PISA de Wëssensmagazin

RTL Télé Lëtzebuerg

Natural LB 100 episodes

Where to listen?

Listen in your browser Replaio Web Available today
Podcasts in the app Replaio Radio Coming soon

Podcasts are coming to the app soon - install now and be the first to see a whole new take on podcasts

Bei Google Play herunterladen

Install now - 5M+ downloads, 4.8 rating

Episodes

100 Gemengen a 24 Stonnen, 01/10/2023 01.10.2023

Eng spannend Course mat Bus an Zuch duerch ganz Lëtzebuerg Am neie Pisa Summerchallenge fueren den Olivier Catani a Mister Science mam ëffentlechen Transport queesch duerch d’Land. Allen 100 Gemengen. A 24 Stonnen. Non Stop. Ass dat iwwerhaapt méiglech? Wéi eng Verbindunge muss een huelen. A wéi dacks ëmklammen? Si maachen um Wee duerch d’Land de Gemenge-Quiz. Weisen op ale Kadaster-Pläng wéi d’Ge...

Revolutioun zu Lëtzebuerg, 02/07/2023 02.07.2023

Déi spannend Geschicht vun eiser Constitutioun 1848 erkämpfen d’Lëtzebuerger sech hir éischt liberal Verfassung. Ween a wat huet virun 175 Joer dozou gefouert, dass Lëtzebuerg säin éischt Grondgesetz krut. Wat ännert sech mat der neier Verfassung, déi elo a Kraaft trëtt. A firwat huet esou laang missen doru geschafft ginn.

Wäertvollt Waasser, 04/06/2023 04.06.2023

Drénkwaasserversuergung fréier, haut a muer. De Stauséi ass dee gréissten Drénkwaasserreserv zu Lëtzebuerg. D’Réihwaasser gëtt elo an engem neie Waasserwierk propper gemaach. Wéi eng modern Technik gouf hei zu Eschduerf installéiert. A wéi kréien se d’Waasser mam neie Pompelwierk aus dem Dall op de Bierg erop. Grouss Efforten dass mer och an Zukunft genuch Krunnewaasser hunn. Mir gesinn wéi d’Krun...

Traffic-Stress, nee Merci!, 07/05/2023 07.05.2023

Firwat mir am Auto fluchen a wéi relax mer an Zukunft wäerte fueren. Ëmmer méi Autoen. Permanent Chantieren. An deen éiwege Stopp and Go. Dat ass dach guer net schlëmm. An Zukunft wäerte mir nämlech net méi selwer fueren. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Fuerschung un autonomen Autoen. Wat déi haut scho kënnen a wou nach Challenge sinn. Mir erklären firwat mer hannert dem Steier gär mol extrem fluchen. G...

Mënschen a Kënschtlech Intelligenz, 16/04/2023 16.04.2023

Wou KI eis schueden, awer och nëtze kann Den Tom Cruise an der RTL Reunioun. En Deep Fake. Méiglech duerch kënschtlech Intelligenz. Eng Identitéit fälschen kann awer och geféierlech sinn. Fuerscher op uni.lu entwéckelen e Programm mat deem een esou Fälschungen enttarne kann. Am Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet wëllen se mat KI Krankheeten besser diagnostizéieren. A mir kucken wéi ee mat ChatGP...

Vu Lëtzebuerg aus a bal ganz Europa, 12/03/2023 12.03.2023

D’Geschicht an d’Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D’RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europ...

Plastik – Fluch oder Seegen?, 05/02/2023 05.02.2023

Wéi Plastik eist Liewe vereinfacht huet a gläichzäiteg eng Gefor ka sinn E Liewen ouni Plastik, onvirstellbar. Mir hunn eng Plaz zu Lëtzebuerg fonnt wou een erliewe kann wéi den Alldag fréier war, ganz ouni Plastik. Erzielen d’Geschicht vun dësem Wonnerstoff. Léiere Fuerscher kennen déi Plastik méi ëmweltfrëndlech maachen. Analyséieren Spillsaachen a Fueskostümer op geféierlech Substanzen. An erkl...

Al sinn, jonk bleiwen!, 15/01/2023 15.01.2023

Firwat mir al ginn a wat een dogéint maache kann Experiment Alter. Wa Gewiichter un Äerm a Been, enk Bandagen un de Gelenker an e spezielle Helm een al maachen. Mat engem Altersimulatiounskostüm kann ee spiere wéi d’Liewen ass mat Ufank 80. Mir gesinn wéi Computerspiller eelere Leit kënnen hëllefe manner séier ze falen. A wéi ee säi Kierper a Gehier duerch Sport an aner Aktivitéite laang fit kann...

