RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Am Takt

Music LB ↓ 108 episoder

100% Lëtzebuerger Musek: Neiegkeeten aus der Zeen, Newcomer, Akkustesch Live-Sets, an Interviewe mat den Artiste vun heiheem.

Husk at besøge podcastens hjemmeside og støtte skaberen: play.rtl.lu

Forfatter

RTL Radio Lëtzebuerg

Kategori

Music

Podcastens hjemmeside

play.rtl.lu

Seneste episode

19. okt. 2026

Hvor kan du lytte?

Podcasts i appen Replaio Radio Kommer snart

Podcasts kommer snart til appen. Installer nu, og vær den første til at se en helt ny tilgang til podcasts

Hent den på Google Play Installer gratis Android næsten 10 mio. downloads · 4,8 i bedømmelse iOS snart

Episoder

Am Takt: Josh Island, 11/09/2023 11.09.2023

Am Episod vum 11. September war erëm fir jiddereen eppes dobäi; nei Musek vu Versus You, Stelise steieren op den nächsten Album duer, e Lidd iwwert den FC Marisca Miersch an den Josh Island war do fir iwwert säin éischten Album ze schwätzen

Am Takt: Seed to Tree a LOA Festival, 04/09/2023 04.09.2023

No enger klenger Summerpaus si mir erëm do mat engem liicht adaptéierte Konzept an enger Partie neie Releasen.

Am Takt: Daniel Balthasar, Bye Bye Bay, Buffalo C. Wayne & Eastcoast Festival, 10/07/2023 10.07.2023

Fir den 10. Juli hate sech erëm eng helle Wull Leit virum Studio versammelt an et ass och jiddereen eragelooss ginn. Den Daniel Balthasar huet vu senge Reesen an Norwegen an Island erzielt, de Maji huet de Programm vum Eastcoast Festival virgestallt, mam Buffalo C. Wayne ass et ëm déi nei Plack No Boundaries gaangen an de Pierre Bihl, Bye Bye Bay, huet elo erëm Zäit fir nei Musek.

Am Takt: Le Vibe, ZANA an JEMMS, 03/07/2023 03.07.2023

Haut um Menü hätte mir e bësse Reggae, däitsche Pop an R&B vun heiheem.

Am Takt: Irem, Dreamcatcher & DJ Cavallino, 19/06/2023 19.06.2023

D'Lëtzebuerger Museker ware fläisseg déi lescht Wochen, also si mir et och!

DJ Serie: Sureno Beatz, 12/06/2023 12.06.2023

Eng nei Woch, en neien DJ. Dës Kéier geet et ëm de 26 Joer ale Luca Ender Frings, och als Sureno Beatz bekannt.

Am Takt: C.D.S. 13 El Nino, Esancy, Jjay a Sureno Beatzz, 12/06/2023 12.06.2023

Vu Rap iwwer Pop an R&B bis hin zu House an Afrobeat - soll nach ee soen, d'Lëtzebuerger Musekszeen wier net diversifiéiert!

Am Takt: Kitshickers, DJ HUV an de Projet "Eis Stëmmen", 05/06/2023 05.06.2023

E Sonnde sinn déi grouss Gemengewalen 2023, also bereede mir eis musikalesch schonn emol dorop vir.

DJ Serie: HUV, 05/06/2023 05.06.2023

Wat wier d'Sendung an der Tëschenzäit ouni eisen DJ vun der Woch? Dës Kéier gëtt et "groovy" mam Nicolas Havé, och ënnert sengem DJ-Numm HUV bekannt.

Am Takt: The No Name Experience, Miss Sappho & Michel Meis, 22/05/2023 22.05.2023

Prog-Rock? Jazz? Oder awer léiwer Elektro? Alles kee Problem an alles an enger Stonn Am Takt ënnerzekréien. Déi Kéier mat dobäi The No Name Experience, d'Miss Sappho an de Michel Meis.

