Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Buvette - De Fussballpodcast

Sports LB ↓ Epizody: 222

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

Určitě navštivte web podcastu a podpořte jeho tvůrce: www.eldo.lu

Autor

Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Kategorie

Sports

Web podcastu

www.eldo.lu

Nejnovější epizoda

7. říj 2026

Kde poslouchat?

Podcasty v aplikaci Replaio Radio Už brzy

Podcasty míří do aplikace už brzy. Nainstaluj si ji teď a jako první uvidíš úplně nový pohled na podcasty

Stáhnout z Google Play Nainstaluj zdarma Android téměř 10 mil. stažení · hodnocení 4,8 iOS už brzy

Epizody

#21 Sons of Union 18.01.2021

Leider huet den FC Déifferdeng de Sprong an déi nächst Ronn vun der Futsal Champions League verpasst, mee trotzdeem all Respekt, well hier Platz an de Lëtzebuerger Geschichtsbicher ass sécher. An der Bundesliga dierf Bayern säi Virsprong ganz gemittlech ausbauen, well sech soss kee responsabel fillt, Meeschter ze ginn. Opfälleg war de Weekend just, dass d’Konferenz um Samschde Metten onopfälleg wa...

#20 Et ass souwäit 12.01.2021

D’Buvette ass endlech rëm ob! An de Start an dat neit Foussballjoer fänkt direkt ganz geckeg un, well et ass geschitt... Schalke huet, an nee mir dreemen net, endlech mol rëm eng Kéier 3 Punkte geholl. An dat war esou aussergewéinlech, dass de Ben sech fir déi Episode soss näischt opgeschriwwen huet. Dobäi waren nach 2 Topmatcher an der Bundesliga, déi hiren Numm definitiv verdéngt haten! Dëse Wee...

#19 Aaschbomme fir den Dylan 22.12.2020

An der Buvette war et den Dag vun de Premièren! Net nëmmen hellt den Dylan fir d’éischt doheem ob, mee och de Futsal gouf ugeschwat, méi genau den FC Déifferdeng 03, deen als éischt Lëtzebuerger Equipe eng Ronn an der Champions League weider kennt. Donieft schwätzen d’Jongen aus der Buvette iwwert eng eventuell nei Abseitsregel, déi allerdéngs ob wéineg Begeeschterung trefft. Zwou Gol-Maschinnen a...

#18 Techtelmechtel am Manchester Derby 15.12.2020

De Buvette Podcast seet NEE zu Rassismus!! a kuckt nach eng Kéier op d' Affär vun Paräis. Außerdem ass de Podcast endlech volljäreg ginn....18! An dat hunn déi Stuttgarter och richteg geféiert de Weekend. Ahhh nee, hier 5:1 Victoire géingt desolat Dortmunder war hinnen dunn awer ee méi grousse Grond zum Féieren. Dorops hi, gouf de Lucie Favre gebueden seng siwe Saachen ze packen an doriwwer war oc...

#17 SpongeBob Borussia 08.12.2020

Déi 17t Episod ass zwar kee Jubiläum mee de Gilles, Dylan a Ben hunn sech awer iwwert dee Meilestee gefreet. An dat Ganzt hunn si mat villen Theme ronderëm de Fussball zelebréiert. Wéi zum Beispill Fändelen an der Berliner Bannestad, Dortmund an de SpongeBob an d Finanze vum FC Barcelona. Wéi ëmmer sinn déi dräi awer och an hier Liblingslige kucke gaangen. An beim Stuttgarter Wamangituka sengem Go...

#16 Mir soen Merci Diego! 01.12.2020

De groussen Diego Maradona huet eis leider verlooss... an obwuel d Jongen en ni spille gesinn hunn, hunn se eng kloer Meenung zur argentinescher Legend. Dann sinn déi dräi an d Bundesliga gehopst. Wou ee verzweiwelte Geessebock ni soll ënnerschätzt gi. Dat hunn och d Beien aus Dortmund de Weekend misse feststellen, wéi déi zweetlescht aus Köln hinnen d Punkte geklaut hunn. Mee.... dat war jo och r...

#15 Young Moukoko 24.11.2020

An dëser Episod hunn d Jongen aus der Buvette sech mol méi Zäit gelooss fir d lëtzebuergesch BGL Ligue ënnert d Lupp ze huelen. De Ben a säi Progrès kommen des Saison net sou richteg an d Rullen. Genau sou wéi déi sportlech Trupp aus Hesper, déi momentan och net mat sportlechen Noriichten op sech opmierksam mëscht. Trotz allem, ass de Jongen awer net entgaangen dass ee ganz ganz jonke Mann e Samsc...