Ëmmer genuch Stroum, 27/11/2022 27.11.2022

Solarstroum-Fuerschung zu Lëtzebuerg a wéi een Energie spuere kann Mir maachen eis op d’Sich no den Apparater déi am meeschte Stroum verbrauchen. De Schäffchen, d’Chrëschtbeliichtung oder awer d’Tëlee? Wéi kann ee bei sech Doheem Stroum spueren. Kann een eng Solaranlag och einfach an d’Steckdous stiechen an de Stroum direkt benotzen? Mir hunn um Daach vun engem Haus Solarzelle gesinn, déi een op d...

Mysteriéis Grenz, 02/10/2022 02.10.2022

Op der Sich no de markante Grenzbornen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg Se sinn knapp dräi Meter héich an et gëtt se just laanscht zwou Grenzen op der Welt. Op engem groussen Deel vun der belsch-lëtzebuerger Grenz goufe gosse Grenzmaarken opgestallt. Am neie Pisa Summerchallenge wëllen den Olivier Catani a Mister Science déi ganz Grenz befueren an op mannst 100 vun den imposante Maarke fannen. De Gr...

Spueren aus der Vergaangenheet, 17/07/2022 17.07.2022

Op Entdeckungsrees an de Kasematten an den ale Schifergrouwen Mir entdecken déi riseg ënnerierdesch Welt vun de Schifergrouwen zu Uewermaartel a gesinn am Büro vum fréiere Chef wat haut nach iwwert dem Buedem un déi al Zäiten erënnert. An um Kierchbierg kënnt een ënnert d’Schinne vum Tram. An en Deel vun de Kasematten an deem ee keng regulär Visitte ka maachen.

Naturschutz an Insektestierwen, 26/06/2022 26.06.2022

Naturschutzgebidder als Hotspot fir méi Biodiversitéit a wat ee selwer fir Insekte maache kann De Giele Botter zu Déifferdeng. An d’Schlammwiss zu Iwwersiren. Zwou Plazen. Een Zil. Liewensraum schaffe fir rar Déieren a Planzen. Mir begleede och Fuerscher déi Insekten zielen. Si wëllen erausfannen op et der méi oder manner ginn. An op mer et wierklech mat engem groussen Insektestierwen ze dinn hunn...

Ouni Buedem, kee Liewen, 29/05/2022 29.05.2022

Déi faszinant Welt ënnert eise Féiss Eng Ekipp vun der Akerbauverwaltung ass op der Sich no deene gudde landwirtschaftleche Biedem hei am Land. Grouss a kleng Organismen maachen de Buedem lieweg. A kënnen esouguer e Kalzong zersetzen. Firwat ass e liewege Buedem esou wäertvoll. E Bauer weist eis säin Trakter, dee d’Bäikraider kameragesteiert eraus kappt. An et gi Planzen déi kënnen Närstoffer aus...

Esou laang et geet am Krees dréinen, 24/04/2022 24.04.2022

Wat ass Kreeslafwirtschaft a wéi funktionéiert se Schong déi ee kann auserneen huelen a reparéieren. En urale Parquet dee gefléckt gëtt an en zweet Liewe kritt. An e Parkhaus dat ee kann of- an nees opbauen. Dat ass Kreeslafwirtschaft. Am Pisa erkläre mir wéi deen neie Wirtschaftsmodell genee funktionéiert a firwat en ëmmer méi wichteg gëtt

PISA de Wëssensmagazin, 24/04/2022 23.04.2022

Themen déi eis all beschäftegen, wëssenschaftlech hannerfrot vum Olivier Catani a Mister Science.

Gas, Stroum a Sprit, 20/03/2022 20.03.2022

Wéi d’Energie an d’Land kënnt a wat mer selwer produzéieren D’Pompelspäicherkraaftwierk zu Veinen ass eent vun de gréissten an Europa. Am Pisa weise mir wéi se hei Spëtzestroum produzéieren a kucken zréck op de leschte groussen Ausbau vun dëser Anlag. Mir gesinn wéi de Stroum an eis Steckdous kënnt. Wéi de Sprit dee mer aktuell esou deier musse bezuelen, produzéiert gëtt. A wéi déi al Gaswierker f...

Op de Spuere vun eisem Offall, 27/02/2022 27.02.2022

Wat geschitt mat de Saache déi mir ewech geheien Wou gëtt den Offall deponéiert. Wat gëtt verbrannt. A wéi vill bleift nom Feier iwwereg. Mir gesinn wat beim Recylcling vu Verpakungen, Pabeier, Glas oder Holz geschitt. A begleede Fuerscher déi eng wäertvoll Substanz aus dem Biooffall Kaffisaz wëllen eraushuelen. Rescht-Offall, Bio-Offall a Recycling. De Wee vun eisem Offall.