Am Takt: Iguana, Mylène & Ogazón, 15/05/2023 15.05.2023

Fusion-Jazz vun Iguana, d'Singer-Songwriterin Mylène, eng Lëtzebuerger DJane déi dacks zu Berlin optrëtt an ënner anerem nei Musek vun The Tame and The Wild an Nosi.

Am Takt: Maz, ThemLights, Sublind, Miles to Perdition an DJ Bisi, 08/05/2023 08.05.2023

Mir haten eng Woch Paus gemaach, ma d'Lëtzebuerger Museker waren an där Zäit awer fläisseg.

Am Takt: CHAiLD an Turnup Tun, ShadoWhispers, All Reitz Reserved an Der Alte Jäger, 24/04/2023 24.04.2023

Et geet weider mat engem voll gepaakte Programm an dräi Invitéen. Den CHAiLD an den Turnup Tun hunn dat 7.Lidd aus der Serie "Eis Stëmmen" geschriwwen a produzéiert. D'symphonesch Metal Band ShadoWhispers erziele vun hirem konzeptuellen Album "Poe" dee se am Kader vun hirem Projet "Don't Be Poe" produzéiert hunn, an de Chris Reitz presentéiert e Samschden am Ale Stadhaus zu Déifferdeng säin neie P...

Am Takt: Marcy, Morfaz, Freshdax, A-55 a Big Band Opus 78, 17/04/2023 17.04.2023

Net manner wéi 5 verschidden Artisten hate sech fir den éischt Méinden no der Ouschtervakanz ugemellt. A se sinn all komm ;) Mam Marcy gouf déi 5. Woch vun "Eis Stëmmen" agelaut. Morfaz an A-55 spillen en Donneschden (20/04/2023) op der nächster Rocklab Live Session an der Rockhal. Freshdax hunn Ufanks Mäerz hir nei Plack "Kanner vum Groove" virgestallt. An d'Big Band Opus 78 reest en Donneschden...

Am Takt: C'est Karma, Versus You, Boy From Home & Sami Dilla, 27/03/2023 27.03.2023

Lidd Nummer 3 vun "Eis Stëmmen", e rockege Moment mat Versus You a S.K.O.R. zu Maarnech, nei Musek vu Boy From Home an de Sami Dilla an der DJ-Rubrik. D'Bud voll People an esou.

Am Takt: Alfalfa, De Läb, Amii Watson an Jimmi Harvey & Next Deed, 20/03/2023 20.03.2023

Volle Programm fir den Episod vum 20. Mäerz. Mat u Bord; Alfalfa déi dat 2. Lidd am Kader vun "Eis Stëmmen" stëften. De Läb war do fir iwwert de Release vu "Ween ass am Haus-gemaach?" ze poteren. D'Amii Watson an den Jimmi Harvey waren de 16. Deel vun der DJ-Rubrik a mat Next Deed huet sech och nach eng nei Band, mat bekannte Gesiichter, virgestallt déi den 1. Abrëll an d'Rockhal invitéiert.

Am Takt: Turnup Tun, Foreigners, Iceleak & The X, 13/03/2023 13.03.2023

Dat war nees e gutt gefëllte Cru fir sou e Méinden Owend. Mat u Bord den Tun Tonnar, aka Turnup Tun, mat deem de Projet "Eis Stëmmen" virgestallt ginn ass. Foreigners an The X si sech virstelle komm, well d'nächst Woch (23/03/2023) eng Rocklab Live Session mat hinnen an der Rockhal ass an d'DJ-Rubrik war déi Kéier fir Iceleak reservéiert.

Am Takt: Josh Island, Netty Hugo & Gilles Grethen, 06/03/2023 06.03.2023

Full House och am Mäerz Am Takt. Déi Kéier mat dobäi den Josh Island dee mol erëm Zäit fir e Concert zu Lëtzebuerg huet. Wie frou mat Techno ass, kënnt hei zu Lëtzebuerg net laanscht den Duo Netty Hugo a mam Gilles Grethen huet dann och den Jazz seng Plaz an der Sendung.

