätzt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, iwwer en oppene Bréif, deen sech un de President an de Secretary of State vun den USA riicht an d’Risike vum Austrëtt aus dem Multilateralismus thematiséiert.
Migratiounspolitik mat Häerz a Verstand, oder? 22.01.2026
Obwuel 2025 d'Zuel vun den irreguläre Migranten an d'EU un de Baussegrenzen ëm 26 Prozent zeréckgaangen ass, soll mam neien europäesche Pakt fir Migratioun an Asyl e vill méi restriktive System am Juni 2026 a Kraaft trieden. Gehetzt vu Rietsextremen, Nationalisten a wäisse Suprematiste bauen d'EU an déi national Regierunge weider un der Festung Europa, mengt d'Laura Zuccoli an...
Protester am Iran: Iwwer d’Verzweiflung ewech 20.01.2026
Zënter Woche ginn am Iran grouss Deeler vun der Bevëlkerung géint de Regimm vun den Islamisten ëm den Ayatollah Khomeini op d’Strooss. An dat trotz brutaalster Repressioun, mat engem Courage an enger Resilienz, déi beandrocken an inspiréieren, mengt den Affekot a Mënscherechtsaktivist Frank Wies a sengem Fräie Mikro.
Gëtt d’Zäit ëmmer méi zu enger Ressource?” E philosophescht Gedankespill 15.01.2026
Stellt iech vir, op ärem Handy steet net méi „22:00“, mee just nach „17%“. Net d’Auer weist d’Zäit, mee d’Energie, déi nach iwwreg ass. Verréckt? Vläicht. Awer et stellt eng wichteg Fro: Moosse mir Zäit, oder moosse mir scho längst Ressource, Drock an Opmierksamkeet?, freet am Fräie Mikro de Philosoph Jean-Luc Thill
Imperialistisch Dreem vum US-President Donald Trump 13.01.2026
E groussen Deel vun der europäescher Bevëlkerung ass prett sech géint den imperiale Projet vun engem Donald Trump ze wieren, deen d'politescht Iwwerliewe vun hirem Kontinent bedrot. Héich Zäit, datt d'politesch Dirigeantë vun der EU déi selwecht Bereetschaft an Energie weisen. Do hëlleft och e Bléck an d'Geschicht, mengt den Historiker Denis Scuto a sengem Fräie Mikro.
D`US-Interventioun a Venezuela léisst zeréckdenken un d'Geschicht 08.01.2026
D’US-Interventioun a Venezuela rifft Erënnerungen zeréck. D’US-Regierung versprécht - wéi ëmmer, wa se a Latäinamerika agegraff hunn - Fräiheet, Demokratie a Wuelstand ze bréngen. Am Fräie Mikro e Bléck zeréck an d’Geschicht vun der Simone Beck, der Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun.
Um Ufank vum neie Joer: "Wou steet Lëtzebuerg?" 06.01.2026
All Kéier heescht et ëm de Joreswiessel et wier eng Zäit vu Besënnlechkeet, an där jidderee sech Gedanke maache soll, wéi een dat nächst Joer besser gestalte kann. Mee d’Welt dréit monter weider, an engem Rhythmus, dee sech kaum eegent an aller Rou nozedenken, mengt de Journalist an Auteur Laurent Moyse.
Belval an d'Zerstéierung vun der nationaler kultureller Identitéit 25.11.2025
D’lescht Woch war bekannt ginn, datt déi zwee Kamäiner vun der fréierer Agglomeratioun zu Belval sollen ofgerass ginn. Den Historiker Denis Scuto ass aus alle Wolleke gefall, wéi hien d’Nouvelle héieren huet an hie mengt vill aner Leit zu Lëtzebuerg, fir déi kulturell Identitéit a Patrimoine net nëmmen eidel Wierder sinn, wier et änlech ergaangen. Dozou säi Fräie Mikro
80. Gebuertsdag vun der UNO 18.11.2025
Dëst Joer kritt d’UNO 80 Joer. Ob dat eng Ursaach ass fir ze feieren, freet sech d’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun am Fräie Mikro.
Eng Plaz fir jiddereen 13.11.2025
E vollwäertegt a gläichberechtegt Deelhuele vun alle Mënschen an der Gesellschaft ass d'Fundament vun eisem Zesummeliewen. Mënsche mat Behënnerung gehéieren zum gesellschaftleche Bild a sinn Deel vun eiser Diversitéit. Leider deet sech eis Wuelstandsgesellschaft awer nach dacks schwéier mat Mënschen, déi aneschters sinn. Dat mengt d’Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen, d’Laura Z...
Wéineg Zukunftsvisiounen 11.11.2025
Quo vadis Lëtzebuerg? Den éischte Weekend am Oktober huet Lëtzebuerg deen neie Grand-Duc, mee och sech selwer gefeiert. Den Trounwiessel war eng wëllkomme Geleeënheet fir d’Leit an enger festlecher Stëmmung zesummenzebréngen. Mee dat war et du schonn, mengt den Auteur a Journalist Laurent Moyse am Fräie Mikro.
Wat seet Popst Leo XIV. zur Rentereform? 28.10.2025
Mëtt Oktober gouf den éischten offizielle Bréif vum Poopst Leo XIV. publizéiert. Dat war laang erwaart ginn, well de Poopst mat programmatesche Aussoe bis elo éischter zeréckhalend war. Am Fräie Micro vun haut kommentéiert de Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum dat éischt Schreiwes vu Poopst Leo XIV. un d’Weltëffentlechkeet, dat et a sengen Ae verdéngt, dass och Net-...
Podcasts similaires
Replaio n'est pas éditeur de podcasts ; les noms des émissions, les visuels et l'audio appartiennent à leurs auteurs et sont diffusés via des flux RSS publics