#14 Mat wat?...Mam Sack 17.11.2020

D' Lännermatchpaus war alt erëm eng Kéier vu grousser Langweil gepräägt. Ausser eisen rouden Léiwen ass fir den Gilles, Dylan a Ben näischt Intressantes dobäi gewiescht. Leider hu sech dem Luc seng Bouwen Zypern misse geschloen ginn. Mee en Dënschden heescht et rëm Rouden Léif, huel se! An dann gëtt hoffentlech awer alles gutt. An wat hunn den Gerson Rodrigues an den Sergio Ramos gemeinsam??... Dé...

#13 Dem Josh ass de Knéi explodéiert! 10.11.2020

De Weekend war gepräägt vun intensive Fussballsminutten, een Toppmatch huet deen nächste gejot. Dortmund-Bayern, Manchester City-Liverpool oder och Schalken-Mainz a Bremen-Köln. An all Match hat déi erwaarte Spannung och an sech, do huet sech kee luppe gelooss. Schalke verléiert iwwregens fir d 3t hannerteneen net!. Dann hu mir och rëm op eis rout Léiwen gekuckt a sinn zum Entschloss komm dass Met...

#12 Roy Keane mat Sleeve 03.11.2020

Dës Episod ass gepräägt vun de professionelle Ligen well de Ball soss néierens gerullt ass, a Schold do drun ass ausnamsweis mol rëm dee faméise Virus. Mee wien lo mengt den Dylan, Gilles a Ben hätten näischt ze schwätzen ass genau sou naiv wéi een dee mengt den Ibrahimovic oder de Ronaldo géife vum Virus geschwächt ginn. Kommt mol an de Match...! An England war Topmatch. An et goufen mol Zäiten a...

#11 Alles a Quarantän 27.10.2020

D' Technik kann dech am Stach loossen, mee déi Gewëssheet dass de Lewandowski trefft ni. Deen Mann huet et einfach drop...Wéi gewinnt, hunn de Gilles, den Dylan an de Ben ee Schlussstréch ënnert de Fussball-Weekend gezunn. Blo-Wäiss war definitiv keen Tromp, Hertha Berlin a Schalke enttäuschen einfach nëmmen a mir froen eis op wéini déi zwee Veräiner rëm richteg Spaass machen. Zum Gléck ass d' Gek...

#10 Muertentrëppeler 20.10.2020

Nations League, Dammefussball, Coupe de Luxembourg, Bundesliga, Premier League, Serie A, Eredivisie a quasi all eenzelen Nationalspiller. Déi dräi aus der Buvette hunn an dëser Episod quasi näischt ausgelooss. D'Fussballgötter, Zlatan Ibrahimovic, Gerson Rodriguez a Mario Götze hunn de Weekend de Ball an de Filet gejot. An England gi méi Goler geschoss wéi bei The Voice of Germany gebuzzert gëtt....

#9 Nations League - Schampes League 13.10.2020

Déi gutt Noriicht ass, weder den Dylan, nach de Gilles, nach de Ben hunn de Weekend hire Match verluer. Op der anerer Säit stoungen all d' Ligen stall.... Well et war un der Nations League! Eis jonk Léiwen hunn de Match géint Zypern gewonnen a fléien lo op Montenegro. Ee Genoss ass et, deenen nozekucken. Aner grouss Natioune maachen do net sou vill Spaass. Dann huet den Deadline Day eis Fussb...

#8 Waassermeloune-Sonndeg 06.10.2020

4 Mol Lewandowski an déi 8. Buvette Episod. Wéi gewinnt hunn de Gilles, Dylan a Ben op hire Weekend gekuckt. Mee ganz éierlech, do ginn et méi intressant Themen. Wéi zum Beispill eist Liblingsthema, de FC Schalke 0:4. Déi hunn eis et nämlech extrem einfach gemaach dëse Weekend ee Sproch ze bréngen. D'Dortmunder U19 gewënnt och, soudass eise Gilles gutt konnt schlofen a ganz liicht ëmmer nach op d'...