Am Takt: Shacha, 27/02/2023 27.02.2023

Mir si beim DJ Nummer 13 ukomm, respektiv geet et dës Kéier erëm ëm een DJ-Duo. Am Géigesaz zu de viregen Duo'en, läit de Fokus dës Kéier awer op zwou Dammen. D'Shania Schaber a Charlotte Elsen hu sech iwwer déi lescht zwee Joer eng Reputatioun opgebaut als Shacha a sinn an der Tëschenzäit dee bekanntste weiblechen DJ-Duo am Land. D'Valeria Wiwinius huet déi zwee bësse besser kenne geléiert.

Am Takt: Praetor, Fais Le Beau & Dieter D., 20/02/2023 20.02.2023

Trash-Metal, Elektro oder awer Fuesmusek? Op Fuesméindeg ass alles méiglech. Praetor stellen e Samschden an der Rockhal hiren Debutalbum vir, de Fais le Beau ass den DJ vun der Woch an no 10 Joer Paus ass den Dieter D. erëm do.

Am Takt: Chasey Negro, Médar & Leo Friedrich, 06/02/2023 06.02.2023

Volle Programm. Och fir déi éischt Editioun am Mount Februar. D'nächst Woch (16. Februar) presentéiere sech 2 Artisten am Kader vun de Rocklab Live Sessions um Floor vun der Rockhal. An dësem Episod Am Takt léiert dir den Chasey Negro an de Médar kennen, donieft geet dann och d'Serie vun den DJen hei zu Lëtzebuerg weider, déi Kéier steet de Leo Friedrich am Fokus.

Am Takt: Rocklab Live Sessions & WazToo, 30/01/2023 30.01.2023

Am leschten Episod fir de Mount Januar gëtt et ënner anerem fir Gruppen an Artisten interessant, déi sech nach besser, oder iwwerhaapt, etabléiere wëllen. De Rocklab kann do eng Hand upaken zum Beispill mat hire Rocklab Sessions, aus deenen dann elo d'Rocklab Live Sessions ginn. Nei Musek gëtt et och net ze knapps; vum Angel Cara, Edsun an Tuys. An a punkto DJ maache mir Statioun beim Waztoo, deen...

Am Takt: The Tangerine Trees & Rec-Two, 23/01/2023 23.01.2023

Alt erëm eng gutt gefëllte Sendung; déi Kéier mat Indie-Rock vun The Tangerine Trees, Techno vu Rec-Two an Alternative Rock vun Next Deed, engem Release-Concert vu Bartleby Delicate an enger neier Single vum Chaild.

Am Takt: Noah, Master Error & Turnup Tun feat. Chaild, 09/01/2023 09.01.2023

"*Happy New Year*" wéi se a Frankräich soen. Da si mir erëm do fir vill Musek vun heiheem kennenzeléieren a virzestellen. Bekannte Gesiichter sinn am éischten Episod vun dësem Joer dobäi, den Tun Tonnar (Turnup Tun) dee mam Chaild e Lidd opgeholl huet, et gëtt och nei Musek vum Luc Spada, da léiere mir den Tom Scheer kennen, dee mat Drum'n'Bass ronderëm d'Welt reest an och den Noah dee seng Zelter...

Am Takt: The Tame and The Wild & Cdric, 19/12/2022 19.12.2022

Lescht Sendung vum Joer. Net traureg sinn, Am Takt kënnt erëm, spéitstens den 9. Januar 2023. Déi Kéier mat Virfreed op déi nächst The Tame and The Wild-Single, mol erëm op däitsch, engem neie Lidd vu Superdrive, e Stéck vun Them Lights awer reworked an e puer Chrëschtdagslidder vun Heiheem.

Lyt til podcasten RTL - Am Takt i Replaio

Radio og podcasts i én app - gratis og uden tilmelding. Installer i dag, og gå ikke glip af lanceringen

Hent den på Google Play

Replaio er ikke podcastudgiver; programmernes navne, coverbilleder og lyd tilhører deres ophavsmænd og distribueres via offentlige RSS-feeds.