Wäisst Gold, 30/01/2022 30.01.2022

Eng riseg Streesalzmine a Frankräich, Spuere dovun zu Munneref an wat Kachsalz besonnesch mécht. 160 Meter ënnert dem Buedem. Am Pisa huele mer Iech mat an déi leschte Streesalzmine a ganz Frankräich. 300 Kilometer Galerien a se gi mat all Dag méi déif an de Buedem eran. Mir weise wéi si d’Salz mat risege Maschinnen aus dem Buedem huelen. A firwat een dat Streesalz och bei eis am Land gesicht huet...

Déi léif Keelt, 14/11/2021 14.11.2021

Wéi mir ënner Keelt leiden an si eis och gutt doe kann. Am Short an T-Shirt op der Äispist. Mir testen wéi séier eise Kierper ofkillt a mat wéi engen Tricken en sech géint d’Keelt schützt. De Mister Science geet all Dag äiskal duschen, well dat säin Immunsystem stäerke soll. A mir waren am waarme Summer op d’Kockelscheier kucken wéi si d’Äispiste opbauen. Wéi d’Linnen an d’Äis kommen a firwat d’Äi...

Vu wonnerschéi bis schrecklech sténkeg, 17/10/2021 17.10.2021

Am neie Pisa Challenge entdecke mir déi vill verschidde Facette vun der Uelzecht Mir fuere mam Stand Up Paddle iwwer d’Uelzecht a weisen Iech dëse Floss wéi der en nach net gesinn hutt. Vun der glasklorer Quell a Frankräich, duerch verwuessenNaturschutzgebidder an däischter Tunnellen ënner Esch erduerch. Mir entdecken d’Alstad. Gesinn d‘Iwwerreschter vun enger aler mëttelalterlecher Schleis. Weise...

Eis eenzegaarteg DNA, 04/07/2021 04.07.2021

Wéi d’Genen eis zu deene Mënsche maachen déi mer sinn De Chris Romitelli huet eng extrem rare genetesch Krankheet. Duerch en DNA Test weess d’Famill zanter kuerzem a wéi engem Gen de Feeler ass. Wéi siche se an der DNA no Krankheeten a kéint dat och nei Therapie méiglech maachen? Mir testen och op ee seng Genen duerch Sport oder Meditatioun verännere kann. A weisen wéi se am forensesche Labo mat D...

Faszinatioun Bësch, 06/06/2021 06.06.2021

Firwat mir e brauchen a wéi een e schütze kann. De Bësch ass souvill méi wéi just Beem. Mee firwat huet de Bësch esou eng magesch Wierkung op eis. Mir gesinn wéi eng Renaturéierung e Bësch nei beliewe kann. A begleede puer Fierschter bei enger digitaler Duerchforstung. Mat ëmmer méi moderne Methoden kann een d’Bëscher och analyséieren. A mir wëllen erausfannen wéi d’Beem d’Waasser aus dem Buedem b...

Innovatioun am Sport, 09/05/2021 09.05.2021

Wéi eis Top Athleten an Top Form bruecht ginn a wat d’Sportfuerschung fir Net-Sportler maache kann.

D’Kraaft am Bauch vun eiser Äerd, 28/03/2021 28.03.2021

Mysteriéis Gasblosen an der Sauer. En Naturspektakel an der Äifel. An e Weltrekordversuch am Minett. Mir maachen eng Rees an de Bauch vun eiser Äerd. Hei entsteet e Gas dat d’Sauer bei Rouspert un d’Spruddele bréngt. Dee selwechte Gas léist an der Äifel dee gréisste Kalwaasser-Geysir ausbriechen. De Mister Science wëll dee gréisste kënschtleche Geysir bauen. Mir kucken wat e Vulkanausbroch an der...

Gefor a Faszinatioun Zocker, 28/02/2021 28.02.2021

Wéi den Zocker eis notzen awer och schuede kann.

About the podcast

Eisen Alldag ass voller Froen an de Pisa gëtt Äntwerten. Interessant Themen gi wëssenschaftlech recherchéiert a spannend erzielt vum Olivier Catani an der Equipe vum Magazin.

Author

RTL Télé Lëtzebuerg

Category

Natural

Podcast website

tele.rtl.lu

Language

LB

Episodes

100

Latest episode

15. Jun 2026

Listen to the PISA de Wëssensmagazin podcast in Replaio

Radio and podcasts in one app - free, with no sign-up

Bei Google Play herunterladen

Replaio is not a podcast publisher; show names, artwork and audio belong to their authors and are distributed through public RSS feeds.