#7 Ciao David 28.09.2020

D'Drama op Gelsenkirchen léisst de Gilles an de Ben op mannst hier perséinlech Matcher vergiessen. An der Haaptroll een däitsch/amerikaneschen Trainer, dee seng Saache schlussendlech konnt packen. Lo geet et Bierg op fir déi Kinneksblo... Den Dylan huet zumindest eng Iddi fir d Zukunft. D'Blécker sinn awer och an England a Spuenien gewandert. Zu Madrid gëtt nämlech lo an Persoun vum Costa a...

#6 Endlech erëm 15h30 22.09.2020

Endlech....Samschdes 15h30, Bundesliga Konferenz. D'Liewe vun deenen dräi Buvette-Experte mécht erëm Sënn. Et war ee richteg haarde Weekend fir all Schalker an awer huet sech de Gilles déi Méiglechkeet net entgoe gelooss fir de Fanger an d’Wonn ze leen. Ausserdeem, en ongeschloent Duo zu Lëtzebuerg, interessant Matcher an England a Covid-Fäll a Portugal hunn de Ben, Gilles an Dylan och nach...

#5 Kaartefestival zu Paräis 15.09.2020

An dëser Episod sinn den Dylan, Gilles an de Ben vun engem Land an dat anert gespronge. Bei PSG-Marseille gouf et méi Kaarte wéi bei enger Party Uno. Do stoungen Onsportlechkeeten fest um Programm. An Däitschland huet sech deen Haaptstad-Club missen aus dem DFB-Pokal verabschiden an ka sech voll op d'Bundesliga konzentréieren.... HA HO HE... Ausserdeem, mécht de Sanel Ibrahimovic sengem Ruff...

#4 Buli Prognosen 20/21 08.09.2020

Déi dräi aus der Buvette, den Dylan, Gilles a Ben knéie sech déif an d'Bundesliga a ginn hier Prognosen of. Fir den Dylan an de Ben steet de souveräne Meeschter fest. Woubäi de Gilles hoffnungsvoll op seng schwaarz/giel Beien hofft. (Stand Ufank September) MEE.... Opgepasst! Den Transfertmaart schléift ni! Wann dir eis lauschtert ass bestëmmt scho rëm vill passéiert.

#3 Stuttgart oder Miami? 01.09.2020

Dee beschte Lénksfouss eiser Zäit steet kuerz virun engem Wiessel, den Holger Badstuber kickt just nach an der zweeter Equipe vu Stuttgart a well beweisen, datt e méi kann. Aaaaah jo.... dann ass do nach ee gewëssene Lionel Messi, deen och net méi a sengem blo-rouden Trikot spille wëll. Am Lëtzebuerger Ländche rullt de Ball lo och endlech an allen Divisioune, soudass de Ben, den Dylan an den Immer...

#2 Felicitatioun FC Souverainistan 25.08.2020

Eng turbulent Champions League Saison geet op en Enn. Mam FC Bayern alias FC Souverainistan als verdéngten Gewënner. Den Niklas Süle an all Bayern Fan feiert hoffentlech nach ëmmer deen Triple! Trotzdeem vergiesse mir déi kleng Equipe och net. An der BGL Ligue rullt de Ball och erëm an och den Kevin Grosskreutz huet et alt nees an des Episode gepackt.

Buvette mat Schoss - Stadien a Fans 18.08.2020

De Buvetten-Trio Dylan, Gilles a Ben schwätzen iwwert Stadien, Präisser a Fans am In- an Ausland. Den Dylan verréit iech op wéi enger Ersatzbänk hie scho geléiert huet. Wärend de Ben an de Gilles vun hiren Ausflich op Sevilla a Mailand erzielen. Anscheinend ginn et tëscht der Buvette am San Siro an där zu Éihnen Parallelen.

#1 "Et ass kee Frëndschaftsmatch" 18.08.2020

An der éischter Episod geet et virun allem ëm d'Champions League, soss gouf et jo näischt de Weekend oder?! Woubäi... Mir mussen iwwert den 8:2 vu Bayern géint Barfuß Betlehem schwätzen, d'Lëtzebuerger Veräiner spille geschwënn hier Quali-Matcher an den Optakt an der BGL Ligue gouf ofgesot - ausnamsweis wéinst dem Corona Virus.

Poslouchej podcast Buvette - De Fussballpodcast v Replaio

Rádio a podcasty v jedné aplikaci - zdarma a bez registrace. Nainstaluj si ji ještě dnes a nepropásni premiéru

Stáhnout z Google Play

Replaio není vydavatelem podcastů; názvy pořadů, obálky a audio patří jejich autorům a šíří se přes veřejné RSS kanály